DE CLOWN BEPPO

(1989)

Persounen:      de Clown Beppo

den Zirkusdirekter

d’Carola

den Herkul

de Feierfrësser Bruno, dräi Artisten aus dem Zirkus

dem Beppo seng Bomi

d’Juanita

de Ricardo, zwee Goldgriewer

de Sancho

de Kasimir, zwee Piraten

d’Zigeinerin Rebekka

den Nuckes

de Benni, zwee Cowboyen

den Indianerhäuptling Haki-Tschukla

d’Lady Perrytown, eng räich Madamm

de Mister Scotty, Butler um Schlass

d’Prinzessin

de Minister Léopold

 

den Erzieler

 

 

 

(Den Zirkusorchester spillt Zirkusmusek – vill Leit schwätzen duernerneen.)

ERZIELER

Ah, 't ass ower eppes drun: esou en Zirkus ass eng Welt fir sech. Alles spaasst a laacht, esouguer d’Elefanten an d’Giraffe sinn zefridden, wann d’Leit kommen an an d’Hänn klappen.

Hei kuckt, hei sinn se: d’Carola, dat uewen um Seel danzt, den Herkul, dee schwéier Eisebunnsschinne stemmt an de Bruno, dee Feier späizt.

(CAROLA, HERKUL, BRUNO ruffen: Beppo! Beppo! Beppo!)

Wéi ? Hutt dir nach net ugefaangen?

BRUNO

Ma neen. Mir siche scho wéi laang de Beppo, mä enéierens ass en opzedreiwen.

HERKUL

Sécher huet e sech iergentzwousch verstoppt.

CAROLA

Ah, dee Borscht huet ower nëmme Flautereien an der Kopp. Mä éierlech gesot, wa mer en net hätten, da kënnte mer apaken. En Zirkus brauch säi Clown, well d’Leit rulle sech vu Laachen.

ZESUMMEN

Beppo! Beppo! Beppo!

ERZIELER

Mä neen – kee Beppo wäit a breet. A wéi den Zirkusdirekter hannenaus bei d’Ponyë kucke geet, du sëtzt en do séileroueg seng Walliss ze paken.

(Päerd schären a weieren.)

DIREKTER

Beppo! 't gëtt Zäit. Se ruffen a se ruffen, an du, du weis dech net.

BEPPO

Ech pake meng siwe Saachen, Här Direkter, well ech gi menger Wee.

DIREKTER

Du gees denger Wee?

BEPPO

Ech wor laang genuch Clown bei iech. Ëmmer un de Bretellen um héije Seel erëmkluunschelen a probéieren, fir mat deem klengen, karéierte Prabbeli erofzefléien, dat kann engem mat der Zäit schonn op d’Schlappe goen.

DIREKTER

Mä d’Leit laachen ower, an d’Kanner geroden aus dem Hais-chen.

BEPPO

Ebe well e Clown e Clown ass an alles verkéiert am Liewe mécht. Neen, ech wëll kee Clown méi sinn, Här Direkter. Ech hunn d’Flemm, Här Direkter.

ERZIELER

Carola! Bruno! Kommt, hei ass en! – Mä neen, eenzock ass de Beppo op de Bam niewendrun eropgeklotert a setzt sech uewen an d’Äscht.

CAROLA

Wat huet en nëmme wëlles?

BRUNO

Beppo!

HERKUL

Komm erof!

BEPPO

Nee merci, ech hunn es sat.

DIREKTER

Mir brauchen dech. En Zirkus ouni Clown – dat ka sech dach kee virstellen.

CAROLA

Beppo!

BEPPO

Ruff kee méi mech Beppo, well ech si kee Beppo méi. - Äddi, ech maache mech op de Wee, fir en neit Liewen unzefänken.

ERZIELER

A wierklech, e pucht säi gréngen Hittchen an d’Äscht erop a gläich drop ass en uewen am Bam entschlof ---

(De Beppo schnaarcht.)

--- hei, et géif een esouguer soen, e géif dreemen … Ma jo, da loosse mer en alt, well wann een dreemt, ass een ëmmer en aneren, a wann een ëmmer en aneren ass, mat aneren Iddien a mat anerem Gezei, da kritt een och net esou liicht d’Flemm.

