"Der Erbsenhandel" vum Will Vesper - ("Lesebuch für das fünfte und sechste Schuljahr"/ Ministère de l'Éducation Nationale, Luxembourg, 1969) - fräi op Lëtzebuergesch adaptéiert

D'SAACH MAT DEN IERBESSEN

 

Viru laanger Zäit, wéi d’Leit nach mat de Päerd a mat de Päerdskutsche doruechter gereest sinn, koum eemol e Friemen an e klengt Duerf geridden, wou dräi Kolleege beim Wiert zesumme souzen a sech de Wäin gutt schmaache gelooss hunn. Esou wéi all Nomëtteg.

Och de Wiert, den Thilmany’s Tun, souz bei hinnen, an alle véier hu se iwwer Gott an iwwer d’Welt diskutéiert a philosophéiert. Esou wéi all Nomëtteg.

Et war iwwerhaapt alles esou ewéi all Nomëtteg, bis se op eemol dat Päerd dobaussen um Pawee héieren hunn. Mat engem Saz sinn se opgesprongen an hu bei der Fënster deem Friemen nogekuckt, wéi dee säi Päerd virun der Dier ugestréckt huet.

„E schéint Déier!“, soten déi dräi Kolleegen. „Mat esou engem kann ee sech iwwerall weisen.“

„A bestëmmt ass et en décke Batz Geld wert“, duecht de Wiert, dee weider näischt am Kapp hat ewéi Suen an nëmme Suen. Sou hu se zesummen dee kräftege Biddi bewonnert a koume sech es net zou, dass een esou e schéint Päerd dobausse stoe léisst an et net einfach mat era-bréngt.

Gläichdrop souzen se net méi zu véier um Dësch, mä zu hirer fënnef, well dee Friemen hat sech bei se gesat an den Thilmany’s Tun huet de Krou Wäin nach eemol nogefëllt. Si hunn e wéineg mat him vun hei a vun do gepotert, wéi laang e schonns ënnerwee wier a vu wou e kéim a wouhin d’Rees dann nach géng, bis den Tun sech op eemol net méi gepackt huet: „Meeschter, Dir hutt do e wonnerschéint Päerd“, sot en. „E richteg flotten, stolze Biddi. Fir esou ee muss een dach bestëmmt e puer Dausender an nach méi op den Dësch leeën.“

„Wëllt Der en éieren hunn?“, frot de Friemen. „Ech hu souwéisou wëlles en ze verkafen.“

„Majo sécher“, huet de Wiert him op d'Schëller geklappt an als knéckege Knéckert sot en nach séier hannendrop: „Awer erhofft Iech net ze vill. D’Päerd sinn de Moment net méi dat wäert ewéi nach virun zwee, dräi Joer.“

„Ho, ech ginn et och ganz bëlleg hier“, huet de Frieme gelaacht. „Ech hunn nämlech nach eent doheem am Stall. Et ass zwar méi al, mä dat packt et och, fir bis op de Maart ze fueren.“

„Ah, den Här fiert op de Maart? A wat verkeeft den Här dann esou um Maart, wann ech froen duerf?“

„Ma Zalot, Wuerzelen, Bounen, Ierbessen an esou weider.“

A schonns huet den Thilmany’s Tun nees e gutt Geschäft geroch. Do wiere bestëmmt och e puer Su ze maachen.

„Sot, hutt Der scho mäi Gaart hannert dem Haus gesinn?“, frot en. „Do kënnt Dir vu mir esou vill däers Geméis kréien ewéi Der wëllt. Méi ewéi Der iwwerhaapt mat Ärer Käerchen op de Maart schleefe kënnt.“

„Dat héiert sech gutt un“, sot de Friemen, ouni laang ze iwwerleeën. „Da kënnte mer jo tauschen. Dir kritt mäi Päerd an ech kréien vun Iech Bounen. Nee waart, léiwer Ierbessen.“

Pardon? Ierbessen? Den Tun huet sengen Ouere bal net getraut.

