LOOSS DE BEPPO DREEMEN

(2021)

 

(als Kannertheaterstéck 1984 am Stadtheater opgefouert)

 

(als Hörspill 1989 op Audiokassett erauskomm)

 

 

Ah, esou en Zirkus ass eng Welt fir sech. Deen ee jongléiert mat Reefer a Messeren, deen anere fiert mat dem Velo héich uewen iwwert e Seel. Alles spaasst a laacht, jiddereen ass gudder Déng, esouguer d’Elefanten an d’Ponye sinn zefridden, wann d’Leit kommen an an d’Hänn klappen.

„Beppo!“

„Beppo!“

„Beppo!“

Mä haut den Owend ass iergendwéi Onrou am Zirkus TARANTELLA. De Feierfrësser Bruno, d‘Carola, dat den Teller um Bengel ganze léisst an den Herkull, dee schwéier Eisebunnsschinne stemmt, si si säit enger hallwer Stonn am Gaang nom Beppo ze sichen. D’Zelt ass scho strubbelvoll, mä enéierens ass dee Borscht opzedreiwen. Bestëmmt huet e sech iergendzwousch verstoppt, 't wier senger mannster eng. De Beppo ass nämlech e Clown ewéi en am Buch steet an huet nëmme Flautereien an der Kopp.

„Mä loosse mer emol éierlech sinn“, seet de Feierfrësser Bruno. „Wa mer en net hätten, da kënnte mer apaken. En Zirkus brauch ebe säi Clown, well d’Leit rulle sech vu laachen. A keng Angscht, op eemol weist e sech an da kënne mer ufänken.“

Awer dee sëtzt séileroueg hannert deem héije Bam, seng Waliss ze paken an den Direkter steet ganz opgereegt am Zylinder an am Frack dernieft.

„Beppo, 't gëtt Zäit. Se ruffen a se ruffen an du weis dech net.“

„Ech pake meng siwe Saachen, Här Direkter, well ech gi menger Wee. An zwar elo direkt.“

„Du gees denger Wee? An … an … a wou kënns de dann op esou eng Iddi?”.

„Ech hunn d’Flemm all owes de Clown ze spillen, Här Direkter. E Clown ass ëmmer gerëscht a verkleet, wéi wann dat ganzt Joer Fuesend wier. E probéiert Zauberkonschtstécker, déi ni klappen. E leeft de Ponnyen no, wëllt drop sprangen, mä e spréngt ëmmer dernieft. E wëllt sech Kaffistasen op de Kapp stellen, awer déi falen him ëmmer erof.“

„Mä d’Leit laachen ower an d’Kanner geroden ausser sech.“

„Ebe well e Clown e Clown ass an alles verkéiert am Liewe mécht. Neen, et geet mir déck duer. Ech hu mer et laang a breet iwwerluecht, Här Direkter. Ech wëll kee Clown méi sinn, Här Direkter. Ech hunn d’Flemm, Här Direkter.“

„A wou wëlls de dann hin?“

De Beppo hëlt eng grouss Landkaart aus der hënneschter Boxentäsch a faalt se auserneen.

„Maacht Iech dowéinst keng Suergen. Hei, kuckt: d’Welt ass grouss, ech ginn ës bestëmmt schonn eens.“ A mat zwee, dräi Sätz klëmmt en op de Bam erop a verkraucht sech do an den Äscht.

Iwwerdeems sinn de Feierfrësser, d’Carola an den Herkull och dohi komm.

„Hei, do ass de Beppo jo. A wat huet deen dann lo do wëlles?“

„E sicht sech en anert Handwierk“, seet den Direkter.

„En anert d’Handwierk? Ass dat dann iwwerhaapt méiglech, wou en dach esou laang Clown gespilllt huet? An dann och nach uewen op engem Bam!“

„Looss mech gewäerden, Bruno“, äntwert de Beppo. „Déi beschten Iddie kommen engem ëmmer, wann een héich an der Luucht sëtzt.“

Mä do kann elo den Herkull esou vill um Bam rësele wéi wëllt, d’Carola kann him seng Clownsbretellen a säi klengen, karéierte Clownsprabbeli dohinhalen an den Direkter esouguer e ganze Päckelche Geldschäiner – neen, de Clown Beppo fleet op alles. Op säi Prabbeli, op seng Bretellen, op d‘Geld vun der ganzer Welt, esouguer op sech selwer.

„Beppo, net!“

„Mä Beppo, sief dach verstänneg!“

„Beppo, komm, d’Leit am Zelt, déi waarden op dech.“

Mä dee mécht sech näischt doraus. Et soll nëmme keen e méi Beppo ruffen, well vun haut un ass hie kee Beppo méi. E rappt sech säi gréngen Hittchen aus de rouden Hoer, werft deen an de Bam erop an tesselt sech gemittlech tëschent d‘Äscht fir ze schlofen.

