D'TSCHENTELMÄNNER

 

E wéineg englesch kann ech schonn. Ech weess, wat „How do you do?“ heescht an och wat en Gentleman ass: nämlech esou e richteg feinen, manéierleche Monsieur, deen den Hutt lëft, wann eng Fra laanscht geet. E seet: Bonjour, Madame. Wéi geet et Iech, Madame? O, dat freet mech, Madame - a bei sech denkt en: Klibbert mech a rutscht mer de Bockel erof, Madame.

    Mä kleng Bouwen, dat sinn nach keng Tschentelmänner. Emol keng Tschentelmännercher oder Tschentelbubien. Well éischtens gëtt een eréischt e richtegen Gentleman, wann ee grouss ass an iwwerhaapt en Hutt huet, fir kënnen ze lëften, an zweetens schneiden déi Pampers-Fritzen de Meedercher an der Schoul nëmme Grimassen, an der Paus vernennen se se oder klauen hinnen d’Mutzen an an der Piscine spritzen se mat Waasser …

    Do sinn déi aner zwee schonn anerer, déi zwee Krasser mat dem schwaarze Sonnebrëll, de Stuerz vun der Kap no hanne gedréint an eng gëlle Ketten am Hals. ‘t weess kee ganz genau, wéi se richteg heeschen. Villäicht Mulles Matscho, Tom Rocki oder Pitti Rambo. Villäicht hu se och iwwerhaapt guer keen Numm. Mä komm, ‘t ass och egal, et sinn einfach déi Tätowéiert: en Doudekapp op dem Aarm an en Häerz hannen um Hënner.

    Ei, dat ass voll krass!

   Dach, si woren schonn ëmmer där Staarker. Scho fréier, wéi se nach viru Klees-chesdag de Schong gestallt hunn. Weess de, bei hirer Schoul steet jo e grousst Schëld op der Strooss: „Automobilisten, passt op eis Kanner op a fuert lues!“ - an am véierte Schouljoer hu si dunn eemol drënner geschriwwen: „Waart léiwer, bis d’Schoulmeeschteren an d’Joffere kommen.“

    Hä, dat wor dach och scho krass, oder?

   An haut, esoubal haut flott, sexy Meedercher an der Géigend sinn, da päifen se duerch d’Fangeren: „Yeahh, come on, baby!“, si maache monsterdéck Knätschblosen a spille wéi en Herkul mat de Muskelen an den Äerm - och, wann nëmme wäisse Kéis oder Pudding dran ass. Dach, an da kucken se duerch dee schwaarze Sonnebrëll, ob déi flott, sexy Meedercher se kucken, a wann déi se da kucken, da maachen se nach ëmmer méi déck Knätschblosen a spillen nach ëmmer méi mat de Muskelen - jee, se spieren sech ëmmer méi als Pitti Rambo, Tom Rocki oder Mulles Matscho. A kee Wonner, dass se dann och mat Schéckse mat déckem, roude Lëppestëft op d’Schueberfouer ginn. Si schéissen hinne Rousen a kafen hinne Popcorn a wann se herno mat hinnen aus der Geeschterbunn erauskommen, dann hu si och Lëppestëft um Bak, op der Stier oder am Hals – a kee Mënsch weess, wéi dat gaangen ass …

    Dat sinn se, déi Krass. Si sti breet do am Duerf, d’Hänn an de Boxentäschen an den Disc-Man cool beim Ouer. Jee, si sinn einfach d’Kingen - oder si mengen et emol wéinegstens. Virun allem owes, wann et däischter ass, kommen se mat hirem deieren Handy an hirem grousse Skate-Board an de Schoulhaff a wëllen de Meedercher weisen, wat se kënnen - oder si mengen et emol wéinegstens.