„A wéi vill wëllt de Monsieur där dann?“

D’Kolleege ronderëm hu grouss Ae gemat. Kritt dee Knéckjang elo och nach dat schéint Päerd fir hondsgewéinlech Ierbessen?

„Dann ditt emol gutt Uecht!“, huet de Friemen explizéiert. „Ewéi all Päerd huet och mäi Päerd véier Been. An un all Been huet et ee Fouss. Also och véier am Ganzen. Mä do fänkt et dann u méi komplizéiert ze ginn: ënnert all Fouss huet et een Houfeisen an all Houfeisen ass mat genau aacht Neel festgemat. An anere Wierder: véier mol aacht Neel --- “

„ --- jojo, dat sinn der 32“, sot den Tun, dee scho ganz nervös a wibbeleg gouf an net wousst, wat dat ganzt Gedeessems hei sollt.

„Ganz richteg. A genau déi 32 Neel, déi verkafen ech.“

„Dir sitt mir villäicht en Intebinni!“, huet den Tun Kreesch gedoen. „Ech wëll d’Päerd kafen, awer net Är Neel. Neel hunn ech vëllechen a genuch a mengem Schapp. Tirange voll. Laanger a kuerzer, riichter a krommer.“

„Mä ee Momentchen, Monsieur, dat Bescht kënnt jo eréischt: Ween déi Neel keeft, dee kritt d’Päerd fir näischt derbei.“

An du war et op eemol roueg dobannen. Haten se richteg héieren? Dee kritt d’Päerd fir näischt derbei ... Ajo dann, dann ass déi Saach eng aner Saach. Esouguer nach eng vill besser Saach, well Neel si jo normalerweis méi bëlleg ewéi Päerd. Och wann et der 32 sinn.

„A wat sollen déi da kaschten?“, frot de Wiert an hätt dem Mann am léifsten riicht an d’Gesiicht gelaacht.

„Dat kann ech Iech net esou direkt soen, do misste mer eng Grëtzelche rechnen: fir den éischten Nol gitt Der mer eng Ierbes, fir deen zweeten Nol zwou, fir deen drëtte véier ---

„Ah bon, ech versti schonn“, sot den Tun, nach ëmmer nervös a wibbleg, „Fir dee véierten aacht, fir dee fënnefte siechzeng an esou weider. Fir all Nol ëmmer dat Duebelt vun deem virdrun.“

„Genau. Ëmmer dat Duebelt, bis mer bei deem leschten Nol ukomm sinn.“

O helleger Bimbam, duecht de Wiert, wat ass dat doen en Topert! Dat Päerd muss ech hunn, dat ass jo spottbëlleg, an ech ginn him esouguer nach e ganze Sak Ierbesse derbei.

Si ware sech es schnell eens, hu sech d’Hand ginn a scho war den Handel gemat. Esou en Handschlag ass nämlech en Éierewuert. An en Éierewuert ass grad esou vill wäert ewéi eng richteg Ënnerschrëft, a bei Zeien zou nach vill méi.

„Da kommt, da rechne mer dat alles mat Kräid hei op dem Dësch aus“, sot de Wiert. „Wësst Der, am Kapprechne war ech schonn an der Schoul net deen Allerstäerksten. Bis 40 oder 50 ass et jo nach gaangen. Mä esoubal et méi gouf, esou ëm déi 70 oder 80, omei, da gong de Schweess mer aus. E puer Mol hunn d’Kolleegen an der Klass esouguer gemengt: ,Dat doe geet iwwer 100.’ Stellt Iech dat emol vir, iwwer 100! An alles am Kapp! O neen, awer net mat mir. Dann hunn ech mäi Schoulsak gepaakt a sinn heem gaangen. Mä keng Angscht, Monsieur, och wann et hei iwwer 100 geet, oder vu mir aus och nach iwwer 200, eisen Handel, dee gëllt. Ech stinn zu mengem Wuert. A mengetweege kënne mer herno och nach wéineg opronnen, dass de Sak wéinstens voll gëtt.“

Den Thilmany’s Tun huet ewéi e Waasserfall geriet, mä de Friemen huet net nogelauschtert, well e war schonn déck am Gaang mat der Kräid opzeschreiwen:

1 – 2 – 4 – 8 – 16 – 32 – 64 – 128 – 256 – 512 ...... --- awer schéin uerdentlech a riicht ënnerteneen, fir herno alles kënnen zesummenzezielen.

