DEN DRÄIZÉNGTEN

 

Ween donneschdes owes an d’Bett geet an zoufälleg um Kalenner gesäit, dass mer haut den 12. vum Mount haten, deen huet besser deen aneren Dag guer net opzestoen an einfach am Diwwi leien ze bleiwen, well ech si sécher, dass mer da freides, den 13. hunn. A freides, den 13. ass nun eben eppes aneschter ewéi mëttwoches, den 8. oder sonndes, de 25.

     Freides, den 13. ass méi schrecklech ewéi e schrecklechen Horoskop,

     freides, den 13. ass méi schrecklech ewéi enger schwaarzer Kaz ze begéinen,

     freides, den 13. ass méi schrecklech ewéi nuets ze schlofen, wann d’Schafendier nach opsteet

     freides, den 13. heescht: Ongléck! Katastroph! Horror!

    Mä wat elo nach méi uerg ass ewéi esou e Freideg, den 13. --- o neen, ech wëllt net an dem Josette an am Pol senger Plaz sinn, déi haut hiren 10.-Houchzäitsdag feieren. An dat emol net, well de Pol elo scho fir d’zwanzegst probéiert seng Krawatt ze strécken, an et gëtt nach ëmmer näischt.

    „Virginie!“

    „Ja. D’Madame huet geruff?“

    „Virginie, komm mer zielen emol d’Telleren an d‘Glieser, ob mer eis net an der Hetz verrechent hunn. Also, de Pol an ech, den Dokter Perrard, déi zwee Florentini - dat sinn der fënnef. D’Véronique an de Charel - siwen. De Bigelbaachs Batti a säi Melanie - néng. D’Villardiers - eelef. D’Marie-Therèse - zwielef. An dann de Kickes - dräizéng. --- Waaaat? Dräizéng? Mir feieren eisen Houchzäitsdag a mir sinn zu dräizéng um Dësch. All verstännegem Mënsch mussen dach do d’Schudderen de Réck eroflafen.“

    „Wéisou dann, Madame?“

    „Ma Virginie, schumm dech. Du géifs alt och lénks ënnert enger Leeder erduerchgoen, wéi?“

    „Natierlech, Madame. Wa se mer lénks am Wee sténg. Oder géift Dir da villäicht mat dem Kapp dra rennen?“

    Nee, wierklech, d’Virginie versteet dat net. D’Virginie versteet esou villes net, wat d’Josette emol selwer net versteet.

    Mä du schellt et un der Dier. Et ass de Siebenalesch Vic, en ale Kolleg vum Pol, dee just Blumme fir den 10.-Houchzäitsdag laascht brénge wëllt. Si gefalen dem Josette zwar net, mä et seet ower: O, wat e wonnerschéine Bouquet! an heemlech denkt et bei sech: Ha, deen doe kënnt mer elo grad giedlech! An tatsächlech, et dauert och net laang, bis et de Vic iwwerriet huet, fir mat um Iessen ze bleiwen. Och wann e guer net feierlech ugedoen ass. Deen Aarme kritt einfach e Paltong vum Pol un, deen him zwar vill ze kleng ass, mä ‘t ass egal, mir hunn ee méi um Dësch.

    „Virginie!“

    „Ja. D’Madame huet geruff?“

   „Virginie, ech sinn iwwerglécklech. Du kanns een Teller méi dohi setzen. De Monsieur Siebenaler mécht eis déi grouss Éier, fir haut mat ze feieren. Elo ass eisen Houchzäitsdag gerett.“

    „Mä, Madame, ech weess ower net, ob et da mat der Zopp duergeet.“

    „Dat mécht näischt. Da kritt eise Pol ebe keng. Dee sabbelt sech jo souwéisou ëmmer op d’Box.“

