Fräi iwwersat no "Will Theves" vum Joseph Quadflieg - ("Lesebuch für das fünfte und sechste Schuljahr"/ Ministère de l'Éducation Nationale, Luxembourg, 1969)

DE WILL STEFFES

Dës Geschicht spillt an de1950er/60er Joeren,

wéi d’Diksen an d’Weichen nach vum Stellwierk aus mat der Hand gestallt goufen.

 

***********

 

Géint Mëtteg klappen zwee Hären am schwaarze Kostüm un d’Dier vum Stellwierk „An der Grouf I“. De Will Steffes, de Stellwierksmeeschter, mécht op an hieft zum Grouss seng Hand un d’Kap. Da mécht en e Schratt zur Säit a léisst déi Hären erakommen.

„Ech sinn den Här Dumoulin vun der Eisebunnsdirektioun“, seet deen een, „an dat heien ass den Här Parmentier vum Personalbüro.“

„An ech sinn de Will Steffes“, seet de Stellwierksmeeschter.

„Also, Här Steffes“, fänkt den Här Dumoulin un, „Dir hutt haut Äre leschten Déngscht virun der Pensioun. Eng wuelverdéngte Pensioun. Fënnefavéierzeg Joer hutt Dir trei bei der Eisebunn Är Pflicht gemaach. Keen eenzegt Ongléck ass hei op Ärer Streck geschitt, all Zuch ass sécher an ouni Problem bei Ärem klenge Stellwierk laanschtgefuer. Ech soen Iech am Numm vun der Direktioun en häerzleche Merci fir Är zouverlässeg Aarbecht“. En dréckt dem Will Steffes d’Hand.

Da schwätzt den Här Parmentier: „Voilà, an dat heien, dat ass e Schreiwes an e klenge Cadeau. Wierklech, Här Steffes, Dir woort ëmmer e gudden an treie Mann.“

„Jo, jo ... ass scho gutt ... Villmools Merci och!“, äntwert de Will Steffes e wéineg genéiert. Wat soll en och vill soen? Hien ass ebe kee Mann vum Schwätzen. D’Hären drécken him nach eemol d’Hand, knäppen de Mantel nees zou a fueren da mat enger donkelbloer Luxmaschinn am Reen fort.

De Will Steffes faalt dat Schreiwes auserneen. ‚Fir trei Déngschter’, steet drop. Mat Sigel an dräi Ënnerschrëften. Jaja, denkt en, fir trei Déngschter ... Fënnefavéierzeg Joer, dat ass eng laang Zäit. Deemools, 1927 muss et gewiescht sinn, wier et bal eng Kéier schifgaangen. Do war e Gidderzuch am Schnéi stieche bliwwen an de Persounenzuch koum direkt hannendrun. De Will Steffes konnt him am leschten Ament nach e Liichtzeeche ginn. An dann 1946, du war e klenge Jong bausse vum Trëttbriet gefall, wéi all Zuch no dem Krich esou masseg iwwerfëllt war. De Will Steffes hat en ouni laang ze iwwerleeën opgehuewen a war bannent zéng Minutte mat him an d’Stad gerannt. E war deemools esou séier gelaf, dass den Dokter him anengems eng Medezin fir d’Häerz huet misse ginn.

An owes, no der Schicht, mécht e sech dann elo vu sengem Stellwierk op den Heemwee. Haut déi leschten, déi allerleschte Kéier. Heiansdo kuckt en nach zréck, e muss ëmmer nees dat klengt rout Zillenhaische bekucken, an deem en dagan, dagaus Weiche gestallt, Dréit gezunn, Telefonsuriff notéiert a Signaler bedéngt huet. Uewen an der Fënster wénkt e jonke Mann: deen neie Stellwierksmeeschter. D’Tréine kommen dem Will Steffes an d’Aen. Et ass him zumutt, wéi wann e vu sengem Doheem géif fortgoen. Wéi wann en d’Welt géif am Stach loossen.

Den Dag vun haut war nach e schwéieren Aarbechtsdag gewiescht. Een Deel vun der Eisebunnsstreck läit nämlech an de Wise vun der Äerzelt, déi vum Héichwaasser aus de leschten Deeg an Nuechte iwwerschwemmt sinn, esou dass vill Zich Verspéidung haten. De Will Steffes huet de Kolli vum Mantel eropgeklappt a seng Mutz déif an d’Ae gezunn. Et reent a stiermt an naasse Januarschnéi ass dertëscht. Gläich muss en déi éischt Haiser vum Duerf gesinn. E marschéiert weider, d’Hänn déif an den Täschen.