„Carola … Schwësterchen … komm, hei si meng Handschellen“, héieren se hien op eemol grommelen. „Maach mer se wannechgelift lass. Ech hunn nach eng grouss Rees viru mer.“ Mä neen, en ass net geckeg ginn. En ass schonn entschlof an am Gaang ze dreemen. A wann e Clown schonn eemol dreemt, da soll een e roueg dreeme loossen …

 

 

 

******

 

 

Tjo, wann een dreemt, da kann ee sech iwwerall erëmdreiwen. Wéi zum Beispill hei op där klenger Kiermesplaz, wou eng Kiermesfra bei hirer Poppebud mat dem Stippi, dem Häerzer-Kinnek, der Kräizer-Damm an dem Schëppe-Bauer sëtzt. De Mann spillt Musek op senger Dréiuergel – mä fir ween? 't ass kee Mënsch wäit a breet. Just de Beppo trëppelt tëscht de Kiermesbude ronderëm.

„Adeline, do kënnt nees een“, seet de Mann a stéisst seng Fra an d’Säit. „A kuck wéi en do kënnt. 't mengt een, et wier e Gauner.“

„Ech hale wuel jo“, wiert de Beppo sech. „Ech hu keng gestiicht. Gesinn ech dann éieren aus ewéi e Spëtzbouf?“

„Neen, mä wéi en Dräibiz“, rifft de Schëppe-Bauer a muss laachen.

De Beppo ass entsat. „Nennt dee mech en Dräibiz! Ech wosst et jo, si maachen alleguerten de Geck mat mer.“

„Firwat géifs de da soss mat den Handschellen doruechter lafen?“, freet den Häerzer-Kinnek.

„Ma ech sinn e Clown. Neen, dat heescht: ech war e Clown. An als Clown bass de éiweg an dengem Zirkus ewéi ugestréckt. All owes war et u mir. E Liewe laang hunn ech näischt aneschters gemat ewéi un de laange Bretellen um héije Seel erëmgekluunschelt a probéiert, fir mat mengem klengen, karéierte Prabbeli erofzefléien.“

„O mei, ech gleewen der, mat der Zäit kann dat engem schonn op d’Schlappe goen“, seet de Mann mat der Dréiuergel, hëlt e Schlëssel aus senger Boxentäsch a späert de Beppo aus den Handschelle lass.

„Merci, Monsieur, villmools Merci“, seet de Beppo. „Jo, an duerfir sinn ech hinne fortgelaf. Mä sot emol, wou sinn ech dann hei iwwerhaapt? Éieren op enger Kiermes?“

„Ganz richteg. Op enger Kiermes“, seet d’Kräizer-Damm. „Nëmme schued, dass kee méi mat eis spille wëllt. So, wier dat dann näischt fir dech, Beppo?“

„Jo komm!“, rifft de Stippi. „Bedenk dech net laang a weis wat s de kanns.“ A scho kommen zwee Fuesboken an doen dem Beppo eng Bommelmutz un.

Marionettespiller?! Soll ech elo villäicht e Marionettespiller hei op der Kiermes ginn?, denkt de Beppo. 't wier emol keng esou eng domm. Ëmmerhi besser e Poppespiller ewéi esou en Zirkusclown. Hei bass de ëmmer en aneren. A wann een ëmmer en aneren ass, mat anerem Gezei a mat aneren Iddien, da kritt een och net esou liicht d’Flemm. En hëlt de Schëppe-Bauer an d’Kräizer-Damm mat hire Ficellen, léisst se iwwert d’Kiermesplaz trëppelen a rifft: „Här Direkter, hutt Der héieren: ech sinn e Poppespiller, een, deen ëmmer Neies erlieft.“

De Kiermesmann hëlt elo en Dëppche Fuerf aus senger Dréiuergel, zappt de Fanger dran a moolt e grousst Schëff op d’Mauer vun dem Haus niewendrun. Wann een dreemt, dann ass eben alles méiglech an et fënnt een et emol guer net esou topeg.

„O hei!“, wonnert sech déi al Bomi, déi mat hirem Reesbengel do steet. „D’Kiermespoppe sinn nees lieweg ginn.“

„Maja“, seet d’Kräizer-Damm, „mir hunn nees e Marionettespiller. A kuck Bomi, op dësem Schëff hei si mir elo grad iwwert dat grousst Mier geschwomme komm. De Stuerm huet staark geblosen, alles huet hin an hier gewackelt a mir, mir hunn eis séier esou déif an d’Schëff verkroch wéi mer nëmme konnten. Brr, ech soen der, et war stackdäischter doënnen.“

„Mä fir ze fäerten hate mer keng Zäit“, erzielt de Stippi weider, „well mer hunn alleguerte gesicht.“

Du gëtt d’Bomi awer virwëtzeg. „Gesicht? An no wat dann? Op esou engem ale Schëff.“

„Am Ufank wousste mer et och net esou richteg, mä herno si mer drop komm. No engem gréngen Hutt.“

„Wat? No engem Hutt? An och nach grad no engem gréngen?“, freet d'Kiermesfra.

