"Wie Robinson sich häuslich einrichtete" vum Daniel Defoe - ("Lesebuch für das fünfte und sechste Schuljahr"/ Ministère de l'Éducation Nationale, Luxembourg, 1969) - fräi op Lëtzebuergesch iwwersat

DE ROBINSON RIICHT SECH AN

 

Den englesche Schrëftsteller Daniel Defoe erzielt a sengem Roman (1719), wéi de Robinson Crusoe, e jonke Mann aus England, an de 1650er Joere vu Land zu Land iwwert d’Ozeaner fiert. Bei engem Stuerm an der Karibik geet d’Schëff ënner, de Robinson iwwerlieft als eenzegen a ka sech op enger Insel retten, eng Insel, wou kee Mënsch a keng Séil wunnt – just elo hie ganz eleng …

 

No menger Rechnung hat ech den 30. September déi éischte Kéier de Fouss op meng Insel gesat. Wéi ech ongeféier zéng oder zwielef Deeg do war, ass mer agefall, dass ech jo kee Kalenner hat an duerfir an der Zäit ganz wurres géif ginn. Fir de Sonndeg vun deenen aneren Deeg ënnerscheeden ze kënnen, hunn ech mat engem selwergebaute Flooss e grousse Poul an en aalt Briet vum Schëff geholl an hu mer domat e Kräiz gezammert, dat ech genau op där Plaz opgeriicht hunn, wou ech fir d‘éischt u Land komm war. Uewen hunn ech mat mengem Messer an d’Briet ageritzt:

HEI SINN ECH DEN 30. SEPTEMBER 1659 GELANT

Un de Säite vum véiereckege Poul hunn ech elo all Dag e klengt Stéck erausgeschnidden, all siwenten Dag en duebel esou laangt ewéi déi aner Deeg, an den éischten Dag vun all Mount nees en duebel esou laangt ewéi sonndes. Sou hunn ech mer mäi Kalenner a meng Zäitrechnung iwwer Wochen, Méint a Joeren ageriicht.

Tëscht deem sëlleche Geschier, dat ech nach vum Schëffswrack op d’Insel bruecht hunn, waren och e puer Schreiffiederen, Pabeier an Tënt, e puer Kompassen, Spektiven a Séikaarten. Hei muss ech awer onbedéngt soen, dass mer och en Hond u Bord haten. Deen ass direkt den éischten Dag aus dem Schëff gesprongen a mat mir u Land geschwommen. Et war en treie Frënd, dee mer Allméigleches erbäigeschleeft huet a frou war, fir mer esou gutt ewéi e konnt Gesell-schaft ze leeschten.

Obschonns ech vill nëtzlech Saachen doruechter leien hat, huet mer dach dëst oder dat wichtegt Dénge gefeelt. Virun allem en Heel, e Spuet an eng Schëpp, fir hei oder do Buedem ze schëppen. Esou huet et bal e ganzt Joer gedauert, bis ech en Zonk ronderëm meng Wunneng fäerdeg hat. Mä firwat sollt ech mech opreegen? Zäit hat ech jo méi wéi genuch.

Well ech esou villes vum Schëff matbruecht hat, huet dee ganze Koup mech awer ëmmer méi gehënnert a mer Plaz ewechgeholl. Duerfir hunn ech mech un d’Aarbecht ginn, fir meng Hiel méi grouss ze maachen a méi déif an de Fiels eranzebuddelen. Well deen aus mëllem Sandstee war, krut ech mech ganz derduerch geschafft an hat esou no hannen en zweeten Ausgank, duerch deen ech aus menger Festung erauskoum.

Dunn hunn ech ugefaangen, fir mer besonnesch Noutwenneges zesummenzebauen, wéi zum Beispill en Dësch an e Stull. Ech hat nach ni a mengem Liewen en Hummer, eng Zaang oder eng See an de Fangeren, awer ech hu gläich gemierkt, dass een duerch Äifer an Ausdauer villes fäerdeg bréngt. Dësch a Stull hunn ech mer aus Stécker Holz gebastelt, déi vum Schëff hier-koumen. Duerno hunn ech e puer Brieder un der Säitewand vun der Hiel festgemat, fir hei mäin Handwierksgeschier, meng Waffen an aneres opzehänken. Gläich huet meng Hiel ewéi e grousst Lager vun deene komeschsten, ongewéinlechste Saachen ausgesinn.

Nodeems ech meng „Wunneng“ op déi Manéier ageriicht hat, hunn ech dermat ugefaangen, en Tagebuch ze féieren an doranner meng Erliefnisser vun all Dag opzeschreiwen. All ze laang konnt ech mech domat awer net ameséieren, well d’Tënt mer knapp gouf an et mer net gelongen ass, neier ze maachen.