 

****

 

BOMI

(verwonnert) Beppo ... du?

BEPPO

Do kucks de elo grouss, wéi?

ERZIELER

Aha, eise Clown dreemt vu senger Bomi, déi doheem an der Kiche steet d’Spull ze maachen.

(An enger Kichen: Telleren, Tasen a Schossele rabbelen.)

BOMI

A wéisou bass du dann net an dengem Zirkus?

BEPPO

Ech hunn d’Flemm all owes Clown ze spillen, Bomi. Ech siche mer en anert Handwierk.

BOMI

En anert Handwierk? Mä so, ech hunn hei e Buch, e Buch iwwer Goldgriewer.

BEPPO

Goldgriewer?! Ei, all owes häss de siwe Këschte voll.

('t gëtt an engem Buch gebliedert.)

BOMI

Hei kuck, se gruewen net nëmmen no Gold, neen, se sichen och no dem gréngen Hutt.

BEPPO

No engem gréngen Hutt? Komesch!

BOMI

Wéi et schéngt kann e Wonner wierken, well een, deen en op huet, ass e Liewe laang glécklech, frou an zefridden. Wann s de wëlls, da weisen ech der de Wee dohin. Komm mat!

BEPPO

Ech ginn e Goldgriewer ... Ho, wann se dat am Zirkus wéissten!

 

****

 

ERZIELER

An esou geet dem Beppo seng wäit Rees un, mä kee Mënsch weess, wou si nach hi féiert, well eis Welt ass grouss, si huet bal keen Enn.

(Waasser plätschert, Äscht briechen a Steng rullen duercherneen.)

Jo, hei erëmmer mussen se gruewen, de Ricardo an d’Juanita. D’Gestraiss ass struppeg, an d’Waasser schléit wëll ëm d’Fielsen. Mä hei, op eemol ---

(De Wand bléist.)

BEPPO

(erféiert) Bomi, kuck! En Doudekapp!

BOMI

Hei jo! 't ass de Fändel vun deem ale Pirateschëff.

BEPPO

Piraten?!

BOMI

Dat Schëff läit scho laang hei, Beppo. Hopp, duck dech, dohanne koschteren se erëm.

(Holz gëtt geseet an 't gëtt gehummert – de Sancho an de Kasimir schwätze „gebrache“ lëtzebuergesch.)

SANCHO

Hahaha, Goldgriewer... du dees Sancho laachen, Bomi.

KASIMIR

E Pirat brauch nëmmen um richtege Wee ze laueren, bis se mat hire Säck getrëppelt kommen ---

SANCHO

--- an da gare di Box, da rabbelt et an di Broutgaass, hahaha ...

BEPPO

De Sancho an de Kasimir mat dem Holzfouss! Grujeleg gesinn se aus, Bomi.

BOMI

Komm, dreem elo net, Beppo, mer musse gläich do sinn, a meng Gold-griewer waarde scho bestëmmt op dech.

(Waasser plätschert weider - Handwierksgeschier rabbelt – e puer päifen derbei.)

ERZIELER

A lauschter nëmmen, wat et dem Beppo esou gutt gefält mat dem Ricardo an dem Juanita no Gold ze gruewen, ower och, fir emol en anert Liewen ze liewen ewéi dat gewéinlecht vun all Dag.

(Eng Trompett bléist zum Appell.)

A wéi d’Sonn owes schlofe geet, hu se schonn en décke Koup zesummen.

(De Ricardo an d’Juanita schwätzen och „gebrache“ lëtzebuergesch.)

RICARDO

Sou, Feierowend, dir Goldgriewer!

BEPPO

Wéi? Pake mer schonn an ?

JUANITA

't geet sech es duer fir haut, Beppo, muer ass der nach en Dag.

BEPPO

Bass de da wéinegstens zefridden, Ricardo?

('t gëtt an de Goldsteng gewullt.)

RICARDO

't leie sech siwwenzéng Kilo Gold an de Säck. Du hues deng Saach gutt gemat, Beppo.

