DEN ZUELEN-HEXEMEESCHTER

 

 

D’Frutzi an den Tom, si hu vill Kolleegen a Frënn. Vun all Zort. D’Sarah zum Beispill huet de Fahrplang vun all den Zich am Kapp, déi laascht d’Schoul fueren, wellechen Zuch et ass, wéini e kënnt, wouhier e kënnt a wouhinner e fiert … Oder de Samuel, zu him duerfs de nimools soen: ,Dat trauts du dech net.‘ Soss ass et direkt geschitt. Egal wat. Dee Speziellsten ass awer den Dany. Hien ass verréckt op d’Zuelen. Schonn an der Spillschoul huet en an all Strooss d’Haus-nummeren der Rei no zesummegerechent. Déi eng Säit 27+29+31+33 asw. fir erop, déi aner Säit 34+32+30+28 asw. fir erof. Haut ass en am 5. Schouljoer, am Cycle 4.1., a mécht méi komplizéiert Rechnungen. Nëmme fir ze soen: am léifste schreift e sech op engem Parking d’Autosnummeren op, fir domat déi geckegst Spillereien ze maachen.

Hannert hirem Haus ass eng grouss Heck. A matten an där Heck steet en décke Bam, wou den Dany sech uewen an den Äscht e richtegt Bamhaus gebaut huet. Do sëtzt en dann ëmmer mat sengen Zifferen an Zuelen ze iwwerleeën, op all Manéier hin an hier ze rechnen a ronderëm ze jongléieren. Heiansdo hëlt en och e puer vu senge Kolleege mat an d’Bamhaus. Virun allem, wann déi Rechnungen als Hausaufgab hunn. Mä ech mengen, si spillen a jongléiere méi mat den Zuelen ewéi dass se Hausaufgabe maachen.

Seet zum Beispill een 29 – dann äntwert hien direkt: Dat ass 2x2 + 3x3 + 4x4

Mä komm, 29, dat war ze vill eng einfach Zuel. D’Frutzi hëlt Zéng-Euro aus der Täsch a liest d‘Nummer vum Schäin, déi uewen drop steet: 984.444. Dat ass schonn e wéineg méi quokeleg.

Ha, fir mech ass näischt quokeleg! Do kann ech eppes mat allen Ziffere maachen, déi et gëtt. Vun 0 bis bei 9. En hëlt säi Block a schreift d’Ziffere schéin der Rei no eng hannert déi aner: 9876543210 an dann iergendzwousch dertëscht nach e Minuszeechen: 987.654 minus 3.210, voilà, Frutzi, an dat gëtt eben deng 984.444.

Si si platt. Si kënnen nëmme staunen a sinn déck houfreg, dass se esou e Genie wéi den Dany als Kolleeg hunn.

Mä héier, wéi kënns de da blouss op all déi Zuelen?

Ganz einfach. Mat elauter Eentercher.

Dat versti si net. Et versteet iwwerhaapt keen den Dany. Eng Eentchen ass dach just eng Eentchen. Esouguer 1x1 bleift nëmme just 1.

Jo, mä esoubal mer se weidermultiplizéieren, da kommen déi aner och zum Virschäin.

11x11=121

111x111=12321

1111x1111=1234321

....

111111111x111111111=12345678987654321

Gesäis de, elo hu mer se all beieneen. An dann och nees all schéin der Rei no. An esouguer vun 1 erop bis bei 9 a vun 9 erof nees bei 1.

 

Déi bekanntesten Ziffer ënnert hinnen ass awer d’Siwentchen. Ofgesi vun de siwen Deeg an der Woch oder de Siweschléifer, deenen, déi mueres laang schlofen an net aus dem Bett kommen, do begéint een d’Siwentchen och a ville Märercher: D’Schneewitten an déi siwen Zwergen ... de Raiber mat de Siwe-Meilestiwwelen ... de Wollef huet siwe Geesse gefriess ... den ale Schneider huet siwe Mécke mat engem Schlag futtigeschloen ...

A mat där 7 kann een interessant Saache maachen, wéi den Dany erausfonnt huet. Rechen zum Beispill d’Zuelen ënner 7 (also vun 1 bis 6) ëmmer gedeelt duerch 7. En neit Blad um Block a lass!