„Du wiers och frou, wann s de deen häss, Adeline. Wéi et schéngt, kann dee Wonner wierken.“

Elo spëtzt alles d’Oueren. Dee ka Wonner wierken?

Du hëlt d’Bomi en déckt Buch aus hirem Kuerf, e Buch iwwer Goldgriewer. Déi wullen a gruewen nämlech net nëmmen no Gold, mä se sichen och no deem gréngen Hutt.

„Goldgriewer?“, staunt de Beppo. „Ei, ma dat wier och ménges.“

 Sécher, e Clown ass léiwer ee vun deene raue Kärelen, déi am Rio Bravo tëschent de Fielsen no Gold sichen ewéi e Marionettespiller. Och wann den Häerzer-Kinnek, de Schëppe-Bauer an all déi aner dem Beppo seng Kolleege goufen. A souwéisou war dat heie jo och nëmmen den Ufank vu senger laanger Rees.

„Ah, Beppo, wann s de wëlls, da féieren ech dech dohin“, seet d’Bomi. „Eleng géifs de de Wee nimools bei den Don Ricardo an d’Juanita fannen.“

A wéi se dem Beppo d’Bommelmutz vum Kapp hëlt an him e stëpsegen, verdruddelte Liederhutt opsetzt, denkt de Beppo ganz houfreg bei sech: Ech gi Goldgriewer. E richtege räiche Goldgriewer. Ah, dat hei misst een hinnen am Zirkus erzielen!

 

 

Do, wou d’Gestraiss ëmmer méi struppeg gëtt an d’Waasser vum Rio Bravo ëmmer méi wëll, do missten se gruewen, den Don Ricardo an d’Juanita. Esou steet et emol an der Bomi hirem Buch. Mä op eemol rifft de Beppo:

„Bomi, kuck. En Doudekapp!“

„Hei elei jo. 't ass de Fändel vun deem ale Pirateschëff. Da si mer gläich do.“

„Piraten? Grujeleg …“

„Keng Angscht, Beppo. Dat Schëff läit scho laang hei. Scho säit dem Joer 1644. An de Sancho an de Kasimir mat dem Holzfouss si scho laang dout. 't ass scho méi ewéi 300 Joer hier.“

Hat d’Bomi gemengt. Well déi zwee Pirate sëtze mat der Spektiv an den Hecke ronderëm d’Géigend auszespionéieren.

„Goldgriewer! Bomi, nun hal awer op!“, laacht de Kasimir, dee mat dem Holzfouss. „'t geet dach vill méi einfach, fir u Gold ze kommen, ewéi sech de ganzen Dag ze bécken an am Waasser erëmzewullen, gelu Sancho.“

„ Genau. Et brauch een nëmmen op deem richtege Wee ze waarden, bis se mat hire Säck laascht kommen. Dann huele mer eist Gewier, et knuppt e puermol ---

„--- a vu muer u brauche mer net méi Pirat ze spillen. Da si mer Hären, déi sech mat kéipweis Gold bretze kënnen.“

Wann ee Goldgriewer ass an de ganzen Dag no Gold sicht, huet ee gutt Zäit fir ze iwwerleeën. Esou wéi de Beppo, deen elo mat dem Juanita an dem Don Ricardo beim Rio Bravo sëtzt. Ma jo, fréier war ech emol Clown, denkt en. A wéi ech d’Flemm am Zirkus hat, war ech wärend laange Jore Marionettespiller op der Kiermes. Awer fir Goldgriewer ze ginn, dovun dreemen der vill. Neen, net eleng wéinst dem Gold, mä einfach fir emol en anert Liewen ze liewen ewéi dat gewéinlecht vun all Dag. Tjo, ech sinn op engem wäide Wee, ech hoffen nämlech iergendzwousch dee gréngen Hutt ze fannen, en Hutt, fir ëmmer frou an zefridde mat sech selwer ze sinn.

No an no gëtt et méi däischter an den Don Ricardo rifft: „Sou, 't ass Feierowend, dir Goldgriewer vum Rio Bravo“.

„Wéi?“, freet de Beppo. „Pake mer schonn zesummen? Elo war ech esou gutt am Gaang.“

„'t geet duer fir haut. Siwenzeng Kilo Gold hu mer an eise Säck.“

„Siwenzeng Kilo?“

„Du hues deng Saach gutt gemat, Beppo“, seet d’Juanita. „A wann ech eemol d’Carola an de Feierfrësser Bruno aus dengem Zirkus TARANTELLA begéinen, dann erzielen ech hinnen, wéi houfreg mir op dech ze sinn“.

„O jo“, laacht de Beppo, „maach dat. Da baschten déi vun Näid.“

Den Don Ricardo hänkt sech déi zwee Säck iwwert d’Schëller fir heem an d’Juanita geet mat der Lanter vir, well de Wee aus der Bomi hirem Buch ass zimlech knubbeleg.