JUANITA

A wann ech eemol di Carola an di Bruno aus dem Zirkus begéinen, dann erzielen ech hinnen, wéi mir houfreg sinn iwwert dech.

BEPPO

O jo, maach dat, Juanita, da baschten déi vun Näid.

RICARDO

Hopp, géi du vir mat Lanter, Juanita, de Wee aus der Bomi hirem Buch ass zimlech knuppeleg.

(D’Waasser plätschert méi no – eng al Schell rabbelt.)

KASIMIR

(am Pëspertoun) Sancho, ale Pirat, héier! Den Olaf gëtt Zeechen. D’Goldjange sinn ënnerwee.

SANCHO

Da fläiss de dech, Kasimir. Op eemol sinn se laanscht.

KASIMIR

Lues. Gemittlech. Ech hunn en Holzfouss. Dee geet net esou séier mat.

SANCHO

Looss se kommen, looss se kommen. Vu muer u brauche mer net méi Pirat ze spillen, da si mer Hären, hahaha ...

ERZIELER

A wéi d’Juanita, de Ricardo an de Beppo bei d’Schëff mam Doudekapp kommen ---

(Schëss aus enger Flënt)

--- du falen d’Piraten ewéi wëll iwwert se hier.

('t gëtt gerolzt a sech zerklappt – duercherneen: Ah! O ! Hee! asw.)

Op eemol rennt de Kasimir dem Ricardo den Holzfouss an d’Säit ---

(E laange Kreesch: Aaaaah!)

--- de Sancho rappt him d’Goldsäck vum Bockel, an déi zwee maache sech duerch d’Bascht.

(Knaschtegt Gelaachs, ëmmer méi wäit)

D’Juanita an de Ricardo brauche laang, bis se nees kloer denke kënnen, mä de Beppo schéngt eppes um Buedem entdeckt ze hunn.

BEPPO

Hei! Eng Foussspuer am Sand. Deen huet bestëmmt gehippt. Kuck, mat deem rietse Bee mécht e méi kleng Schrëtt ewéi mat deem lénken.

JUANITA

(erstaunt) Beppo!

BEPPO

Villäicht hat en en Holzfouss ... wee weess.

RICARDO

So, du wiers eng gutt Detektiv.

BEPPO

Wéi? En Detektiv?

JUANITA

(rifft) Rebekka! Zigeinerin Rebekka!

RICARDO

Si géifen déck Bicher mat Kriminalgeschicht iwwer dech schreif.

(Eng al hëlzen Dier gëtt opgemat.)

REBEKKA

Weis hier, Beppo, e Liewe laang liesen ech schonn de Mënschen aus der Hand, mä nach ni hunn ech ee fonnt, deen esou gutt Detektiv spille kann ewéi s du. Komm mat a mäi Schapp, du kriss direkt Aarbecht.

 

****

 

ERZIELER

E Goldgriewer huet wuel méi en interessant Liewen ewéi e schappege Clown, mä e richtegen, liewegen Detektiv, gleef mer es, do kribbelt et der vu mueres bis owes an de Fangeren.

(Eng Guckgucksauer téckt.)

REBEKKA

Dach. Ech hunn Angscht, Beppo. Elo geet dat scho Joeren esou. E géif eis déi al Guckgucksauer mat dem gëllene Villche klauen, seet en.

BEPPO

Nun hal ower op!

REBEKKA

Mir telefonéiert en ëmmer an deenen anere schreift e Bréiwer. Hei ...

(Pabeier raschelt.)

BEPPO

Ee fir de Bruno ... ee fir d’Carola ...

REBEKKA

A vu jiddwerengem wëllt en onbedéngt e gréngen Hutt. Komesch.

BEPPO

De gréngen Hutt? Ho, weess de, Zigeinerin, ech sinn och scho wéi laang no deem op der Sich, well een deen en huet, deen ass säi Liewe laang frou an zefridde mat sech selwer.

REBEKKA

O gutt, dass ech dech fonnt hunn, Detektiv Beppo, well du solls erausfannen, ween dee Kärel ass.

(D’Guckgucksauer schléit.)

Aha, fënnef Auer. Ëm dës Zäit rifft en all Dag un.

