Fräi iwwersat no "Am Telefon" vum Jakob Muth a G. Velthaus - ("Lesebuch für das fünfte und sechste Schuljahr"/ Ministère de l'Éducation Nationale, Luxembourg, 1969)

UM TELEFON

 

„Muer kënnt den Zirkus bei eis an d’Duerf“, seet de Mike zum Jenny, senger Schwëster, „do wëll ech onbedéngt nokucken, wéi d’Déieren ausgeluede ginn.“

„Jo … an d’Schoul?“

„Ech ginn einfach net dohin.“

„Mengs de dann net, de Schoulmeeschter géif dat mierken?“

„Deem ruffen ech virdrun un.“

„Wëlls de éiere soen: Här Lährer, ech kann net an d’Schoul kommen, ech muss onbedéngt bei den Zirkus virwëtze goen.“

„Neen, Schwësterchen! Esou domm sinn ech awer net. Ech iwwerleeë mer genau, wat ech soen. Natierlech muss ech krank sinn. Krank sinn ass ëmmer gutt. Dogéint kann een näischt hunn. A schliisslech hunn ech och d’Recht, fir eemol d’Gripp ze kréien, oder net?“

Deen anere Muere waart de Mike, bis de Papp op d’Aarbecht gefuer ass. D’Mamm huet nach an der Kichen ze doen. Hien hëlt den Telefon an der Stuff an dréckt d’Nummer vun der Schoul.

2 – Déi kennt en auswenneg. Well et weess ee jo ni …

6 – Och wa seng Hänn zidderen, dass den Telefon him bal aus de Fangere fält

3 – Oder soll ech villäicht awer léiwer an d’Schoul goen?

1 – Komm, sief elo kee Feigling. Ech hunn dach alles op d’Wuert trainéiert.

8 – Soll den Här Lärer iwwerhaapt op den Telefon kommen? Villäicht steet en nach bei deenen aneren am Haff.

0 – Villäicht kéint ech trotzdem nach zur Zäit an der Schoul sinn. – Mä neen, krank sinn, dat duerf een dach nach sécher. Och wann et keng Freed mécht.

Voilà .. 26 31 80. De Mike hält den Telefon bei d’Ouer. Elo schellt et an der Schoul, de Mike héiert et tuten. Ee Mol, zwee Mol, dräi Mol, véier Mol --- da gëtt déi aner Säit opgehuewen.

Gläichdrop kënnt d’Jenny aus sengem Zëmmer a gesäit de Mike, wéi e mat roudem Kapp do steet an e wéineg mat de Knéien ziddert. Rout gëtt een am Gesiicht, wann ee litt. A wann een nach méi litt, ziddert een och derbei. D‘Jenny kritt de Rescht vum Gespréich nach mat.

„………….“

„Jo, en ass krank.“

„………….“

„Wéi sot Der?“

De Mike ziddert elo schonn net méi grad esou vill, mä d’Jenny hält sech erschreckt d’Hand virun de Mond.

„…………..“

„Jo, Féiwer. An zwar ganz, ganz héicht.“

„……………“

„Dir sot et. Warscheinlech eng Gripp.“

„……………“

„Ween um Telefon ass? – Mä …. mä … mä … mäi Papp.“

„……………“

„Ma jo, Här Lärer. Ech wollt dach nëmme just nokucken, wa se d’Déiere vum Zirkus aus-lueden. Ech kommen direkt. Versprach.“

Da ginn de Mike an d’Jenny zesummen an d’Schoul. Ënnerwee kënnt och de Carlos derbei. D’Jenny erzielt him nach ganz opgereegt, wéi dat elo grad um Telefon gaangen ass. De Carlos muss zwar laachen, awer de Mike geet roueg dernieft, kuckt op de Buedem a seet kee Wuert.

 

 

(2021)