Et dauert net laang, du kommen se bei dem Pirateschëff laanscht. De Sancho trotert eemol mat enger Troter, de Kasimir gëtt e Schoss aus senger Flënt of a scho stierzen se sech ewéi déi Wëll op déi dräi Goldgriewer. Déi wiere sech zwar mat Hänn a mat Féiss, mä d‘Pirate si méi staark a rappen dem Don Ricardo de Sak mat de siwenzeng Kilo vun der Schëller a verschwannen dermat op hirem ale Schëff.

O jee, dat war esou eng Kläpperei, dass de Clown Beppo bal aus sengem Dram erwächt ass. E mécht just een Aan hallef op, mä e schléift direkt nees weider, well um Buedem huet en eppes entdeckt.

Foussspueren! An zwar ganz komescher.

„Deen ee vun de Piraten huet bestëmmt gehippt, Don Ricardo. Kuck, mat dem rietse Been mécht e méi kleng Schrëtt ewéi mat deem lénksen. Villäicht huet en en Holzfouss … wee weess.“

„Beppo“, wonnert d’Juanita sech, „du bass jo e richtege Sherlock Holmes. Se géifen déck Bicher mat Kriminalgeschichten iwwert dech schreiwen.“

Dee Moment kënnt d’Zigeinerin Rebekka aus hirem Zelt a liest dem Beppo aus der Hand. Se liest ville Leit aus der Hand, Guddes a Schlechtes, mä nach ni huet si ee fonnt, deen esou gutt Detektiv spille kann ewéi hien.

 

 

E richtegen, liewegen Detektiv ze sinn, denkt de Beppo bei sech, dat kribbelt der vu mueres bis owes an de Fangeren, a schonn huet d’Zigeinerin Rebekka him eng richteg Detektivekap ugedoen. Ho, wa se dat am Zirkus wéissten!

„Komm mat“, seet se, „du kriss direkt däin éischte Fall. Ech ginn nämlech erpresst, a nach vill anerer mat mir. Wéi zum Beispill d’Bomi, d’Kiermesfra oder de Stippi aus hirem Kaartespill.“

„Dir gitt erpresst?

„Jo. All Dag telefonéiert en eis an all Dag kréie mer e Bréif vun him, e géif eis déi al Guckucksauer mat dem gëllene Villche klauen, wa mir him net e ganz besonneschen Hutt ginn. Kee rouden, kee bloen, kee schwaarzen, mä e gréngen.“

Dee gréngen Hutt! De Beppo weess, dass der vill no deem gréngen Hutt sichen. Grad ewéi hien och. An duerfir schreift dee Bréiwer an telefonéiert doruechter. Mä wee kann et sinn? Dat ass schwéier soen, wann e säin Numm net soe wëll. Mä grad dat soll den Detektiv Beppo eraus-fannen.

A genau, wéi d’Guckgucksauer Véierel op fënnef schléit, rabbelt den Telefon.

„Voilà. Dat ass en nees“, fiert d’Zigeinerin an d’Luucht. „Esou wéi all Dag um Véierel op fënnef.“

„Ech si gespaant, Rebekka. Iwwerhaaapt, en Detektiv ass ëmmer gespaant an duerfir kritt en och net esou liicht d’Flemm am Liewen.“

De Beppo hieft den Telefon op a lauschtert.

„An, wat seet en?“, freet d’Rebekka ongedëlleg.

„O, net vill. Ech verstinn ëmmer nëmmen eppes vum gréngen Hutt. Bis muer um zwou Auer hätt en dee gären – wann net, da kéim e sech d‘Guckgucksauer stibitzen.“

D’Zigeinerin Rebekka ass entsat. Si kann him dach kee gréngen Hutt zauberen oder aus engem Steen erausschloen.

„Mä keng Angscht“, seet de Beppo an hänkt den Telefon nees an. „Et dauert net méi laang, dann hunn ech mer dee Borscht gepléckt. Hannendrun huet nämlech ee Musek op enger Mondharmonika gespillt. Domat huet e sech selwer verroden.“

„Mat enger aarmséileger Mondharmonika?“ D’Rebekka ass paff.

„A jo, jiddweree verréit sech eben ëmmer op iergenteng Manéier. Den Detektiv brauch nëmmen ze waarden.“

Elo hëlt en eng Lupp a bekuckt sech emol den Timber méi genau.

„An dann, kuck, all Bréif gouf owes ëm siwen Auer ofgestempelt. Duerfir setzen ech mech elo bei d’Bréifkëscht an ech waarden. Wann en éieren nees e Bréif fortzeschécken huet, da kënnt e gläich laascht, a pass op, da geet e mer an d’Fal.“

„Beppo, ech ka mech nëmmen iwwert dech wonneren.“

An deen ass wierklech stolz op sech. En Detektiv ass ebe kee Clown, deen Owend fir Owend uewen um Seel seng Konschtstécker zum Beschte gëtt. En Detektiv muss mat dem Käppche schaffen, e muss iwwerleeën. An dat kann en. Hie wéilt, d’Carola aus dem Zirkus, dat weider näischt fäerdeg bréngt, wéi all owes den Teller um Bengel erëmdanzen ze loossen, hatt kéim hei laanscht. Et géif de Beppo bestëmmt net méi auslaachen.