1:7=0,1428571

2:7=0,2857142

3:7=0,4285714

4:7=0,5714285

… an esou weider. Da ginn déi sechs éischt Zifferen hannert dem Komma ëmmer nees eis Zuel 142857, also déi sechs éischt Ziffere vum Resultat 1:7, och wa se e wéineg duerchernee gerëselt sinn.

 

Mä elo eppes ganz aneschters. Wéi ee weess, si Primzuelen déi Zuelen, déi sech just duerch 1 an duerch sech selwer deele loossen – just d’Eentchen ass verstouss, d’Eentche kënnt zwar eng Primzuel sinn, gëtt awer ni matgezielt.

Huelen ech elo déi siwen éischt Primzuelen (2,3,5,7,11,13,17) a rechnen 2x2 + 3x3 + 5x5 + 7x7 +11x11 + 13x13 +17x17, dann ass d‘Resultat 666.

A 666 ass och eppes ganz Spezielles. Doriwwer hu sech scho vill Leit gewonnert, deenen den Dany seng Konschtstécker gewisen huet.

D’Réimesch Zuele kennt ee jo scho laang:

I = 1

V = 5

X = 10

L = 50

C = 100

D = 500

M = 1000 (mä déi loosse mer an dëser Rechnung emol ewech.)

Schreift een elo dës Réimesch Zifferen (ënner 1000) schéin der Rei no dohin, bei där gréisster ugefaang bis op déi klengst, also DCLXVI, a rechent een alles zesummen, kënnt een alt nach eng Kéier op déi 666.

 

A mat der 666 geet et weider. Eent vun deene bekannteste franséische Spiller fir Erwuessener ass sonner Zweifel d’Roulette-Spill mat senge 36 Zuelen. Plus d’Null natierlech. A rechens de déi Zuelen alleguerten zesummen, da kënns de – wonnert et dech – op nees eemol 666

Oder: D’Zuel 144 ass jo och Famill mat der 666: huel einfach déi zwou viischt Sechstercher a rechen 2x6=12, da méchs de dat selwecht mat den zwou hënneschte Sechstercher, 2x6=12, duerno multiplizéiers de déi zwou Zwieleftercher mateneen, also 12x12, an da kënns de eben op déi 144.

144 ass also e wäitleege Koseng vun der 666.

Mä passt elo op. Et kennt ee jo och déi berühmten Zuel Pi, déi berühmten 3,14. Mat hir kann een d’Fläch an den Ëmfang vun engem Krees ausrechnen. Mä déi 3,14 ass am Fong geholl net nëmmen eng einfach 3,14, mä eng 3,1415926535 ………. Eng Zuel mat Milliounen a Milliounen, neen, wat soen ech, mat Billiounen a Billiounen Zifferen hannert dem Komma, bei deenen een ni op en Enn kënnt.

Voilà, an déi 144 éischt Zifferen hannert dem Komma vun der Zuel 3,14 zesummegerechent ass alt nees 666

Ëmmer 666!

Scho gelungen. Schonn e wéineg onheemlech.

 

Den Dany ass eben e richtegen Zuelegeck, e richtegen Zuelenzauberer.

 

Ech hat en eemol gefrot: So, Dany, wéi vill ass 4 minus 1?

Majo 3, sot en, wéi aus der Flënt geschoss.

Neen, du groussen Zuelenhexemeeschter. Et ass 5.

 - ???? –

Kuck hei, ech huelen e véiereckegt Stéck Pabeier, 4 Ecker … ech schneiden him een Eck ewech, also 4 minus 1… a wéivill Ecker sinn et elo? Voilà, ziel no, 5.

4–1=5

Du sinn ech gaangen, mä den Dany souz elo do, mat engem laange Gesiicht, en huet wéilaang iwwerluecht, hin an hier gerechent, erop an erof, vu riets a vu lénks, vun hannen no vir, mä et woren an et blouwe 5 Ecker. A wa seng Mamm en net fir d’Owesiesse geruff hätt, da séiz en nach haut ëmmer douewen a sengem Bamhaus sech de Kapp iwwert dat Stéck Pabeier mat sengen Ecker ze zerbriechen.

 

(2021)