(als Kannertheaterstéck -2020)
Dës Geschicht ass en Auszuch aus dem Erich Kästner sengem Buch „Emil und die Detektive“ aus dem Joer 1929.
D’Haaptpersoun ass den Emil Neumann, e Jong vun ongeféier 12 Joer. An der Ouschtervakanz ass en an d’Stad komm, fir seng Famill a virun allem seng Bomi ze besichen. Där sollt e vu senger Mamm 500 Euro mathuelen, déi en awer vun engem „feine Monsieur“ mat engem schwaarzen Hutt – engem Här Schmittchen, wéi dee sech genannt huet - am Zuch geklaut krut.
Elo war den Emil him op der Spuer. En hat och schnell Stater Jonge fonnt, déi him hëllefen, dem Déif nozelafen: de Charel mat der Troter, de ,Professer’ (e Jong mat engem décke Brëll), de Siebenaler, de Gibbes, déi zwee Castellano Bridder an nach eng ganz Rëtsch anerer. Dobei als eenzegt Meedchen d’Frutzi, dem Emil seng Kusinn.
Ouni dass et dem Déif opgefall ass, hunn déi jonk Detektiven him schonn déi ganzen Zäit nospionéiert. A wéi en deen anere Mueren aus dem Hôtel Européen kënnt, an deem e sech en Zëmmer geholl hat, du geet d’Juegd op e lass.
Do kënnt de Charel mat der Troter aus senger Stopp gejauft, trotert e puermol gutt haart a brëllt: „A lass! E kënnt!“ Op dee Moment hu se scho laang gewaart. Elo kënnen se weisen, wat se kënnen.
„Opgepasst! Nolauschteren!“, rifft de Professer. „Mir maachen also e Krees ëm en. Hannert him Kanner, virun him Kanner, lénks Kanner, riets Kanner. Ass dat kloer? Weider Kommmandoe gi mer ënnerwee. Hopp a fort!“
Se lafen, rennen an trëlle bal een iwwert deen aneren. D’Frutzi steet, zimlech beleidegt, nach ganz eleng op där grousser Stadplaz. Da spréngt et op säi klengen, roude Velo, deem säin ale Schutzblech ëmmer rabbelt, a grommelt wéi d’Bomi, wann hir eppes net geheier ass: „Uuu, déi Saach gefält mer net. Déi Saach gefält mer net“ a fiert de Jongen no.
De Mann mam schwaarzen Hutt kënnt duerch d’Hotelsdier, geet gemittlech déi puer Träppleken erof op den Trëttoir a béit no riets an d’rue de l’école. De Professer, den Emil an de Charel schécken hir schnellste Leit tëschent deenen eenzelnen Truppen hin an hier. Richteg Uweisungen zur richteger Zäit sinn nämlech a Situatiounen ewéi dëser lieweswichteg. An dräi Minutte méi spéit ass dee feine Schmittchen ëmzéngelt.
Ganz verwonnert kuckt e sech no alle Säiten ëm. D’Jonge geckse mateneen, laachen, stousse sech a ginn am selwechte Schrëtttempo mat him weider. E puer glotzen dem Mann esou laang an d’Gesiicht, bis e genéiert ass an nees riicht auskuckt.
Ssst! päift elo e Ball ganz no laanscht seng Oueren. E fiert zesummen, kuckt, ob e säin Hutt nach um Kapp huet, a geet méi séier. Mä elo lafen d’Bouwen och méi séier. E wëllt a méi eng kleng Niewestrooss abéien. Mä vun do kënnt schonn en anere Koup Kanner erausgestiermt. Tjo, domm gaang, Monsieur.
„Ojee, deen huet e Gesiicht, wéi wann en un engem Stéck misst néitschen“, rifft de Charel.
„Laf du en hallwe Meter viru mer“, mengt den Emil, „mech brauch en elo nach net ze erkennen. Dat erlieft en nach fréi genuch.“ De Charel mécht breet Schëlleren a marschéiert virum Emil ewéi e Boxer, dee vun elauter Kraaft knapps goe kann. D’Frutzi fiert zefridden derniewent a schellt ewéi geckeg.
De Mann mam schwaarzen Hutt gëtt uerg nervös. Dat gesäit een him of. E ka sech scho virstellen, wat alles op en duerkënnt an hëlt ëmmer méi grouss Riseschrëtt. Mä et ass ëmsoss. E kritt seng Feinden net ofgehaangen.
Op eemol bleift e wéi ugeneelt stoen, dréint sech ëm a leeft déi Strooss, déi e komm war, nees zeréck. Du maachen och d’Kanner alleguerten d’Kéier, an esou geet et an där anerer Marschrichtung weider.
