"Die drei Starken" vum Josef Quadflieg - ("Lesebuch für das fünfte und sechste Schuljahr"/ Ministère de l'Éducation Nationale, Luxembourg, 1969) - fräi op Lëtzebuergesch adaptéiert

DRÄI GANZ STAARKER

De Carlos, den Dany an de Greg, dat sinn se, déi dräi Staark. Wann se duerch d’Stroosse flanéieren, hu se d’Hänn déif an der Boxentäsch, se spille mat enger bleche Béchs Foussball, kucken, ween de Knätsch am wäiteste späize kann oder päifen hannert de Meedercher hier ...

 An ëmmer hunn se eng wëlles, dat gesäit een hinne scho vu wäitem of: eemol wollten se déi ganz Schoul ronderëm blo usträichen, eng aner Kéier d’Luuchtepottoen an der Strooss der Rei no ëmbéien, deslescht esouguer am Kierchtuerm al Mäntel an al Lëlldecher ëm de Pendel vun de Klacke wéckelen, dass een déi net méi héiert, wa se lauden ... Dat wier schonn net näischt, well dann, da géifen d’Leit soen: „Kuckt emol, dat woren se, déi dräi Staark. Wat kënne mir houfreg sinn, dass mir esou megacool Kärelen am Duerf hunn!“

 Mä bis haut huet nach kee vun hire Pläng geklappt. Weeder dee mat der Schoul, nach dee mat de Klacken am Kierchtuerm – an ech mengen, si waren och nach ni esou kéng, fir et iwwerhaapt emol ze probéieren.

 De Moment fatzen déi dräi Lëmmele voll gelangweilt iwwert d’Maartplaz a wëssen net richteg, wat se haut mat sech ufänke sollen. Dat ass schonn zimlech domm: Hues de eng Iddi, dann hues keng Zäit – hues de Zäit, dann hues de keng Iddi.

 Op dem Maart ass säit Wochen e grousse Chantier: déi ganz ‚Place du Marché’ gëtt nei gemat. Ale Makadamm an al Trëttoirssteng fort, neie Makadamm an nei Trëttoirsteng dohin. D’Aarbechter si schonn heem an nëmme déi déck Monster-Dampwalz steet nach ganz eleng a friddlech matten an der Mëtt op de Schlaken.

 „Jongen“, rifft de Carlos an dréint de Stuerz vun der Kap no hannen, „déi doen, déi réckele mer elo.“

 Mä de Greg laacht sech kromm: „Hee, hu se dech? Weess du, wéi schwéier esou eng Dampwalz ass? Kuck der dee Koloss emol un! Eleng d’Rieder si scho méi héich ewéi mir. Neen, déi kriss de keen Zentimeter vun der Plaz.“

 „Do wier ech awer net esou sécher“, mengt den Dany. „Ëmmerhi si mer zu dräi, dat ass schonn e ganze Koup. A schliisslech hu mer jo och kee Pudding an den Äerm.“

 Uuu, schwätz nëmme keen deene dräi Staarke vu Pudding an den Äerm! Dat foxt se nämlech, dat mécht se schwäiwëll, a vun elauter Roserei ginn hir Muskele nach e Stéck méi déck ewéi se scho sinn.

 Een Zock doen se hir Jacketten aus a leeën déi niewendrun. De Filou, dem Greg säin Dackel, setzt sech drop a kuckt gespaant den Herrschaften no.

 „Mer musse mateneen drécken“, kommandéiert de Carlos. „Ech ruffen: ,Hooo’ --- an da rufft dir: ,Hopp!’ Awer gutt haart. Soss déngt et näischt. An dann, dann drécke mer allen dräi sou fest wéi et geet. Hutt der kapéiert?“

 Sécher, se hu kapéiert, well dat nennt een Taktik. An esou Saachen ass de Carlos e richtege Profi. Se zéien nach eemol d’Box erop, späizen an d’Hänn an da geet et lass.

 „Hooo–“ – „Hopp!“ .... a schonn drécken se, wat se kënnen. Se drécken an drécken a blosen a käichen, awer d’Dampwalz bougéiert net. Se denkt emol net drun fir ze bougéieren.

 De Filou kuckt nach ëmmer gespaant no an denkt bei sech: ,Ech mengen, déi do hunn eng mat der Pan. Gesinn déi dann net, dass dat Déngen do vill ze vill schwéier ass?!’

 An nach eemol ... de Carlos rifft: „Hooo –“, dann all zesummen: „Hopp!“ Tjëft, iergendwéi musse mer déi Affär dach un d’Wibbele kréien!

 No an no fänkt dat Ganzt dem Filou u langweileg ze ginn an e schnoffelt an hire Jacketten erëm. Dat ass vill méi interessant. A villäicht fënnt een an enger vun den Täschen och nach e Leckerli oder soss eppes fir ze knabberen.