(Den Telefon rabbelt.)

Voilà. Do ass en.

BEPPO

Ech si gespaant, Rebekka. Iwwerhaapt, en Detektiv ass ëmmer gespaant an duerfir kritt en och net esou liicht d’Flemm am Liewen.

(hieft op) Hallo?

(Paus)

REBEKKA

Wat seet en ?

BEPPO

O,  net vill. Ech verstinn ëmmer nëmmen eppes vun deem gréngen Hutt. Bis muer um hallwer zwou hätt en e gär, seet en. (hänkt den Telefon an)

REBEKKA

Mä ech kann him ower keen aus engem Steen eraus schloen.

BEPPO

A wann net, da kéim e sech d’Guckgucksauer huelen. – Mä keng Angscht, et dauert net méi laang, dann hunn ech mer dee Borscht gepléckt.

REBEKKA

't ass ower schwéier een ënnert villen ze fannen, zemol wann e säin Numm net soe wëllt.

BEPPO

Zigeinerin Rebekka, hannendrun huet ee Musek op enger Mondharmonika gespillt. Domat huet e sech selwer verroden.

REBEKKA

Mat enger aarmséileger Mondharmonika?

BEPPO

Jiddweree verréit sech op iergendeng Manéier. Grad ewéi mat de Bréiwer. All Schreifmaschinn klappt hir Buschtawen anescht ---

(Pabeier raschelt nees.)

--- an hei – jo, voilà, kuck, de groussen A steet méi déif, an de klengen U hänkt kromm.

REBEKKA

Beppo, ech ka mech nëmmen iwwert dech wonneren.

BEPPO

Ah jo, en Detektiv ass kee Clown, deen Owend fir Owend seng Konscht-stécker zum beschte gëtt. En Detektiv muss mat dem Käppche schaffen, e muss iwwerleeën. Ech wëllt d’Miss Bianca, dat sech all owes am Zirkus d’Tasen op de Kapp stellt, hatt kéim hei laanscht – et géif mech bestëmmt net méi auslaachen.

 

****

 

ERZIELER

An et dauert emol guer net méi esou laang, do schläicht de Beppo duerch de Wëllen Texas, do wou vun de Cowboyen an den Indianer déi koppegst Geschichten erzielt ginn. A ganz hannen, an engem alen Zuchhais-chen, flackert e Petrollskänki, well den Nuckes, en nach méi ale Chef-de-Gare, sëtzt derbei mat sech selwer Kaart ze spillen.

NUCKES

An du verleefs dech hei bei mir, wou scho säit Jor an Dag keen Zuch méi laanscht kënnt? Fréier koumen der aus der ganzer Welt hei un, vu riets a vu lénks, mä haut ass net méi vill lass mat eis.

BEPPO

Ech sichen de gréngen Hutt, Nuckes.

('t gëtt op enger Schreifmaschinn getippt.)

NUCKES

De gréngen Hutt? An duerfir tipps de op menger Schreifmaschinn erëm?

BEPPO

Se huet dech verroden. Du hues déi Bréiwer geschriwwen. Kuck, iwwerall steet de groussen A méi déif, an de klengen U hänkt kromm.

NUCKES

Mä, Beppo ... mä ...

(Eng Mondharmonika spillt.)

BEPPO

Héiers de, an do spillt d’Mondharmonika jo och. - Da komm hannert de Wäifläschen eraus, Cowboy Benni, vun haut u braucht der net méi ze telefonéieren, wann de Guckguck fënnef Auer schléit.

(Wäifläsche rabbelen.)

BENNI

Beppo, hei sinn ech an ech wonnere mech iwwert dech.

NUCKES

Wierklech. An do gouf ëmmer erzielt, du wiers nëmmen en honds-gewéinleche Clown, mä du bass jo e richtegen Detektiv.

BENNI

Ei, an esou ee siche mir scho laang, well e gudden Detektiv ass och schlau genuch, fir bei eis Chef-Ingenieur ze spillen.

BEPPO

Chef-Ingenieur?

NUCKES

Jo. Mir wëllen eng nei Eisebunn duerch den Texas leeën.