Bei der Bréifkëscht brauch en net laang ze waarden, du kënnt en Dreckskiwwelsmännche mat senger Schuppkar laanscht, fir d’Poubellen eidel ze maachen a werft anengems e puer Bréiwer an d’Bréifkëscht.

„Ah, hunn ech dech elo, du Gauner?!“, rifft de Beppo a spréngt him un d’Guergel. „All Dag Bréiwer doruechter ze verschécken, fir de Leit hiere Guckguck aus der Auer ze klauen?“

„Pardon, Meeschter“, wiert deen aarme Mann sech, „ech sinn en éierlechen Drecks-kiwwelsmännchen. Deen alen Nuckes huet mer se matginn. Ech kéim jo souwéisou bei der Bréifkëscht hei laascht.”

“Den alen Nuckes?”

“E gëtt mer bal all Kéier Bréiwer mat, wann ech mech mat menger Schuppkar op de Wee maachen, well e kennt vill Leit aus der ganzer Welt. Kee Wonner och, als Chef-de-Gare aus dem wëllen Texas.“

Et ass also een aus der Prairie. An de Mann vun den Dreckskiwwele féiert de Beppo bei d‘Cowboyen an d’Indianer. Ganz hannen, bei dat aalt Eisebunnshais-chen, wou den Nuckes am Gaang ass mat sech selwer Kaart ze spillen.

 „Wéi, du verleefs dech hei mir, Beppo, wou scho säit Jor an Dag keen Zuch méi laascht kënnt?“, seet den Nuckes, ouni sech beim Kaartespill stéieren ze loossen. „Fréier, ho, du war d’Liewe méi intressant. Aus der ganzer Welt koumen der hei un, vu riets a vu lénks. Mä haut ass net méi vill lass bei eis.“

An hei, du spillt op eemol een op enger Mondharmonika.

Eng Mondharmonika? Esouguer déi selwecht Melodie ewéi elo éinscht um Telefon. Elo hu mer en, denkt de Beppo bei sech.

„Da komm hannert de Wäifläschen eraus, Cowboy Metti, vun haut u braucht der net méi doruechter ze telefonéieren, wann de Guckguck Véierel op fënnef schléit.“

Do staunen déi zwee awer, den Nuckes a säi Kolleeg, de Metti mat der Mondharmonika. Dee weess jo alles, deen do!

„Mä … mä … et gouf dach iwwerall op der Welt erzielt, du wiers nëmmen e gewéinleche Clown, awer du bass jo e richtegen Detektiv. Dat trëfft sech gutt, well en Detektiv ass och schlau genuch, fir bei eis Chef-Ingenieur ze spillen.“

„Chef-Ingenieur?“ De Beppo versteet net.

„Jo. Esou ee siche mir mer scho laang,“ erkläert den Nuckes, „well mer wëllen eng nei Eisebunn duerch den Texas leeën, dass mer nees den Zich kënne mat eisem Fändel wénken an hinnen d’Weichen stellen.“

A wärenddeem en dem Beppo am Plaz seng Detektivekapp an houffrege Cowboyshutt mat engem blénkege Sheriffstär op de Kapp setzt, huet de Metti sech scho bei e ganze Koup Schinnen a Wagonen vun engem Spillzuch gesat a baut eng nei Eisebunnsstreck op.

„Komm, mer ginn eis gläich un d’Aarbecht“, seet den Nuckes. „Eis Lokomotiv mat hire Schinne waart scho laang op dech, Beppo.“

 

 

Dee steet do wéi aus alle Wolleke gefall. Zirkusclown … Poppespiller … Goldgriewer … Detektiv … an haut op eemol Chef-Ingenieur, fir en neien Zuch duerch den Texas fueren ze loossen. Mä hoffentlech kréie mer kee Kaméidi mat de Mohikano-Indianer, denkt de Beppo. 't ass e Stamm vun 180 Mann. Déi sprangen eis bestëmmt un d’Guergel, wa mer eis Eisebunn duerch hiert Land leeën. Se huelen hiert Messer an da gi mer skalpéiert. An en hat et nach net richteg geduecht, kënnt och schonn en Indianer duerch d’Gestraiss geschlach a schéisst dem Beppo mat sengem Bou e Feil riicht duerch seng Landkaart.

„Se nenne mech Haki-Tschukla“, seet en, „Häuptling vun de Mohikano-Indianer.“

„An ech sinn de Beppo. Ech sinn op enger laanger Rees, ech sichen nämlech de gréngen Hutt, fir e Liewe laang frou a glécklech ze sinn. Mä haut baue mer fir d’éischt eng nei Eisebunn, riicht laanscht de Rio Pecos bis op Santa Fé.“

Elo gesäit den Haki-Tschukla eréischt d’Schinnen an d’Wagonen, e päift eemol duerch d’Fangeren, an hei, vun alle Säite kommen 180 Indianer erbäigeridden, rout a giel gemoolt a mat fuerwege Fiederen um Kapp. Éier den Nuckes an de Metti sech wiere kënnen, hu se de Beppo un de Marterpoul gefesselt an e puer schéin Indianermeedercher danze mat Fakelen ronderëm hien.