Hei leeft e Bouf – et ass de Siebenaler – dem Mann queesch an d’Säit, dass dee bal trëllt.
„Wat fält dir an, du Rotzbouf?“, jäizt en. „Ech wäert gläich e Polizist ruffen.“
„Maja, dat wier flott. Maacht dat roueg“, laacht de Siebenaler. „Dorop lauere mir scho laang. Allez, da rufft en dach.“
Den Här Schmittchen denkt awer net drun, ganz am Géigendeel. Him gëtt déi Geschicht ëmmer méi onheemlech. E kritt richteg Angscht a weess net méi, wouhin. Scho kucken d’Leit virwëtzeg aus alle Fënsteren. Scho rennen d’Butteksmeedercher mat hire Clientë virun d’Geschäfter a froen, wat dann ëm Gottes Wëllen nëmme lass ass. Wann elo e Polizist kéim, da wier et eriwwer.
Du huet de Schmittchen eng Iddi. E gesäit eng Bank. Tipptopp, ma déi steet grad gutt do. E quëtscht sech tëscht de Kanner erduerch, rennt op d’Entrée lass an dobannen ass en.
De Professer spréngt mat engem Saz virun d’Dier. „De Charel an ech, mir zwee ginn hannendrun. Den Emil bleift fir de Moment nach hei, bis et esouwäit ass. Wann de Charel mat der Troter trotert, kann et lassgoen. Da kënnt den Emil mat zéng Stéck eran. Sich der an der Zwëschenzäit schonn déi richteg Kadetten aus, Emil. Et gëtt nämlech eng quokeleg Affär.“
Doropshi verschwannen och de Charel an de Professer an der Bank.
Dem Emil brommen d’Ouere vun elauter Häerzklappen. Elo muss et sech entscheeden. E rifft de Siebenaler, de Gibbes, d’Castellano Bridder an nach e puer aner bei sech; de Rescht, dee groussen Trupp, soll sech iwwert déi ganz Plaz an an den Niewestroosse verdeelen.
D’Kanner ginn zwar e puer Schrëtt vun der Bank fort, awer net ze wäit. Wat elo geschitt, wëlle se ënner kengen Ëmstänn verpassen.
D’Frutzi freet e Bouf, fir säi Velo unzehalen a geet bei den Emil.
„Hei sinn ech“, seet et, „Kapp héich. Elo gëtt et eescht. O Gott, o Gott, ech si gespaant ewéi en ale Prabbeli.“
„Mengs de villäicht, ech net?“, freet den Emil.
Wéi de Charel an de Professer an d’Bank erakommen, steet de Mann mat dem schwaarzen Hutt scho bei engem Guichet, un deem e Schëld ,Caisse’ hänkt, a waart ongedëlleg, dass en un d’Rei soll kommen. De Bankemployé telefonéiert an telefonéiert a schéngt net wëllen opzehalen.
De Professer stellt sech niewent den Déif a passt op ewéi e Wuechthond. De Charel bleift hannert dem Mann stoen, d’Troter prett an der Hand, fir vun engem Moment op deen aneren ze troteren.
Du kënnt de Caissier un de Schalter a freet de Professer, wat e wëllt.
„'t deet mer leed“, äntwert deen, „mä den Här hei, dee war viru mir.“
„Wat kann ech fir Iech maachen?“, freet de Caissier dann eben elo de Schmittchen.
„Mä Dir kënnt mer villäicht Honnert-Euro-Schäiner an Zwanzeger ëmtauschen a mer fir Fofzeger eenzel Zéngter ginn“, freet deen, gräift sech an d’Täsch a leet dräi Honnert-Euro-Schäiner a véier Fofzeger dohin.
De Caissier hëlt déi siwe Schäiner a geet dermat bei den Tresor.
„Ee Momentchen!“, rifft de Professer, „dat Geld, dat ass gestuel.“
„Pardon? Waat?“, freet de Caissier erschreckt an dréit sech ëm; seng Kolleegen a Kolleeginnen, déi bei hire Bürosdëscher sëtze schwéier Rechnungen ze rechnen, hale matten am Rechnen op a sprangen an d’Luucht, wéi wann eng Schlaang se gebass hätt.
„Dat Geld gehéiert iwwerhaapt net deem Här. En huet et engem Frënd vu mir geklaut a wëllt et elo ëmwiesselen, fir dass een him näischt méi noweise kann“, erkläert de Professer.