No an no koum de spéiden Hierscht a mat him eng Zäitche Reen. Ech hu mussen dacks a menger Hiel sëtze bleiwen a mech mat klengen Hausaarbechte beschäftegen. Zwee Deeg no Chrëschtdag huet de Reen nogelooss an ech konnt nees op d’Juegd goen. Ech hunn eng jonk Geess geschoss an eng aner liicht verwonnt, sou dass ech se fänke konnt a si un engem Seel a meng Wunneng gefouert hunn, wou se hiert Bee verbonne krut.

Ech hunn d’Déier versuergt a gepfleegt, et gouf nees gesond a mat der Zäit esou zam, dass et viru menger Dier säi Gras gefriess huet an ni fortgelaf ass. Dat huet mech op de Gedanke bruecht, nach méi Geesse grouss ze zillen an dervun ze liewen, fir de Fall, dass meng Reschter enges Daags opgebraucht sollte sinn.

Bei grousser Hëtzt gong ech scho fréimueres mat menger Flënt eraus. Eemol sinn ech enger ganzer Häerd Geesse begéint, mä ech konnt net no bei d’Déiere kommen, well se ze schei waren. Och mäin Hond, deem se ganz béis d’Hare gewisen hunn, krut et mat der Angscht ze doen. Eng aner Kéier hunn ech eng Zort wëll Dauwe fonnt, déi net ewéi bei eis an de Beem wunnen, mä hir Näschter a Fielslächer bauen. Ech hunn e puer Jonker versicht opzezillen, wat mer och gegléckt ass. Mä wéi se grouss waren, sinn se mer all fortgeflunn, well ech net genuch Fudder fir se hat. Duerno hunn ech nach dacks esou Näschter fonnt an hu mer déi jonk Dauwe mat heem geholl, fir e leckert Iessen op den Dësch ze kréien.

Wat mer besonnesch gefeelt huet, dat war Luucht, well esoubal et däischter gouf – wat normalerweis géint siwen Auer owes geschitt ass – blouf mer näischt aneschters iwwereg ewéi an d’Bett ze goen. Ech hu mer laang a breet de Kapp zerbrach, wéi ech mer do kéint hëllefen an hu schliisslech eng Léisung fonnt. Wann ech alt nees eng Geess geschoss hat, hunn ech mer d’Fett vun hir an engem klengen Dëppche gesammelt, dat ech aus Leem geformt an an der Sonn gedréchent hat. An dëst Fett hunn ech e Stéckelche Seel gestach a mat deem Geschéck hat ech eng Luucht, déi bal esou hell geliicht huet ewéi eng gewéinlech Käerz.

Wéi ech eemol a menge Saachen erëmgewullt hunn, ass mer e klenge Säckelchen an d’Hänn gefall, an deem warscheinlech virun Zäiten Héngerfudder dra war. Vill dervu war awer net méi ze fannen, dee gréissten Deel hate sécher d’Raten um Schëff opgefriess. Dunn hunn ech dann, ouni laang ze iwwerleeën, de Rescht bei mäin Zonk laanscht d’Fielse geschott, well esou e Säckelche kann een ëmmer iergendzwousch gebrauchen.

Dat war kuerz virun deem grousse Ree gewiescht, an ech hu mat kengem Gedanke méi dru geduecht, wéi do eng Zäitchen drop ongeféier eng Dosen Hällem aus dem Buedem gewuess sinn, déi ech als europäesche Weess erkannt hunn. Dunn ass et mer nees agefall, dass ech jo deemools hei laanscht d’Fielsen dee Säckelchen Héngerfudder ausgeschott hat an dat ganzt Wonner huet ugefaange sech op eng natierlech Weis ze erklären. Aus Weesskäre wuessen nei Weesskären! An aus Weesskäre kann ee Brout baken! Esou konnt ech an Zukunft nach besser fir mäin Iesse suergen.

Dësen Dag wäert ech ni vergiessen, well dësen Dag huet mech a mengem Liewen hei op der Insel e ganzt Stéck weiderbruecht.

 

Esou vergeet Joer fir Joer … Enges Daags mierkt de Robinson, dass en awer net eleng op der Insel ass. E kann nämlech e jonke Kärel, ee vun deene puer Mënschen, déi hei wëll liewen, virun de Kannibale retten an nennt e „Freideg“, well en him op engem Freideg begéint war. En ass frou, dass en elo e Kolleeg huet, e léiert en déi englesch Sprooch an déi europäesch Liewes-Aart a Weis. No 28 Joer kritt en d’Geleeënheet, d’Insel op engem Schëff ze ver-loossen a fiert mat dem „Freideg“ zréck an England.

 

 

 

(2021)