 „Nee Jongen, esou gëtt et näischt“, keimt de Greg a botzt sech de Schweess vun der Stier. „Do muss fir d’éischt emol d’Brems lassgemat ginn, soss krepéiere mir eis nach hei bis Mokuchsdag.“

 „Nu komm, mir sinn awer keng Läppercher!“, laacht den Dany. „Mat der Brems, dat ass dach grad d’Konscht.“

 Och wouer. A scho stemme se sech nees widdert d’Dampwalz an drécke sech bal d’Oderen aus dem Kapp. Wann elo e Mënsch laanschtkéim, dee géif sech froen, ob déi dräi Hammelen do aus dem Geckenhaus ugeblockt sinn.

 „Ha!“, deet de Carlos op eemol e Kreesch, „Ech mengen, si huet sech beweegt.“

 „Maja, et war mir och esou ... zwar net vill, mä ëmmerhin emol e Stéckelchen.“

 „Mäi Gott, et ass alt emol dat. Als Ufank net schlecht. An d’Haaptsaach, mir hunn den Trick elo eraus.“

 Wat se awer am Äifer net bemierkt hunn, dass si beim Drécken selwer op de Schlaken an op de Kiselsteng no hannen ausgerutscht sinn an esou nëmme gemengt hunn, d’Dampwalz wier weidergerullt.

 Et war, wéi gesot, nëmmen e klengt Stéckelchen, mä dat mécht hinnen op jidde Fall neie Courage. Elo gesi se sech schonn am Schoulhaff, alles steet ronderëm, se gi bewonnert an interviewt a fotographéiert, an d’Meedercher komme bei se, fir en Autogramm ze kréien.

 Nun ass et awer esou, dass ee beim Drécke meeschtens d’Aen zoupëtzt. Well wann een d’Aen zoupëtzt, kann ee méi staark drécken – mä dommerweis gesäit een dann awer och näischt. Wéi zum Beispill, dass de Filou et definitiv opginn huet. Hien huet Besseres ze doen. Elo schnoffelt en net nemmen an dee bont. Elo schnoffelt en net nt scho vun Ufank net verstanen, firwat déi dräi Le Jacobs ...den Noriichteneis if vergëmmen an de Jacketten erëm, neen, elo bäisst en dran, spillt dermat, hëlt se schliisslech an d’Schnëss an dréit se e puer Meter no hannen. D’éischt déi eng, duerno déi zweet an dann déi drëtt. Dréit se ewech a setzt sech nees drop a kuckt vu wäitem no.

 „A viru mam Jabel!“, feiert de Carlos déi aner un. „Kommt, mir wäerte jo elo net d’Knëppele bei d’Tromm werfen, elo, wou mer esou gutt am Gaang sinn.“

 Hooo – hopp! E Ruck, an et kréckelt erëm an de Kiselsteng ...

 Hooo – hopp! An nees e Stéckelche weider ...

 Hooo – hopp! Dës Kéier hat den Dany esou fest gedréckt, dass e bal mat der Nues an d’Schlaken trëllt.

 No enger Véierelstonn Keimen a Schweessen dréint de Greg sech ëm a gesäit dohannen de Filou op hire Jackette sëtzen. Deen éischte Moment kritt e kee Wuert eraus, net wéinst deem ville Drécken, mä wéinst deenen siwen, aacht Meter.

 „Männer, ech kënnt déi ganz Welt ëmäerbelen!“, brëllt e vu Freed. „Mir hunn et gepackt. Kuckt emol, wou eis Jackette leien. Sou wäit hu mer se also gedréckt.“

 Si staunen a staunen a kënnen et kaum gleewen. Mä d’Jacketten dohanne beweisen et kloer an däitlech, Jackette kënnen net léien a siwen, aacht Meter si siwen, aacht Meter.

 „Ech mengen, mir kënnen eis mengen“, seet de Carlos. „A virun allem, wou et esou eng schwéier Maschinn ass. Dat muss emol fir d’éischt een eis nomaachen.“

 Se klappe sech op d’Schëlleren, ginn zeréck bei hir Jacketten a kraulen de Filou hannert dem Ouer. „Braven Hond. Hues gutt op eis Saachen opgepasst.“

 Mä elo mussen se sech awer séier aus dem Stëbs maachen, well wann éieren ee vun den Aarbechter erëmkéim a gesäit, dass een hir Dampwalz geréckelt huet, dann ... dann ... dann --- neen, dat wëlle se sech guer net ausdenken, wat da mat hinne geschéie géif.

 A fort sinn se, déi dräi Staark.

 Mat dem Filou hannendrun.

 

(2020)