Am Mäerz 1990 steet zwou Woche laang dee ganze Postverkéier am Land: d'Bréifdréier an hir "Fédération Syndicaliste des Facteurs Luxembourgeois" sinn am Streik.

DE BRÉIFDRÉIER-SONG

(Melodie: "Küss die Hand, schöne Frau" /  Erste Allgemeine Verunsicherung)

 

Postguichet, 14 Frang,

Kriss en aartlecht Bild vum Jang,

Leck den Timber, batter, sauer,

A schonn ass d’ganz Post „on power“.

Dann haalt iech un!

 

Fir de Staat, P. et T.,

Si mir all Dag ënnerwee.

Fréi um 6 scho beim Tri

Fir den Alex Bodery.

Képi op an eraus,

Gaass fir Gaass, Trap fir Trap an Haus fir Haus.

Schwéire Sak, Reklammen déck,

Plattféiss, Broch a kromme Réck.

An da spréngt der och nach all

Baaschtert un de Code postal.  (un den Hënneschte gräifen)

Jee, wat kann 't méi Schéines ginn

Eisereen um Tuer ze sinn?!

 

Refrain:

Hee, bonjour, schéi Madamm!

Looss Der mech haut net eran?

Tirili – tirilo – tirila …

Ah jo gär, flott Madamm,

E Kaffi an och eppes dran –

Prost op d’Post!

Als extra Prime, voilà.

 

 

Wort a Journal, Tageblatt,

Dat gëtt e spezielle Patt,

Well mir schleefe schonn, ah oui,

Hei déi rengsten Deponie.

An dra gewullt!

 

Courrier voll, o Mamm, o Mamm,

Botterfahrte fir d’Madame,

Vino, Pasta, Saluti

Vu Lignano, Rimini,

Chambersbliedchen, „Frau Aktuell“,

Steierbréif, Juncker seet: Dernier rappel!

Mä Pensioun a Kannergeld

Net méi un der Dier geschellt,

Viri hei a Viri do,

Alles Ordre permano,

Just nach beim Recommandé

Gucki look am Négligé …

 

Refrain:

Hee, bonjour, schéi Madamm!

Looss Der mech haut net eran?

Tirili – tirilo – tirila …

Ah jo gär, flott Madamm,

E Kaffi an och eppes dran –

Prost op d’Post!

A steierfräi, ma ja.

 

 

Zwee Kinnekskanner, trei a léif,

O Heemechtsland, am Hierz sou déif,

Frot dir no alle Säiten hin,

Wat mir dach fir fei Kär’le sinn.

Jo, kommt mol mat!

 

P. et T., ziel mol no,

Net genuch Bréifdréier do.

Tournée laang, Tournée grouss,

Bal mam Trabi, bal zu Fouss.

Schappeg Primen, eng Blamage,

Prost op d’Post! Helleg Carrière bass am Aasch.

Eis Gewerkschaft sot emol:

Hänkt de Sak dach un den Nol!

Santer, Bodry an de Staat

Fauscht a Knäip op d’Broscht gesat.

D’Keess gouf drop gewichst, mä mir

Lafe grad wéi soss dohier …

 

Refrain:

Hee, bonjour, schéi Madamm!

Looss Der mech haut net eran?

Tirili – tirilo – tirila …

Ah jo gär, flott Madamm,

E Kaffi an och eppes dran –

Prost op d’Post!

An op de Chef, c’est ça.

 

Hee, bonjour, schéi Madamm!

Looss Der mech haut net eran?

Tirili – tirilo – tirila …

Jee, wat kann 't méi Schéines ginn

Ewéi e Bréifdréier ze sinn?!

Dat ass d’Post,

D’Fonction Publique, hurra!

 

 

1991 - REVUE "Gare la Box"