De Wiert stong derbei, d’Hänn déif an den Täschen an huet heemlech fir sech gegrinst.

„An, Ierbessemetti“, frot en, „bei deem wéi villten Nol si mer da schonn?“

„Bei deem zéngten, Här Wiert.“

„Da feelt jo net méi alles. Also hopp weider, deen eeleften, deen zwieleften, deen dräizéngten ... dass mer et awer nach fäerdeg kréien, éier et den Owend däischter gëtt.“

An de Mann huet sech nees un d’Schreiwe ginn. Ëmmer dat Duebelt vu virdrun. Elo gong et e wéineg méi lues, well elo huet e bei dem Schreiwen och nach musse rechnen. Et war zwar ëmmer nëmmen „mal zwei“, mä trotzdeem ...

.... 1.024 – 2.048 – 4.096 – 8.192 – 16.384 – 32.768 – 65.536 – 131.072 – 262.144 – 524.288 .....

No an no war et dem Thilmany's Tun ëmmer manner fir ze laachen. „Ëm Gottes Wëllen!“, huet e geruff. „Ee Momentchen emol. Wéi vill Neel hu mer dann elo?“

„Zwanzeg.“

„Mä ... mä Monsieur ... da muss ech fir deen zwanzegste jo scho méi ewéi eng hallef Millioun Ierbesse plécken?!“ A bei sech duecht e weider: ,Mäi Gott, wann et dëst Joer net duergeet, da kritt en de Rescht eben dat nächst Joer. Oder ech ginn him e puer Heeder Zalot am Plaz. Oder eng Tut Wuerzelen. Déi hunn ech souwéisou net gär.' Sou huet den Tun iwwerluecht an iwwerluecht, an deen aneren huet gerechent a gerechent ...

..... 1.048.576 - 2.097.152 – 4.194.304 – 8.388.608 – 16.777.216 .....

D’Zuele goufen ëmmer méi laang, dem Wiert säi Gesiicht och, an d’Kolleegen hunn nach ëmmer aner Dëscher derbeigestallt, well déi ganz Rëtsch, déi koum ënnen einfach net un d'Halen.

..... 33.554.432 – 67.108.864 – 134.217.728 .....

No enger hallwer Stonn huet de Mann d’Stéck Kräid niddergeluecht, oder besser dat, wat nach vun dem Stéck Kräid iwwereg bliwwen ass. „Sou!“, sot en. „Da wiere mer elo bei deem 32. Nol ukomm“, a vun deem ganze Gerechens huet him de Kapp gedämpt.

Et huet eng Zäitche gedauert, bis déi aner sech getraut hunn op den Dësch ze kucken. A wierklech, do stong eng Zuel, déi op iergentenger Säit en Ufank hat, awer op där anerer bal keen Enn.

2.147.483.648 !

De Wiert huet eemol geschléckt an duerno probéiert frëndlech dranzekucken, wat zimlech schwéier war, well e wousst emol net, ob een dat heie Milliounen oder Milliarden oder Gott weess wéi sollt nennen – kee Wonner och, wann et engem an der Schoul scho bei iwwer 100 dronke gouf.

