No Foyer-du-Jouren a Chrèchë fonctionnéiert vum Schouljoer 98/99 un an eenzelne Gemengen d'Education Précoce (fir Kanner vun 3-4 Joer).

Dës nei Klasse ginn da spéiderhi fir d'Gemengen obligatoresch, wou ëmmer méi Structure-d'accueilë fir sämtlech Kanner ausserhalb de Schoulzäiten entstinn.

KANNER, O KANNER !

(Melodie: "D'Lidd vum Théiwesbuer")

 

Kënnt iergendzwousch no den néng Méint

Mol nees e Kand op d’Welt,

Da kritt de Papp eng ferm an d’Been

An duerno Kannergeld.

Voilà, seet hien zur Mamm, mir hunn

Lo eise Mätsch gemaach

Et pour le reste do geet et dann

Laut Kollektivvertrag.

 

Refrain:

Kanner, o Kanner, mir si gutt drun,

Well mir de Staat an d’Gemengen hunn.

Déi huelen dech d’ganz Woch beim Schlapp -

Päift dach do all op Mamm a Papp!

Kanner, o Kanner, ob grouss a kleng,

Schwiert op de Staat an op d’Gemeng!

Jo, kuckt no alle Säiten hin,

Wéi mir sou kannerfrëndlech sinn!

 

 

‘t leeft alles hei vu Klengem un

Per Règlement grand-ducal

An d’Kanner, déi hunn duerfir och

Wéi d’Schwäin d’Marque Nationale.

Si gi mat staatlech Subventiounen

Op de Po gesat

A kréie vum Gemengebudget

D’Tut nees propper gemat.

 

Refrain:

Kanner, o Kanner, ob grouss a kleng,

Schwiert op de Staat an op d’Gemeng!

Déi huelen dech d’ganz Woch beim Schlapp -

Päift dach do all op Mamm a Papp!

Vollek, maacht d’Kanner, ‘t ass net fir d’Kaz,

All Kand gëtt och eng nei Aarbechtsplaz,

Jo, kuckt no alle Säiten hin,

Wéi mir sou kannerfrëndlech sinn!

 

 

 

1999 - REVUE "Aner Ëmstänn"