„Hee, Haki-Tschukla, bass de weis? De Beppo ass eise Chef-Ingenieur an ouni hie komme mer ni bis op Santé Fé.

 „Nu sief emol ganz éierlech“, stellt den Häuptling sech mat breede Schëllere virun den Nuckes. „Esou wäit wéi deng Ae kucke kënnen, alles ronderëm gehéiert de Mohikano-Indianer. Mä fro d’Apatschen, d’Sioux an d’Mescaleros: déi wäiss Männer si Verbriecher. Si fänken eis Mustangen mat dem Lasso, si erstiechen eis Büffelen an dann huelen se eis och nach ëmmer méi Land ewech an drécken déi rout Männer mat hire Fraen a Kanner an d’Fielsen eran, awer nach kee vun de Bleechgesiichter wollt jeemools d’Friddenspäif mat den Indianer fëmmen.“

Ja, ja, ween dreemt net scho vun der Friddenspäif... Zwee Stéck, déi se zesumme fëmmen, hunn ni méi Sträit mateneen. An hei, aus engem vun dem Metti senge Wagoen klëmmt op eemol eng räich Madamm eraus, d’Lady Perrytown, an hält se mat hire wäissen Händschen an d‘Luucht.

„Lady Perrytown!“

„Lady Perrytown!“

„Hei ass se, grousse Mohikano-Häuptling, du hues jo derno gefrot,“ seet déi fei Madamm. „Kommt, stréck de Beppo nees vum Marterpoul lass.“

D’Friddenspäif! D’Indianer fänken e grousst Indianergejodels un a gläichdrop sëtzen se alleguerten um Buedem a fëmmen se zesummen. Scho méi ewéi 200 Joer hunn déi rout Männer op dësen Dag gewaart, vun haut u gëtt d’Krichsbeil mat de wäisse Bridder begruewen.

De Beppo ass ganz duercherneen, an nach vill méi, wéi eent vun deene schéinen Indianer-meedercher him de Sheriff-Hutt vum Kapp hëlt an him en Zylinder opsetzt.

„Ech hu scho vill vun der héieren, Beppo“, laacht d’Lady Perrytown. „Bis elo waars de Chef-Ingenieur, mä vun haut u bass de eppes Besseres. Vun haut u bass de den Här op mengem Schlass Cattleburgh.“

 

 

En Zirkusclown gëtt Schlasshär! Dat hätt e sech nimools afale gelooss. Emol net am Dram. An och nach just um Schlass Cattleburgh, dat am Joer 1799 vun engem spuenesche Grof opgeriicht gouf. Gläich drop kënnt de Butler Scotty aus deenen ale Maueren an zerwéiert dee beschte Wäin aus hirem Wäikeller. Als Clown wor de Beppo net gewinnt ewéi en Här ze liewen, mä esoubal en ower e Liewe laang Här um Schlass Cattelburgh spille soll, mäi Gott, da mécht dat op eemol Spaass.

 „'t ass just een Hoken derbei“, seet d’Lady Perrytown. „Scho vill souzen der hei am schwaarzen Zylinder deiere Wäin ze drénken an op eemol sinn se mer fortgelaf.“

„Neen! Wéisou?“

„Ma d’Schlass ass verhext.“

„Verhext?“ De Beppo erschreckt. An du héiert en op eemol eng Gei. Vu ganz wäit ewech.

„Lauschter nëmmen. Scho säit 1815 hänkt se am alen Tuerm, iwwert enger chineesescher Vas, a bei Vollmound fänkt se vu sech aus u mat spillen.“

Eng Gei, déi vu sech eleng spillt ... Verréckt!

„Lady Perrytown, ech komme wuel nëmmen aus engem klengen Zirkus, mä als Goldgriewer gouf ech nuets vun de Piraten iwwerfall a gläich drop vun de Mohikano-Indianer wéinst deem neien Texas-Zuch un de Marterpoul gefesselt. Neen, neen, mech kritt näischt méi vu mengem Schlass verdriwwen. Och wann et nuets hei geeschtert. Et geet mir ëm de gréngen Hutt.“

Ah, et kann een de Beppo wierklech nëmme bewonneren, fir op engem Schlass ze liewen, dat verhext ass. An tatsächlech, ëm Mëtternuecht wackelt op eemol dat grousst Bild mam Clown un der Mauer hin an hier, da juppelt den Dësch op senge véier Been a spadséiert vun eleng doruechter an, haalt iech un, et gëtt nach ëmmer besser: hannert der Fënster am Tuerm huscht ee Schiet nom anere laanscht a se doen alleguerte schauereg Kreesch an der däischterer Nuecht.