BENNI

Eis Lokomotiv mat hire Schinne waart schonn op dech, Beppo. Komm, mer ginn eis gläich un d’Aarbecht.

 

****

 

BEPPO

Zirkusclown ... Goldgriewer ... Detektiv ... an haut op eemol Chef-Ingenieur bei de Cowboyen, fir en neien Zuch fueren ze loossen. Flott!

('t gëtt geschëppt an op Eise geklappt.)

BENNI

Ei, gläich ass et nees ewéi fréier, Boss: vu mueres bis owes donneren d’Zich hei laanscht.

NUCKES

Da stinn ech nees bei mengem Garenhais-che mat dem Fändel ze wénken, an de Benni kann hinnen den Diks riichten an d’Weiche stellen.

Hei lauschter, do kënnt schonn deen éischten.

(Eng Damplokomotiv kënnt méi no.)

BEPPO

O, freet iech net ze fréi, Männer. Kaméidi mat de Mohikano-Indianer kréie mer ganz sécher.

BENNI

Fäert déi dach net, Boss.

BEPPO

Se sprangen eis un d’Guergel, wa mer eng Eisebunn duerch hiert Land leeën.

NUCKES

Se solle frou sinn, wann iwwerhaapt en Zuch fiert. D’Zäite mat de Post-kutschen, déi sinn dach scho laang eriwwer.

ERZIELER

An iwwerdeems de Beppo seng Landkaart weider stodéiert ---

BEPPO

(erféiert) O !

ERZIELER

--- du gëtt op eemol vun hannert den Hecken en Indianerfeil riicht derduerch geschoss.

(Äscht a Gestraiss ginn ausernee gebrach.)

INDIANER

Do luuss de, wäisse Mann.

BEPPO

Kee Wonner. Mir kréien héije Besuch.

INDIANER

Ech, Haki-Tschukla, Häuptling vu Mohikano-Indianer. – A wat dreift dech dann heihin, Chef-Ingenieur?

BEPPO

Mä ... mä ... mä mir hu wëlles eng Eisebunn ze bauen.

INDIANER

Waaat? En Zuch?

BEPPO

Jo. E fonkelneien.

INDIANER

Beppo, dëst Land, esou wäit wéi deng Ae kucke kënnen, gehéiert de Mohikano-Indianer ---

BEPPO

Sécher, mä ---

INDIANER

--- ower d’Bleechgesiichter si Verbriecher, si huelen de roude Männer ëmmer méi vun hirem Buedem ewech a maache sech Här a Meeschter drop.

BEPPO

Mä mir wëllen dach blouss ---

(Den Häuptling deet e laangen Indianerkreesch.)

Hee, lues! Mä da waart mol een Abléck ...

(Päerdgereids an Indianergejäiz)

ERZIELER

An hei, vun alle Säite kommen se erbäigeridden, rout a giel gemoolt a mat fuerwege Fiederen um Kapp. An éier den Nuckes an de Benni sech wiere kënnen, hu se de Beppo gepléckt an un de Marterpoul gefesselt.

(Getrommels op engem Bongo)

NUCKES

(päift) Haki-Tschukla, bass de crazy?

BENNI

De Beppo ass eise Boss.

INDIANER

Schummt iech, Männer mat wäisse Gesiichter, dir klaut eis d’Land, fänkt eis d’Mustange mat Lasso, mä nach kee vu Bleechgesiichter wollt jeemools Friddenspäif mat Indianer fëmmen.

ERZIELER

Ja, ja, ween dreemt net scho vun der Friddenspäif ... Zwee Stéck, déi se zesumme fëmmen, hunn ni méi Sträit mateneen.

(En Zuch kënnt nees un.)

An hei, aus engem vun deenen décken Zich klëmmt op eemol eng räich Madamm eraus, d’Lady Perrytown, a fëmmt se, d’Friddenspäif.

LADY P.

Hei ass se, grousse Mohikano-Häuptling, du hues derno gefrot. Dämpt se dann net schéin?

INDIANER

Hugh! D’Friddenspäif!

(Indianergejäiz)

Stréckt Beppo nees lass, Lady Perrytown, dass mer d’Päif matenee fëmmen. Vun haut u gëtt kee Krich méi mat wäisse Mann.