Aha, do ass jo schonn d’Signal vun der Bréck. Gréng Luucht an Diks erop – dat heescht: Fräi Fahrt! An e puer Minutte wäert de Schnellzuch hei laanschtfueren a mat voller Vitess iwwert d’Bréck donneren. Wéi all Dag ëm 20.32 Auer. Ëmmer pünktlech op d’Minutt. De Will Steffes kennt déi genee Auerzäiten auswenneg. Ah, de Schnellzuch vu Paräis! Wat war dat ëmmer e schéint Schauspill, wann e mat sengen hellbeliichte Waggonen ënnert der elektrescher Leitung aus der Däischtert geschoss koum. Ni méi duerf en him d’Signal stellen. Ni méi op där nächster Gare Bescheed soen. Dat mécht elo deen Neien.

Awer wat ass dann dat do? De Will Steffes bleift erféiert stoen. Zwee Stäiler vun der Bréck si vum Héichwaasser lassgerappt ginn a schloen elo widdert déi aner. Ganz däitlech kann de Will Steffes all Stouss héieren. Bei all Schlag ziddert de ganze Bréckebau. D’Héichwaasser dauscht, héich Welle spritzen iwwert d’Schinnen an eenzel Äisstécker gi mat hin an hier gehäit.

De Will Steffes béckt sech wäit  iwwert d’Gelänner vun der Bréck. O mäi Gott, gläich wäert dee groussen Haaptpilier briechen. Déi lasse Stäiler hunn e schonn hallef wond geschloen. D’Bréck brécht zesummen!, fiert et ewéi e Blëtz duerch hien. An den Zuch! E grousst Ongléck! Den Doudschweess geet et him aus. Trotz der Keelt.

 

 

Méi schnell ewéi e sech et iwwerhaapt ausdenke kann, rennt de Will Steffes bei d’Signal zeréck. En zitt un den Dréit, fir den Diks erof ze setzen. Op Stopp. Op Halt. Mä ëmsoss. E rappt an zitt, dass d’Händschen him zerräissen. Awer den Diks bougéiert net, seng Dréit si festgefruer.

„Här am Himmel!“, rifft en an d’Nuecht eran, „Looss dat Ongléck net passéieren!“

Mat engem Saz spréngt en op de Sockel a klëmmt a klotert de Mast erop. Gläich huet en d’Hallschecht gepackt. En ass en ale Mann, dat spiert en elo. All Tratt fält him schwéier, an de Mast kënnt him esou héich vir, wéi wann e misst bis an den Himmel klammen. En ass schonn duerch an duerch naass vum Stuerm, seng Hänn si steif vu Keelt.

 

Do! Eng Luucht! Dat ass den Zuch. Ganz wäit hanne gesäit de Will Steffes schonn zwee giel Punkten. „Klammen! Weiderklammen!“, feiert e sech selwer un. Déi zwee giel Punkte gi méi grouss, och d’Fënstere vun där laanger Rei Waggone si scho gutt ze erkennen.

Endlech ass en uewen. Mä neen, den Diks wëllt nach ëmmer net. E kann awer net méi laang probéieren, well den Zuch kënnt ëmmer méi no. A souwéisou huet e keng Kraaft méi an den Äerm. A senger Verzweiflung zitt de Will seng Mutz vum Kapp an hält se virun déi gréng Luucht. Hält se virdrun – zitt se ewech. Erëm virdrun – erëm ewech. Virdrun – ewech. Virdrun – ewech. Dat muss de Lokomotivchauffeur gesinn.

De Will héiert e Quiitschen a Jiipsen. Gott sei Dank, dat sinn d’Bremsen! De Chauffeur huet et gesinn. Et ruckelt a stuckelt op de Gleisen, an am leschte Moment kritt en de Schnellzuch un d’Halen, déi viischt Rieder sti ganz knapp virun der Bréck. Du kraacht et och scho fierchterlech an déi fält zesummen. Den Haaptpilier huet net duergehalen. An der Mëtt ass elo e grousst Lach, 't gesäit een nëmme just nach d’Welle vun der Äerzelt, déi rondrëm sech schloen.

Wéi zwee Männer de Will Steffes vun dem Signalmast erofhuelen, fällt en hinne vu Péng a vu Keelt ohnmächteg an d’Äerm. Seng Hänn bludden. Säi Gesiicht ass blo erfruer. Awer en huet den Honnerte Leit am Schnellzuch vu Paräis d’Liewe gerett.

 

(2020)