Am Abrëll 1983 mécht de Casino 2000 zu Mondorf mat Slot-Spillautomaten, MultiGames, Poker, Bingo, Black Jack, Franséischem- an Amerikaneschem Roulett asw. op

FAITES VOS JEUX !

(Melodie: "Cabaret" aus dem Musical "Cabaret" / Liza Minelli)

 

Hopp komm, Grand-Duché, nu géi mat der Zäit!

D’Liewen dréint flott a schnell,

Do wou de gréngen Teppech läit

Am gëll’ne Karussell.

Stécht dir och d’Krisis a Schank an a Muerch,

Da komm hei bei d’Roulette-Spill,

Setz dach däi Gléck, o Lëtzebuerg,

Zu Mondorf am Deux-Mille!

 

Bonsoir, Mesdames!

Bonsoir, Messieurs!

Bonsoir, bonsoir!

Et bien, go on,

Hopp, faites vos jeux!

 

Bal Pair an Impair a bal À cheval,

Am Carré a Manque a Passe,

Eng Douzaine oder Transversale,

Hopp, faites vos jeux, a lass!

 

De Croupier luusst a schmuunzt fir sech derniewent,

Ewell do rullt et nees, säi Spill vum Liewen,

Hei, d’Bull, déi danzt a flitt a kugelt ëmmer

Méi flott, méi zackeg a mat Spaass rondrëmmer.

Se kugelt, flitt a jauft ëmmer méi schnell

Um gréngen Teppech an dem Karussell.

A sief et och nun eemol nach sou spéit,

Se gëtt dann ower nees vu vir ugedréit.

 

Ob 12, 19, ob 20, ob 8,

De Spillriech, dee säckelt dann

- Kuck, wéi e sech an d’Fäischtche laacht -

Fir de Pappa Staat mat an.

 

Bonsoir, Mesdames!

Bonsoir, Messieurs!

Bonsoir, bonsoir!

Et bien, go on,

Hopp, faites vos jeux!

 

Duerfir, Grand-Duché, nu géi mat der Zäit!

Casino a Roulette-Spill,

Do wou de gréngen Teppech läit,

Do wou de gréngen Teppech läit,

Zu Mondorf am Deux-Mille!

 

 

1984 - REVUE "Riäng ne wa plü"