    A wéi wann ee vum Däiwel schwätzt, kënnt de Pol elo grad mat dem Handy a kuckt ganz verzweifelt dran. D’Josette mengt schonn, et wier de Bäcker, dee mat dem Houchzäitskuch vun engem Meter héich iwwert de Kueder gefall ass. Mä neen, de Kickes huet grad ugeruff. En huet eng Pann mat sengem Auto. De Motor mécht nëmmen awuuuhh-awuuuhh, a wann s de de Schlëssel dréins, dann hickt en eng Kéier ganz verzweifelt a seet näischt méi. Ah, ‘t ass verflixt a verflucht … a grad elo! Da si mer jo ower nees zu dräizéng um Dësch an a fënnef Minutte solle mer iessen … Mä wou kann een ower och esou e Kolleeg ewéi de Kickes hunn?! Esou e Kickes ass e richtege Kickes, well mat esou engem Kickes geet ëmmer alles schif.

    „Virginie!“

    „Ja. D’Madame huet geruff?“

    „Virginie, du kanns nees een Teller ofraumen. De Kickes huet eng Pann. Deem Trëllert seng al Schrottkar mécht nëmmen awuuuhh-awuuuhh.“

   „Ah sou. Jo, vu mir aus. Iwwregens, Madame, d’Famill Bigelbaach ass och elo grad ukomm. Hiren Hond hu se ower haut doheem gelooss.“

    „Pech! Da wiere mer alt wéinegstens zu véierzéng gewiescht.“

   Ah neen, dat hei ass wierklech net fir ze laachen, dat hei ass méi uerg ewéi owes eng schwaarz Box ze strecken, wann dräi Luuchten am Salon brennen oder Lotterieslousen ze kafen, wann e puer Deeg virdrun d’Salzdëppchen ëmgefall ass … Léiwer géif d’Josette dann dem Virginie eng Perréck vu sech opsetzen, a si quëtschen et iergendzwousch mat un den Dësch oder si zéie Fixspéin, ween an d’Kiche sëtze geet, fir d’Telleren ze spullen.

    Mä just dee Moment kënnt den Dokter Perrard an de Salon. Neen, net fir d’Spull ze maachen, mä et deet him leed, seet en, d’Madame Hoffmann géif jo erwaarden … an dee Klengen hätt sech elo grad ugemellt … a well hie jo scho gehollef hätt, néng oder zéng där klenger Hoffmännercher op d’Welt ze setzen, wëllt en déi ganz Foussballséquipe och elo fäerdeg maachen … a wann et Zwillinge ginn, seet en, da géif en och ee fir d’Josette matbréngen … Dann hëlt e säi Mantel, säin Hutt a säi Prabbeli a fort ass en.

    Uff … zwielef!

   Hoffmännercherszwillingen hin oder hier: Véronique, ruff se all erbäi! Elo ass de richtege Moment do, elo geet et un den Dësch. Ginette! Marie-Thérèse! Mario! Charel! Kommt, ‘t ass esou wäit! A l’attaque! An alles spréngt op d’Still, alles stréckt d’Sabbeldicher ëm den Hals, de Pol mécht déi beschte Fläsch Wäin op, déi se am Keller hunn, d’Virginie bréngt grad d’Zopp mat de Fruits-de-Mer eran --- hei, geet d’Dier op, an do kënnt een eragetierkelt … ausser Otem … de Kostüm voller Uelegflecken, d’Hoer zerzauselt, d’Gesiicht verschweesst …

    ‘t ass de Kickes. Den Awuuhh-awuuhh!

    „Freet iech alleguerten", laacht en. „Hei sinn ech ower nach. Ech si mam Velo komm!“

    Neen … also ower dräizéng!!!

   An dat ass elo méi schrecklech ewéi freides enger schwaarzer Kaz ze begéinen, déi ënnert enger Leeder erduerch leeft, wann d’Schafendier nuets fir ze schlofen opstong, an daags virdrun d’Salzdëppchen op d’Lotterieslousen ëmgefall ass an esou weider an esou fort …

 

 

(2001)