(Rythmescht Indianergeséngs)

LADY P.

Ech hu scho wéi laang op dech gewaart, Beppo. Komm mat.

BEPPO

Mä Lady, ech si Chef-Ingenieur hei beim Zuch.

LADY P.

Pfff! Vun haut u bass du eppes Besseres.

BEPPO

Nach eppes Besseres? Do wier ech ower gespaant.

LADY P.

Vun haut u bass du den Här op mengem Schlass.

BEPPO

Neen ... wat ech ower net alles erliewen! En Zirkusclown gëtt Schlasshär ...

 

****

 

(D’Stëmme schalen um Schlass.)

BEPPO

Ech hu scho vill vum Schlass Cattelburgh héieren, mä dass ech eemol hei Här a Meeschter géif ginn, neen, ech hätt mer et nimools afale gelooss, well et ass wierklech e Schlass ewéi an engem Dram, mat engem richtege Butler.

(Et schellt eemol kuerz – eng Dier geet op.)

BUTLER

D’Herrschafte wënschen?

BEPPO

Butler Scotty, ech gelëschten e gudde Krou aus eisem Wäikeller, ower vun deem allerbeschte Faass.

BUTLER

Wéi de Sir Beppo wëllt. An nëmmen däers Beschten.

(D’Dier fält nees zou.)

ERZIELER

Als Clown wor en net gewinnt ewéi en Här ze liewen, mä esoubal en ower e Liewe laang Här um Schlass Cattelburgh spille soll, mäi Gott, dat mécht op eemol Spaass.

LADY P.

Jo, mä 't ass just een Hoken derbei. Scho vill souzen der hei am schwaarzen Zylinder deiere Wäin ze drénken ---

( t gëtt mat de Glieser ugestouss.)

--- an op eemol sinn se mer fortgelaf.

BEPPO

Neen ... Wéisou?

LADY P.

Pscht ... (lues) D’Schlass ass verhext.

BEPPO

Hë?

(Säi Glas fält op de Buedem.)

Verhext?

LADY P.

Yes. Lauschter nëmmen.

(Eng Gei spillt.)

BEPPO

Eng Gei?

LADY P.

Scho säit 1799 hänkt se am alen Tuerm, iwwert enger chineesescher Vase, a bei Vollmound fänkt se u mat spillen.

BEPPO

Eleng? Eng Gei, déi vu sech eleng spillt ... Verréckt!

LADY P.

Et geeschtert hei um Schlass Cattelburgh ...

BEPPO

Lady Perrytown, ech komme wuel nëmmen aus engem klengen Zirkus, mä als Goldgriewer gouf ech nuets vun de Piraten iwwerfall a gläich drop vun de Monikano-Indianer wéinst deem neien Texas-Zuch gefesselt. Neen, neen, mech kritt näischt méi vu mengem Schlass verdriwwen, och wann et nuets hei geeschtert. Et geet mir ëm de gréngen Hutt.

ERZIELER

Ah, et kann een dech wierklech nëmme bewonneren, Beppo ---

(D’Guckgucksauer schléit zwielef.)

--- well ëm Mëtternuecht wackelt op eemol dat grousst Bild mam Clown un der Mauer hin an hier ... an hin an hier ---

LADY P.

Beppo, kuck!

(Holz tockt op de Buedem.)

ERZIELER

--- den Dësch juppelt a spadséiert vun eleng doruechter ---

BEPPO

't ass bal net ze gleewen.

ERZIELER

--- an hannert der Fënster am Tuerm huscht ee Schiet nom anere laanscht an deet schauereg Kreesch an der däischterer Nuecht.

(Stëmme mat Echo:        - Gëss de mer de gréngen Hutt heihin!

                                  - ... de gréngen Hutt heihin!

                                  - ... Hutt heihin! )

BUTLER

Nee, Beppo, esou grujeleg ewéi dës Nuecht wor et ower nach ni.

LADY P.

Lauschter! An do kréckelt nach eppes an der Mauer.

BUTLER

Op d’Säit, Lady Perrytown, d’Steng komme gefall.