„Esou vill Ierbesse ginn et jo mol net am ganze Land“, sot en. „An dann ass dat nach nëmme fir dee leschten Nol. Do kommen déi aner 31 jo dann nach all derbei!“

„Ganz richteg räsonéiert“, huet de Mann geäntwert. „Esou hate mer et ofgemat. Bei Zeien zou.“

A schonn hunn dem Wiert seng dräi Kolleegen sech iwwert den Dësch gebéckt, fir vun uewe bis ënnen alles zesummenzerechnen. Vum éischte bis zum leschten Nol. An dobei huet et hinne bis an déi déck Zéif gutt gedoen, dass dee knéckegen Thilmany mat der dommer Nues bäigelaf ass. Ëmmer nëmmen déi aner uschmieren an iwwer d’Oueren haen, dat konnt e gutt, elo war et emol un him. Gutt esou.

„Voilà“, sot deen een an huet op den Dësch gewisen.

„4 Milliarden 294 Milliounen 967 Dausend an 295“, sot deen aneren, an deen drëtten huet et nach eng Kéier widderholl, well et war ze vill schéin ...

De Wiert awer, dee war schlecht drun, e gouf wäiss am Gesiicht an huet sech missen setzen. Wéi sollt hien un esou vill Ierbesse kommen? Onméiglech!

„Wësst Der wat?“, sot en op eemol, wéi en nees eenegermoose schwätze konnt, „Dir hutt eis mat deenen Houfeisen an deenen Neel flott ameséiert, mä kommt, ech ginn Iech de Wäin fir näischt, ech schëdden Iech esouguer d’Glas nach eemol voll an da soe mer, et wier e gudde Witz gewiescht a mir hätte gutt gelaacht.“

„O neen, neen“, huet de Mann sech gewiert, „wat heescht hei e gudde Witz? Entweeder Dir kuckt, dass ech déi Ierbesse kréien oder Dir bezuelt mer se. Wann net, dann huelen ech Iech op d’Geriicht, schliisslech hunn ech Zeien.“

„Den Här huet recht“, soten déi dräi Kolleegen, „an do kënne mir dann dem Riichter och näischt aneschters erzielen ewéi just nëmmen d’Wouerecht.“

Du huet de Wiert seng Keess opgemat an him all säi Geld op den Dësch geluecht. En huet esouguer och nach d’Geld vu gëschter zesummegesicht, vu virgëschter a vun den zwou leschte Wochen. Op eemol sot de Friemen: „Kommt, gitt Iech. 't ass gutt fir dës Kéier. Ech behale mäi Päerd an Dir behaalt Är Ierbessen. Mä d’Geld hei, dat huelen ech mat. A wann Der och schonn net gäre mat laangen Zuele rechent, da verhaalt wéinstens eppes: ëmmer dat Duebelt vu virdrun, passt op, dat gëtt e ganze Koup a ka geféierlech ginn.“

Vun deem Dag u koum den Thilmany’s Tun ni méi op d’Iddi, fir mat Ierbessen ze handelen, e konnt emol keng Ierbessenzopp méi iessen an déi siwen Dëscher mat de Milliounen a Milliarden drop huet en direkt kuerz a kleng geschloen an owes am Kamäin verbrannt ...  

 

 

---------------

 

 

Mä kommt, elo emol ganz ënnert eis:

 

Soe mer, an enger normaler Bécks oder engem normale Glas wiere méi oder wéineger 1000 Ierbessen, dat géife jo da 4.294.967 Glieser oder Bécksen.

Pake mer déi zu 20 an 20 a Këschten an, kréie mer där ronn 214.750 Stéck.

Elo ginn déi a Camionen oder grouss Camionetten agelueden, fir doruechter an d’Supermarchéën oder an d’Épiceriën ze transportéieren. 300 Këschten misst e Camion jo paken. Esou géifen also ronn 715 Camionen a Camionettë lassfueren.

Bei enger Längt tëscht 7 an 8 Meter pro Camion a mat iwwerall engem Ofstand vun ongeféier 3 Meter dertëscht kéime mer op ëmmerhi 7.150 Meter, dat heescht méi ewéi 7 Kilometer nëmme Camionen a Camionetten voller Ierbessen hannerteneen.

 

An do hat Thilmany's Tun gesot: Mengetweege kënne mer herno e wéineg opronnen, dass de Sak wéinstens voll gëtt ...

 

 

 

(2020)