„Ah, sou eng Frechheet ass mir a mengem Liewen nach net virkomm“, reegt den Här Schmittchen sech op a seet zum Caissier „Dir entschëllegt jo“ a gëtt dem Professer eng op de Bak, dass et klaakt.
„Domat gëtt d’Saach och net anescht“, mengt de Professer, réckelt sech de Brëll nees riicht a boxt de Schmittchen mat der Fauscht an de Mo, dass deen aarme Mann sech um Guichet festhale muss. An elo trotert de Charel dräimol haart mat senger Troter. Alleguerten d’Bankemployéë komme virwëtzeg an d’Keess gelaf. Esouguer de Chef vun der Bank, de Monsieur Martin, kënnt rosen aus sengem Büroszëmmer.
Eng hallef Sekonn drop kommen zéng Jongen duerch d’Dier eragerannt, den Emil vir un der Spëtzt, a stelle sech ronderëm de Mann mat dem schwaarzen Hutt.
„Härgott nach emol! Wat der Däiwel ass da mat där Band hei lass?“, jäizt de Bankechef.
„Mä ... mä déi Schnuddler behaapten, ech ... ech ... hätt engem vun hinnen dat Geld gestuel, dat ech elo grad Ärem ... Ärem Här Caissier abezuelt hunn fir ... fir ... fir ze wiesselen“, tuddelt de Schmittchen an ziddert derbei vun Ierger. Oder vun Angscht.
„Sou ass et och!“, rifft den Emil a spréngt bei de Guichet. „Dräi Honnert-Euro-Schäiner a véier Fofzeger huet e mer geschuppt. Gëschter Nomëtteg. Am Zuch fir an d’Stad. Wärend ech grad e puer Minutte geschlof hunn.“
„Jo, kanns de dat dann och beweisen?“, freet de Caissier zimlech streng. E Caissier huet et jo ëmmer mat Geld ze doen, a mat Geld ass net ze spaassen.
„Pff, ech si säit enger Woch hei an der Stad a war gëschter vu mueres bis owes geschäftlech ënnerwee. Also“, seet den Déif a kuckt ganz onschëlleg dran.
„Sou e verdaamtene Ligner!“, deet den Emil Kreesch a fiert bal aus der Haut.
„Kanns du dann noweisen, dass deen Här hei dee Mann ass, mat deem s de gëschter am Zuch souz?“, freet de Monsieur Martin.
„Dat kann en natierlech net“, laacht den Déif gehässeg. „Wéi soll en och?!“
„Well wann s du eleng mat him am Zuch souz, dann hues de dach keen eenzegen Zeien“, mengt elo ee vun deenen aneren Employéen. Logesch, déi do. An dem Emil seng Kolleege maache laang Gesiichter.
„Dach!“, rifft den Emil. „Ma dach! Ech hunn en Zeien. D’Madame Kayser aus Piffeldeng. Si souz am Ufank bei mer. Gläich drop ass se erausgeklommen an huet mer nach e schéine Bonjour fir eise Bäcker doheem matginn. Den Här Feiereisen.“
„Oooo, et schéngt mer, wéi wann Der elo misst mat engem Alibi kommen“, seet de Chef zu dem Déif. „Kënnt Der dat?“
„Selbstverständlech“, erkläert deen, „ech wunnen doiwwer am ,Hôtel Européen’ ---“
„Awer eréischt säit gëschter Owend“, rifft de Charel dertëscht. „Ech hat mech nämlech do als Liftboy ageschlach a weess Bescheed, Mann!“
De Charel huet Liftboy am Hotel gespillt, fir hire Gangster net aus den Aen ze verléieren! Richteg Detektiven sinn et, déi Detektiven!
D’Bankemployéë musse fir sech schmuunzen a fänken un, déi Bouwen ëmmer méi interessant a clever ze fannen. „Am beschte wier et, mir géifen dat Geld emol virleefeg hei behalen, Här ----“, seet de Monsieur Martin a rappt e Blat vu sengem Block, fir Numm an Adress ze notéieren.
„Schmittchen heescht en!“, rifft den Emil.
Dee muss laachen a seet: „Do gesitt Der, dass et sech ëm eng Verwiesslung handelt. Ech heeschen De la Moulinière. Alphonse De la Moulinière, wann der et genau wësse wëllt.“
„O, wat deen esou hondsgemeng litt! Mir huet en am Zuch erzielt, e géif Schmittchen heeschen“, jäizt den Emil a fänkt schonn un, vu Roserei e wéineg ze kräischen.
„Dir hutt jo sécher eng Carte d’identité?“, freet de Caissier.