(Steng falen zesummen.)

ERZIELER

A wierklech, aus der Mauer klotert elo e Gespenst mat enger Gei eraus  ---

(D’Gei spillt nees.)

--- an zwee aner Geeschter kommen ënnert dem Dësch ervirgekroch.

(Knaschtegt Gelaachs)

De Beppo ower faxt net laang, e spréngt op se duer ---

LADY P.

(entsat) Beppo, ëm Gotteswëllen!

ERZIELER

--- a rappt hinnen déi wäiss Dicher vum Kapp.

BEPPO

Neen ... do soll een ower soen ... D’Juanita vun de Goldgriewer, d’Zigeinerin Rebekka an den Nuckes!

LADY P.

Beppo, du kenns se?

BEPPO

't si meng Frënn, Lady, d’Frënn vu menger laanger Rees. – Mä den Hutt, Komeroden, deen hunn ech nach ëmmer net fonnt.

REBEKKA

Grad duerfir si mer jo och haut bei dech komm.

NUCKES

Deng Rees ass nämlech nach net um Enn, Beppo.

JUANITA

't bleift sech nach e klengt Stéckelchen ... Här Grof!

ZESUMMEN

Här Grof!

BEPPO

(verwonnert) Grof? Ech?

LADY P.

Oh no ... Här Barong!

ZESUMMEN

Här Barong!

REBEKKA

Gewëss .... Här Kinnek!

ZESUMMEN

Här Kinnek ... Här Kinnek ... Här Kinnek ...

(D’Stëmme verschalen.)

BEPPO

Kinnek .... Ha, wéi dat engem an den Ouere kléngt! Ech wëllt, déi aus dem Zirkus géife mech hei gesinn, et wier hinne bestëmmt, wéi wann se géifen dreemen.

 

****

 

ERZIELER

Scho säit véier Joer ass e Kinnek, seng Exzellenz Beppo I. En huet e grousse Palast mat 853.476 Goldstécker - mä komesch, an der leschter Zäit huet en en anert Gesiicht, well nach kee Mënsch huet e laache gesinn.

(Geräischer aus der Natur)

PRINZESSIN

Dajee, Pappi, schéiss de net méi? E Kinnek ass dach esou gären op der Juegd.

BEPPO

Nee Prinzessin, ech ginn et op. Scho säit dräi Deeg hunn ech mol keen Hues méi geroden.

PRINZESSIN

Duerfir brauchs de ower net esou traureg dranzekucken. Laach dach emol nees.

BEPPO

Laachen? Onméiglech. Ech hunn d’Laachen iergendzwousch verluer.

PRINZESSIN

Droleg ... Kann een iwwerhaapt esou eppes Flottes ewéi d’Laache verléieren?

ERZIELER

Tja, et mengen der vill, Goldstécker zielen an op d’Juegd goen, dat wier e Liewen ewéi e Kinnek, mä e Kinnek langweilt sech, ebe well en näischt aneschters ze maachen huet ewéi un engem Stéck Kinnek ze spillen.

(E Päerd kënnt geridden.)

PRINZESSIN

Hei, de Minister Léopold! O, gutt, dass Der kommt.

MINISTER

Wéi, huet seng Exzellenz schlecht geschlof? Oder villäicht schlecht gedreemt?

BEPPO

O Léopold, et dauert laang, bis ee Kinnek ass, mä de gréngen Hutt, fir nees frou an zefridden ze ginn, neen, deen ass och net hei ze fannen.

MINISTER

Ech wéisst e Rot: seng Exzellenz brauch e Clown.

BEPPO

E Clown?

PRINZESSIN

Jo, Pappi. All Kinnek huet een op sengem Schlass. Wann e mat de laange Schlappen eragetrollt kënnt a seng Grimasse schneit, da muss de scho laachen.

(De Beppo muss kuerz laachen, während den nächste Replique kënnt en ëmmer méi an d’Laachen.)

MINISTER

Ob Der et gleeft oder net, ech hunn eemol esou e Clown gesinn, wéi en am Zirkus héich uewen op engem Seel stong ---

BEPPO

Jo?

