DEM NÉCKEL SÄI STRÉCKEL

 

E Schongstréckel läit entweder am Schaf, nach mat dem Präisschëld drun, oder en ass schonn iergendzwousch un engem Schong. Läit e gemittlech am Schaf, dann ass et gutt - ass en ower un engem Schong, da ginn et zwou Méiglechkeeten: entweeder en ass fest gestréckt oder e wéineg méi labber. Ass e fest, dann ass et gutt - hänkt en ower nëmme labber do, ginn et nees zwou Méiglechkeeten: entweeder en hält oder en hält net. Hält en, dann ass et gutt - geet e lass, da ginn et alt erëm zwou Méiglechkeeten: entweeder du setz dech op d’Huppen, fir en nees ze strécken oder du trëppels drop a gees op d’Sabbel.

    An et ass grad dat, wat den Néckel bei sech geduecht huet, wéi en iergendeng Kéier mëttwoches aus dem Zeitungsbuttek heemkoum, well gees de ower op d’Sabbel, duecht en, da ginn et zwou Méiglechkeeten: entweeder du trëlls an e knaschtege Waasserpull oder an en décken, frëschen Hondsdreck. An duerfir huet den Néckel sech léiwer gehuppt a säi Schong-stréckel gestréckt.

 

„Hei, a wat mécht den décken Néckel dann dobaussen op den Huppen?“, koum de Flammangs Jerry bei seng Fra an d’Kichen.

    „Looss mech mol kucken! Ma dee sicht bestëmmt eppes. Dat gesäis de dach.“

    „A wat soll deen da scho vill do sichen?“

    „Mä dat wat e verluer huet, wat eng!“, huet d’Elise geäntwert. „Säi Schlëssel vum Haus, säi Knätsch oder villäicht 10 Cent.“

    „Nu géi! Dann ower ganz sécher méi ewéi dat. Fir hongreg 10 Cent béckt ee sech dach net. An zemol net den décken Néckel mat sengem décke Néckelsbauch. Da géife jo d’Bretelle vu senger Box futti fueren.“

 

Daags drop hate mer Donneschdeg. A vun elo u wor den Néckel mam Stréckel am Gespréich. Topthema Nummer 1. Beim Bancomat, an der Epicerie an iwwerall do, wou zwee Leit mat hiren Hënn zesumme stongen, bis déi sech genuch beschnoffelt haten - also net d’Leit, mä d’Hënn.

    „Ma jo, d’Flammangs Elise huet mer erzielt, dass den Néckel Sue verluer huet. A ganz sécher méi ewéi 10 Cent, sot et. De Jerry wéisst et ganz genau. An de Jerry weess ëmmer alles ganz genau.“

    „Wat? Den Néckel huet Sue verluer? A wou kann een da scho Sue verléieren? Waart emol … bestëmmt am Casino. Well wee Rubbelbilljeeë rubbelt a Lotto spillt, dee geet och an de Casino, fir Roulette ze spillen.“

    „Eben. Dat duecht ech mer och. Do setz de fënnef Dausender op rout, d’Kugel dréint, a wann et da schwaarz gëtt, da sinn se fort. An esou geet dat weider. Rout a schwaarz, grued an ongrued. Ëmmer gëtt et just dat anert. An ëmmer si fënnef Dausender fort, an du bass deen Domme bei der Saach. Aarmen Néckel!“

 

Freides an der Pâtisserie bei dräi Mouerekäpp. Hutt der schonn héieren: den Néckel huet am Casino seng ganz Pei verspillt. An als Direkter ass dat zimlech eng déck. Bestëmmt 20.000 Euro. Alles, ratsch an engem Owend. A vill halen der dann nach net op. Déi Roulette, déi muss rullen, bis kee Su méi do ass. Géint hallwer zwou nuets verspillen se och nach hire Ferrari virun der Dier an zu gudder Schluss hir Krawatt an hire Paltong, hiert Hiem an hir Box. Dach, den Taxi féiert se heem, an da stinn se am Kalzong an an de Strëmp do. An d’Virginie, déi al Joffer vun 78 Joer, kritt bal den Hick vu Laachen. Neen, den décken Néckel hallef plakeg um Trottoir! Dat hätt ee misse photographéieren. Ah, firwat hunn ech dann och ni mäi Photoapparat bei Hand?!

 

Tja, wa Leitt zesumme stinn, da stinn se zesummen, fir mateneen iwwert d’Wieder ze schwätzen. Mä no dem Wieder réckelen se méi no beieneen, kucken nach eemol rondëm sech, ob keen nolauschtert, an esoubal se da méi lues schwätzen, ei, dann ass et esou wäit. Dann huelen se een nom anere beim Wéckel, den Néckel mam Stréckel an all aneren décken Néckel. Da mengt jiddwereen, e wéisst eppes méi. An sou gëtt et ëmmer eppes méi Opreegendes an nach ëmmer eppes méi Grujleches - an dat ass dach komesch, well am Ufank jo just nëmmen e Schong-stréckel lass wor.

 

Samschdesmueres. 10.23 Auer beim Coiffeur: Hues d’ et scho matkritt? Den Néckel huet kee Geld méi, keen Haus méi, keen näischt méi.

    Samschdesmueres. 11.07 Auer op der Gare: An elo schléift en nuets op enger Bänk am Park an daagsiwwer läit en an engem zerfatzte Mantel iergendzwousch um Trottoir.

    Samschdesmueres. 11.28 Auer virun der Kierch: So, weess de schonn dat Allerneitst? Den Néckel ass bei de Clocharden. D’Hoer zerzauselt, de Baart net gemat, a viru sech eng Kap, dass d’Leit him alt en Euro oder en hallwen dra geheien.

    11.47 Auer beim Bäcker: Héier, ech hunn den Néckel scho laang net méi gesinn. Soll deen net dout sinn? Einfach erhéngert …

    12.19 Auer iergendzwousch vun engem Handy op deen aneren Handy: Dach. Ganz bestëmmt. Si soen et alleguerten. En ass dout. Mausdout.

 

A sonndesmëttes wor du grousse Mätsch. Et wor d’Finale vum Championnat, an eis Équipe hat déi gréisste Chancen. Kee Wonner och, déi aner wore sabbleg, rabbleg Gesellen. Wann s de déi eemol an d’Schinnbeen geréits, da flatteren se honnert Meter duerch d’Luucht. Mä wéi den Néckel mam Stréckel och op den Terrain kucke koum - flott a chic gekleet a lieweg vun uewe bis ënnen - du hunn d’Leit op eemol gemengt, si wiere schassmätsch an der Bier, de Golkipper ass vu Schreck mam Ball heem gelaf an den Arbitter huet d’Päif verschléckt.

En ass nach haut am Gaang mat houschten.

 

 

(2001)