    „Pass op“, sot d’Carole zum Sandra an zum Tessy. „Elo kréie mer se. Mir soen einfach, dee Kläpper, dee gëschter am Prisong alles kuerz a kleng geschloen huet an du fortgelaf ass, deen hätt sech hei hannert der Schoul verstoppt.“

    „E Gangster? Bass de geckeg?“

    „Neen. Mir soe jo nëmmen esou. An da kucks de mol, da wackelen se mat de Knéien. Dann ass kee méi sou kéng, dee Krassen ze spillen, a se lafen heem bei d’Mama kräischen, fir d’Suckel ze kréien.“

    Mä neen … has de gemengt?! Da kenns de déi mat de schwaarze Sonnebrëller ower nach schlecht. Si wackelen net mat de Knéie a si ginn net bei d’Mama kräischen. Schliisslech sinn si jo tätowéiert a kënne monsterdéck Knätschblose maachen, a ween tätowéiert ass a monsterdéck Knätschblose maache kann, deen duerf sech net blaméieren. A scho guer net bei de Meedercher. Stell der nëmme vir, herno stinn se am Internet ënnert www.pippi-männien.lu, an déi ganz Welt laacht sech eng Boss iwwert se.

   Neen, elo mussen se weisen, dass se richteg Männer sinn. A scho späizen se an d’Hänn, fluchen nach eemol gutt kräfteg, fir sech selwer Courage ze maachen a schläichen hannert d’Schoul. Deen ee riets erëm, deen anere lénks erëm a logescherweis muss dee Prisongsfutzi jo dann engem vun hinnen an d’Gräpp lafen, an da gëtt et Knuppefreed - a méi Knuppen ewéi Freed …

    Mä hei … no e puer Minutten … Carole, Sandra, Tessy, lauschtert emol, do souz jo wierklech een … do wor jo tatsächlech een hannert der Schoul, well se rolzen dohanne mat engem an dem Gestraiss. Mä ween dann nëmmen? O, wann déi dräi dat ower gewosst hätten …! Grujeleg! A wéi dat elo flätscht a knätscht! Pou, dat wor eemol mat der Fauscht - pou, dat wor nach eng Kéier mat der Fauscht. Hellege Rettungshelikopter, deen aarme Kärel hätt jo besser seng Schanken ze numeréieren, net dass en herno heem geet an d’Hallschecht vu senge Stécker leie léisst … Neen, déi Matschoen, Rockien a Ramboen sinn ower wierklech där Voll-Haarder.

    A gläich drop kënnt deen een Tschentelmännche vu riets, en huet den tätowéierten Aarm zerkraazt, an um Kapp feelt him esouguer e Putsch Hoer. „Ei!“, laacht en a reift sech d’Blutt ënnert der Nues ewech, „deen Intebinni huet seng Wichs. Och wann ech en net richteg ze pake krut, well op eemol wor e mer duerch d’Latten.“

    „Genau. Du sees et“, kënnt dunn och deen anere vu lénks, mat engem bloen Aa an engem Stéck Zant am Grapp. „Ech hat e grad sou häerzeg mat de Buuschten. Du rappt e sech lass a fort wor en. Hei kuck, hei hunn ech säi Putsch Hoer nach an der Hand.“

   „Waaaaat? E Putsch Hoer? Weis emol hier! Mä … mä … mä dat si jo meng. So, soll ech der eppes soen: et wor guer kee Gangster do.“

    „Hä? Et wor guer keen do? A mat weem hu mer eis dann zerklappt?“

    „Mä du mat mir an ech mat dir. An der Däischtert huet keen deen aneren erkannt, a mir hu blannemännerches drageknuppt an dropgebaatscht.“

    Ha neen, ‘t ass fir auszeflippen! Déi zwee aartlech Rockien hu sech selwer an d’Schmull gefacht, d’Hoer ausgerappt an d’Zänn ageschloen, an nëmmen, fir bei de Meedercher unzeginn …

     An nach haut, wann se mat de Muskelen an den Äerm spillen oder op der Schueberfouer Rouse schéissen, da stinn déi flott Schéckse mat dem décken, roude Lëppestëft derbei a kréien den Hick vu Laachen … www. tschentel-knupperambo.lu …

 

 

(2001)