MINISTER

--- e klenge Prabbeli wor säi Fliger, wann en éiere vun uewen erof fale solllt ---

BEPPO

Ho, Minister Léopold ... (muss weider laachen)

MINISTER

--- e spaant en op, op eemol facht en no enger Méck, en tierkelt hin an hier ---

BEPPO

Hal op! (laacht ëmmer méi)

MINISTER

--- e rëtscht aus, schléit de Kopplabunz ---

BEPPO

Ech ... ech kann net méi, Leopold ...

MINISTER

--- mä ee Gléck hat e sech mat senge fuerwege Bretellen am Seel ver-faangen an en huet esou laang an der Luucht erëmgekluunschelt, bis den Zirkusdirekter e mat senger Leeder erofgeholl huet.

(De Beppo verschléckt sech bal am Laachen.)

PRINZESSIN

Pappi, Pappi, du laachs jo nees?!

BEPPO

Mä ... mä ... mä wou soll een dann do net laachen. - Hopp, stiech der mäi Gold an d’Täsch, Léopold, an da gees de mer esou eppes kafen.

MINISTER

Wat, Exzellenz?

BEPPO

Mä esou e Clown. Ech brauch en. An nach haut.

ERZIELER

E Clown! 't ass dach droleg: dee räichste Kinek brauch op eemol e klengen Zirkusclown, fir nees frou ze ginn a vun Häerze laachen ze kënnen.

Mä waart emol, do kenne mer dach een esou ...

Jo ... deen! An deen huet scho vill Leit un d’Laache kritt.

PRINZESSIN

(rifft) Beppo! Beppo!

(D’Stëmm verschaalt.)

 

****

 

ERZIELER

A ganz lues erwächt eise Clown Beppo uewen an dem Bam, e reift sech mol d’Aen, kuckt verwonnert rondëm sech ---

(Zirkusambiance – Zirkusmusek – Leit klappen an d’Hänn.)

BEPPO

Mä – do huet dach ee mech geruff?! Beppo, Beppo!, ech hunn et däitlech héieren.

So, ech hunn dach net gedreemt oder ---

Mä dach, ech hu gedreemt. An nëmme gedreemt. – Jo, elo erënneren ech mech nees, ech si wäit an der Welt ronderëm gelaf: Goldgriewer ... Detektiv ... Chef-Ingenieur bei de Cowboyen ... Här op engem Geeschterschlass ... esouguer Kinnek mat 853.476 Goldstécker ...

ERZIELER

Iwwerdeems kënnt den Zirkusdirekter vun hanne getrëppelt a rëselt mat sengem Reesbengel den Hittchen aus den Äscht erof, deen de Beppo elo éinscht eropgepucht hat.

BEPPO

Mä ... mä ... a wat --- Also, ech dreemen dach elo sécher net méi?!

(verwonnert) E gréngen Hutt? – Mäi gréngen Hutt! Jo, hei ass en. Do soll een ower soen: enéierens hunn ech e fonnt, an elo fält e mer vu selwer an d’Gräpp.

Juch-huu, ech sinn nees deen ale Clown, de Clown Beppo am gréngen Hutt! Ei, wéi flott!

CAROLA, BRUNO, HERKUL

(duercherneen – vu wäitem, dann ëmmer méi no)

- Beppo!

- Hei, en ass erwächt.

- An e laacht nees!

- Jo, e laacht!

- En huet seng Flemm verschlof.

BEPPO

Jo, Carola, ech sinn nees zefridden ... an ech bleiwen et, Bruno ---

(Alles klappt an d’Hänn – duercherneen:

              - Ah!

              - Flott!

              - Gutt, Beppo!)

DIREKTER

Gesäis de, ech duecht mer et jo.

BEPPO

--- well och dee steeräichste Kinnek, Här Direkter, geet sech heiansdo en hondsgewéinleche Clown kafen, fir nees eemol laachen ze kënnen.

(Den Zirkusorchester spillt nees.)

Dajee, dajee, begannt iech! Den Orchester spillt, an ech, ech wëll op mäi Seel erop. En Zirkus brauch schliisslech säi Clown, well soss, soss kann en apaken.

 

****