MÄI PROBLEM

 

Ech hunn e Problem, an dat ass meng Tatta. Net dass elo jiddwerengem seng Tatta esou eng Tatta ass ewéi meng Tatta, mä meng Tatta ass ebe problematesch. Problematesch a komplizéiert. Komplizéiert an onméiglech. Bei der Tatta ass nämlech ëmmer alles esou, wéi et muss sinn. Och wann ech et ni genau behalen, wéi et dann elo muss sinn, fir dass et gutt ass. A wann ech ower eemol duerch Zoufall behalen, wéi et muss sinn, da verstinn ech net, firwat dass et muss esou sinn.

    An dat ass mäi Problem.

    Et ass also ëmmer eppes, wat ech net weess.

   Huel nëmmen d’Affär mat de Spagettien. Firwat muss een déi fein a manéierlech un der Forschett ronderëmmer dréien, fir se z’iessen? Dat ass dach almoudesch. Dat ass dach Grufti. Guer net cool a scho guer net voll witzeg. Mä dat versteet meng Tatta net. Ech, ech picken einfach an den Teller a wat vu Spagettien un der Forschett drun ass, dat ass eben drun, an dann hopp an de Mond dermat. Dat Spannenst ass jo souwéisou ëmmer, wann der herno nach dobaussen hänke bleiwen. Am léifste bis an den Teller. Déi zitts de dann an de Mond eran, Zentimeter fir Zentimeter, an dat mécht nach esou lëschteg Musek derbei, dass all déi aner ronderëmmer héieren: Aha, do ësst ee Spagettien! A wann dee leschte Wutz dann am Mond verschwënnt, wupp, da flätscht deen der wéinst der Vitess nach eemol op de Bak oder widdert d’Nues a mat e wéineg Chance a Geschécklechkeet spritzt en der och nach de ganze Pullover voller rouder Flecken.

    Ah, dat muss ee kënnen!

    Dat ass scho bal Akrobatik!

    Hei, ech hat eemol gemooss: 97 Zentimeter Spagetti un engem Stéck. Ëmmer hong nees eng aner drun. Et krut bal keen Enn. An domat sinn ech elo de Champion. Mir hunn nämlech an der Klass eng Lëscht, wou mer all Dag genau notéieren, op wéi vill jiddwereen et bis elo gepackt huet. Fir all Zentimeter gëtt et ee Punkt. A fir all Fleck, deen eppes daacht, kriss de der zwee. Ech leie wéi gesot elo un der Spëtzt, mat 26 Punkte virum Peloton.

    Mä d’Tatta versteet dat net.

    Bei der Tatta ginn et ebe Saachen, déi et net duerf ginn. An dat verstinn ech nees net.

    Grad ewéi mat dem Laachen. Ech kann eben net derfir. Ech sinn eben esou. A wann dat hinnen net passt, da sollen se mech an e Caddy tesselen an an de Buttek ëmtausche goen. Hei, wann ech eng Bananneschuel um Buedem gesinn, da muss ech scho laachen. A wann dann och nach ee kënnt, dee se net gesäit, dann nach vill méi. A wann deen dann och nach drop ausrutscht, an zwee Been duerch d’Luucht fléien, Jong, da packen ech mech net méi. Da kommen ech net méi zou mer. Ech muss laachen, ech muss houschten, ech mussen hicken, ech verschlécke mech - eemol hat ech mech esouguer bal selwer ganz mat ofgeschléckt. Stell der dat vir: du laachs an du laachs ëmmer méi, an op eemol zack, bass de net méi do. An alles nëmme wéinst enger Bananneschuel …

    Mä d’Tatta kuckt da ganz streng dran a seet: Dat mécht een net. Et laacht een net iwwert déi aner. A scho guer net esou haart.

   An dat ass och ee vu menge Problemer. Kuck, wann elo beim Äppelbam d’Leeder op de Buedem fält, an de Bop sëtzt ower nach uewen an deem Äppelbam, dann halen ech mer mat béiden Hänn de Mond zou, dass dee mer jo nëmmen net opfiert. Mä dowéinst ginn ech da ganz rout am Gesiicht, meng Bake ginn ëmmer méi déck, a mäi Kapp platzt mer bal - mä neen, laachen duerf ech net, a wann ech och beim Äppelbam géif explodéieren.

 

Wéini souze mer beim Italiener. Ebe bei Spagetti Bolognese. Um Dësch niewendru souz e Meedchen, esou siechzéng, siwwenzéng Joer, d’Nues an d’Lëpse voller Piercing an d’Hoer gréng mat rosa gefierft. Ei, duecht ech bei mer, dat doen ass der Tatta hires. Elo baut déi bestëmmt eng monumental Kris, well esou eppes duerf et jo net ginn. Mä esou wäit koum se net, well op eemol klëmmt dunn och nach eng wäiss Maus dem Meedchen aus der Paltongstäsch, krabbelt erof op de Buedem a klëmmt där feiner Madamm um Dësch niewendrun op d’Schong, wackelt zefridde mam Schwanz an kuckt hir d’Been erop, fir do eropzeklammen … An dunn, jo dunn ass et geschitt: ech hu musse laachen, esou wéi ech ebe laachen, wann ech laachen. A well ech grad 80 Zentimeter Spagettien am Mond hänken hat, konnt ech mer dee jo net zouhalen. Et platzt mer eraus, ewéi wann e Vulkan ausbrécht, an déi ganz Spagettie fléien ewéi an engem Taifun duerch d’Landschaft ronderëmmer. Eng bleift an de Blummen hänken, an dräi méi laanger mat vill Sauce Bolognese esouguer der Tatta am Décolleté … weess de vir, wou et dertëscht nees erofgeet - a pass op, bei der Tatta ass do vill Plaz. Elo rëtschen se gemittlech erof, schéin duerch d’Mëtt, eng ass vir an déi aner hannendrun, si rëtschen a rëtschen, a wupp sinn se net méi do.

    Ech soen: et wor eng richteg Naturkatastroph!

 

An dee Moment erwächen ech. Ech reiwe mer d’Aen, ech kucke ronderëmmer, wou ech sinn - uff, a mengem Bett an ech hat alles nëmme gedreemt. Ma da wor mäi Problem jo iwwerhaapt guer kee Problem. An duerfir féieren ech dann esou eng monster op. O neen, wat dreemt de Mënsch ower heiansdo verréckte Saachen!

 

Mä owes gi mer mat der Tatta bei den Italiener. Ech iesse Spagetti. Där mat Sauce Bolognese. Um Dësch niewendrun sëtzt e Meedchen, d’Nues an d’Lëpse voller Piercing an d’Hoer gréng mat rosa gefierft. An hei op eemol krabbelt eng wäiss Maus dem Meedchen aus der Paltongstäsch, klëmmt där feiner Madame um Dësch niewendrun op d’Schong, wackelt zefridde mam Schwanz an kuckt hir d’Been erop, fir do eropzeklammen ………

 

Schrecklech!

 

 

(2001)