„Leider net bei mer“, seet den Déif. „Mä gedëllegt Iech een Ament, ech gi se gären iwwer an den Hotel sichen.“
„Dee Kärel, dee litt un engem Stéck! An et ass mäi Geld! An ech muss et erëmkréien!“, reegt den Emil sech nach weider op.
„Jo, mäi Jong, souguer wann et wouer wier,“ erkläert de Caissier, „esou einfach geet dat trotzdeem net. Kuck, wéi kanns de da beweisen, dass et wierklech däi Geld ass? Steet villäicht däin Numm drop? Oder hues de der éieren déi laang Nummere gemierkt?“
„Natierlech net“, seet den Emil. „Ween denkt da schonn drun, dass en iwwerfall gëtt? Mä et ass awer mäi Geld, héiert Der? A meng Mamm huet mer et fir d’Bomi matginn, déi hei an der rue des cerises op Nummer 15 wunnt.“
„War dann un engem vun de Schäiner en Eck ofgerappt? Oder war villäicht soss eppes Spezielles dermat?“
„Neen. Net dass ech wéisst.“
„Also, dir Hären, ech erklären Iech op Éierewuert: dat Geld gehéiert wierklech mir. Ech ginn dach net hin a klauen de Kanner d’Täschen eidel!“, behaapt den Déif.
„Halt!“, jäizt den Emil op eemol a spréngt bal e Meter an d’Luucht, esou liicht war et him ginn. „Halt! Ech hat mir am Zuch dat Geld mat enger Spéngel bannen an de Paltong gestach. Eng Spéngel aus menger Mamm hirer Bitzkëscht. An duerfir misst een elo och nach an deene Geld-schäiner kleng Lächelcher vun där Spéngel gesinn.“
De Caissier hält d’Geldschäiner géint d’Luucht. De Monsieur Martin trommelt nervös mat de Fangeren um Bürosdësch, déi aner halen den Otem un. Fir einfach weider ze ootmen ass et elo vill ze vill spannend.
„De Jong huet recht“, rifft de Caissier, bleech vun Opreegung. „An de Schäiner sinn effektiv kleng Lächer.“
„An hei ass och d’Spéngel“, seet den Emil a leet se houfreg op de Guichet. „Gepickt hat ech mech och nach dermat.“
Esou séier wéi de Blëtz dréint den Déif sech elo ëm, stéisst d’Jonge riets a lénks op d’Säit, dass se duercherneen op de Réck falen, rennt duerch d’Bank, rappt d’Dier op an ass fort. „Him no!“, rifft de Bankechef. A scho sinn se all duerch d’Dier.
Wéi se op d’Strooss kommen, hunn op d’mannst zwanzeg Borschten de Schmittchen an der Zaang. Si hänken u sengen Äerm, si paken e mat de Been, si rappen u sengem Paltong. Hie ruddert ewéi verréckt, mä d’Jonge loossen net labber. Elo hu mer en, elo hale mer en.
An do kënnt jo och schonn e Polizist erbäigekrosst, deen d’Frutzi mat sengem klengen, rouden Velo geruff hat. De Monsieur Martin fuerdert en an engem eeschten Toun op, fir de Mann, dee souwuel Schmittchen wéi och De la Moulinière a weess Gott wéi nach heescht, festzehuelen. E wier warscheinlech en Zuchdéif. Vun deenen héiert ee jo ëmmer méi.
De Caissier hänkt säi Schëld ,Caisse fermée’ aus, hëlt d’Geldschäiner an d’Spéngel a geet mat. Ha, e flotten Défilé! Et kënnt ee bal soen, eng richteg Kavalkad: de Polizist, dee straalt, well en endlech een an den Handschellen huet, de Caissier, nach ëmmer bleech bis hannert d’Oueren, den Déif mat engem verzweifelte Gesiicht an der Mëtt an hannendru nongzeg bis honnertdrësseg Kanner. Sou geet d’Rees elo op de Policebüro. D’Frutzi pedaléiert frou op sengem klenge Velo dernieft, pëtzt dem Cousin en Aan zou a rifft: „Emil, ech fuere schnell heem an erzielen do dee ganzen Theater.“
„Fir d’Mëttegiesse sinn ech och do. Ech hunn nämlech nach polizeilech ze doen“, seet den Emil a kënnt sech ganz dichteg vir. A mat Recht.
D’Frutzi rifft nach séier: „Wësst der, wéi dir ausgesitt? Ewéi e grousse Schoulausfluch. Just ouni Rucksak.“
Da schellt et nees ewéi geckeg a béit ëm den Eck a fort. Et héiert een nëmmen nach deen ale Schutzblech rabbelen ...