„Gëss de mer wuel de gréngen Hutt heihin ... de gréngen Hutt heihin ... dee gréngen Hutt heihin!“                                  

„Nee, Beppo, esou grujeleg ewéi dës Nuecht wor et ower nach ni“, kënnt de Butler Scotty  mat enger Käerz, an hie muss et jo wëssen, hie wunnt schonn e Liewe laang hei op dem Schlass Cattleburgh.                     

A lauschter! Do kréckelt eppes an der Mauer. Iergendeppes bannendran.

„Op d’Säit, Lady Perrytown, op d’Säit! D’Mauer gëtt nees lieweg, dës Kéier fält se ëm“, kann de Butler nach just ruffen, well do kommen och schonn d’Steng getrollt. An aus deem ganze Koup klotert e Gespenst mat enger Gei an zwee aner Geeschter kommen ënnert deem geheimnisvollen Dësch erausgekroch.

De Beppo ower faxt net laang, e spréngt op se duer a rappt hinnen déi wäiss Dicher vum Kapp.

 „Mä … dat ass jo bal net ze gleewen!“, rifft en. „D‘Juanita vun de Goldgriewer, d’Zigeinerin Rebekka an den Nuckes! A wat dreift dir iech dann hei als Geeschter erëm?“

„Du kenns se?“

„'t si meng Frënn, Lady Perrytown, d’Frënn vu menger laanger Rees. Mä de gréngen Hutt, Komeroden, deen hunn ech nach ëmmer net fonnt.“

„Grad duerfir si mer jo haut bei dech komm, Beppo“, seet d’Juanita. „Deng Rees ass nämlech nach ëmmer net um Enn.“

An den Nuckes fiert ganz feierlech virun: „Et bleift nämlech nach e ganz klengt Stéckelchen … Här Grof! … Neen, wat soen ech? Här Barong!“

„Och net Barong“, seet d’Rebekka, „mä … Här Kinnek!“

Alleguerte verneigen se sech déif: „Här Kinnek!“ an nach méi déif: „Här Kinnek, seng Exzellenz Beppo I.“

Op engem Schachbriet bréngt de Butler Scotty elo eng Kinnekskroun a setzt dem Beppo déi am Plaz vum Zylinder op de Kapp.

„D’Welt ass grouss“, seet en. „Si huet bal keen Enn, an et huet net jiddwereen esou vill erlieft ewéi de Clown Beppo. Du bass de richtege Kinnek, dee mer scho laang hei am Land brauchen.“ 

 

 

Kinnek! Sinn ech elo op eemol och nach Kinnek?, denkt de Beppo. Ech wéilt, den Direkter aus dem Zirkus TARANTELLA géif mech hei gesinn. E kéim sech ës bestëmmt net zou.

Mä déi kleng Prinzessin stéiert en a senge Gedanken.

„Komm, Pappi, 't ass un dir. Du spills dach esou gäre Schach, well Schach d’Spill vun de Kinneken ass. Mä elo sëtz de scho wéi laang hei, wéi wann s de géifs un engem Stéck dreemen.“

„Eben“, mengt och de Leopold, deen vu mueres bis owes am Gaang ass dem Kinnek seng Goldstécker ze zielen. „An der leschter Zäit huet en en anert Gesiicht, well nach kee Mënsch huet e laache gesinn. Dobei ass et dee räichste Kinnek wäit a breet mat sengen 56.392 Golddaleren an 87.441 Edelsteng.“

Wierklech, et ass en décke Koup. Et muss ee scho bal e Sonnebrëll undoen, dass een net verblennt ass.

„Komm, Pappi“, setzt d’Prinzessin sech bei en op de Schouss, „komm, Pappi, kuck net esou trauereg dran a laach emol nees.“

„Laachen? Ech kann net méi, mäi Kand. Ech hunn d’Laachen iergendzwousch verluer.“

„Droleg! Wéi kann een dann esou eppes Flottes ewéi d’Laache verléieren?“

Mä wou soll een dann do och net! Als Kinnek sëtz de e ganzen Dag bei dengem Schachspill, du hues eng Lady Perrytown, déi der owes d’Käerzen ufänkt an e Leopold, deen der deng Goldstécker zielt – kee Wonner, dass e Kinnek sech langweilt, well en näischt aneschters ze maachen huet ewéi nëmme Kinnek ze spillen. An da kann engem d’Laache schonn emol vergoen.“

 „Entschëllegt, Exzellenz“, streckt de Minister Arthur de Kapp eran, „ech hunn héieren, Dir géift no dem gréngen Hutt sichen? Ech wéisst e Rot.“

„Do wier ech ower gespaant.”

„Seng Exzellenz brauch e Clown.“

De Beppo ass perplex. „E Clown? Een aus dem Zirkus? Nu haalt op, Minister Arthur.“

„Dach, Pappi, dat wier et! E richtege Clown. All Kinnek huet een op sengem Schlass.“

„Ob Der et gleeft oder net, Exzellenz, ech hunn emol esou ee gesinn, wéi en am Zirkus héich uewen op dem Seel stong ---“

De Beppo lauschtert emol. Jo, un esou ee kann hie sech iergendwéi erënneren.

„--- e klenge Prabbeli war säi Fallschierm, wann en éieren eroffale sollt ---“

„Ho, Minister Arthur… Dir sidd e Witzbold.“. A kuckt, de Beppo muss scho grinsen.

„ --- e spaant en op, houfreg steet do uewen, mä op eemol facht en no enger Méck, tierkelt hin an hier ---“

„Neen, hal op! Du dees mech laachen.”

„--- e rëtscht aus, schléit an der Loft de Kopplabunz ---“

De Beppo weess net wéi et méiglech ass, mä e laacht a laacht ëmmer méi.

„--- awer ee Gléck hat e sech mat senge Bretellen am Seel verfaangen an huet esou laang an der Luucht erëmgekluunschelt, bis den Zirkusdirekter e mat enger Leeder erofgeholl huet.“

„Pappi, Pappi“, klappt déi kleng Prinzessin an d’Hänn, „du laachs jo nees. Immens!“

Wierklech, de Beppo huet säi Laachen nees erëmfonnt. E stécht dem Minister e Grapp Goldstécker an d’Täsch a seet zu him: „Hopp, géi mer esou eppes kafen, Arthur.“

„Wat, Exzellenz?“

„Mä esou e Clown. Ech brauch en. An nach haut.“

E Clown! 't ass dach gelungen: dee räichste Kinnek brauch op eemol e klengen Zirkusclown, fir nees frou ze sinn a vun Häerze laachen ze kënnen.

„Mä nu waart emol,“ seet de Leopold, „do kennen ech dach esou een. Deen ass och ëmmer mat senge laange Bretellen am Seel hänke bliwwen, dass d’Leit sech am Zirkus gerullt hu vu Laachen.“

Elo kommen d’Adeline vun der Kiermes, d’Kräizer-Damm aus dem Kaartespill, d’Bomi, d’Juanita, de Sancho an de Metti vum Garenhais-chen erbäigelaf a ruffen esou haart: „Beppo! Beppo! Beppo!“, dass kee Mënsch méi op der Welt schlofe kann.

 

 

******

 

 

A ganz lues erwächt eise Clown Beppo uewen an dem Bam, e reift sech emol d’Aen, kuckt verwonnert rondëm sech ---

Mä – do huet dach ee mech geruff?!

,Beppo, Beppo!‘, ech hunn et däitlech héieren.

So, ech hunn dach net gedreemt oder ---

Mä dach, ech hu gedreemt. An nëmme gedreemt.

Jo, elo erënneren ech mech nees, ech si wäit an der Welt ronderëm gelaf: ech war Goldgriewer ... Detektiv ... Chef-Ingenieur bei de Cowboyen ... Här op engem Geeschterschlass ... esouguer Kinnek mat Dausenden an Dausende Goldstécker an Diamanten.

Iwwerdeems kënnt den Zirkusdirekter vun hanne getrëppelt a rëselt mat sengem Reesbengel den Hittchen aus den Äscht erof, deen de Beppo elo éinscht eropgepucht hat.

„Mä … a wat … a wat heescht dann do?”

De Beppo hëlt den Hutt an d’Hand a bekuckt e vun alle Säiten.

„De gréngen Hutt … Mäi gréngen Hutt! Jo, hei ass en. Do soll een ower soen: enéierens hunn ech e fonnt, an elo fält e mer vu selwer an d’Gräpp. Juch-huu, ech sinn nees deen ale Clown, de Clown Beppo am gréngen Hutt! Ei, wéi flott!“

Vun iwwerall ronderëm kommen elo d‘Artisten aus dem Zirkus erbäigelaf, d’Carola, de Bruno, den Herkull an all déi aner.

„Beppo!“

„Hei, en ass erwächt.“

„An e laacht nees.“

„Jo, e laacht!“

„En huet seng Flemm verschlof.“

De Beppo deet säin Hutt op a klëmmt frou an zefridde vum Bam erof.

„Här Direkter“, seet en, „dreemen ass flott, et erlieft ee villes an et gëtt een ëmmer méi eppes Dichteges am Liewen. Am Ufank kënns de nach an enger hondsgewéinlecher Bommelmutz, da scho mat enger Detektivekap, duerno an engem schwaarzen Zylinder an zu gudder Schluss mat enger Kinnekskroun. Mä och dee steeräichste Kinnek, Här Direkter, geet sech heiansdo en hondsgewéinleche Clown kafen, fir nees eemol laachen ze kënnen an dobei frou an zefridden ze sinn.“

„Gesäis de Beppo, ech duecht mer et jo“, laacht den Direkter. „A wéi sot ech: Wann e Clown schonn eemol dreemt, da soll een en och dreeme loossen.“

„Genau. An elo séier an d’Zelt. Well den Orchester spillt scho säi meescht a säi Bescht, d’Leit ginn ongedëlleg an ech, ech wëll op mäi Seel erop. En Zirkus brauch schliisslech säi Clown, well soss, soss kann en apaken.“