Fräi iwwersat no "Ein Bär wächst bis zum Dach" vum Hans Bender - ( "Lesebuch für das fünfte und sechste Schuljahr"/ Ministère de l'Éducation Nationale, Luxembourg, 1969 )

DEE WIISST BIS UN DEN DAACH

 

„An, wéi hunn déi Borschten dann ausgesinn?“, freet de Commissaire.

Deen aus dem Zoo, dee mat der Kap um Kapp, wou grouss „Gardien“ drop steet, äntwert: „Se hate blo Boxen a giel Hiemer un; si waren ongeféier esou grouss –“ an dobei hält en d’Hand och esou ongeféier iwwert den Dësch.

„Soss keen Unhaltspunkt?“

„Neen. Soss keen Unhaltspunkt.“, seet deen aus dem Zoo, mat där Kap um Kapp.

 

Daags drop steet et grouss an der Zeitung ënner „Lokales“, mat fettgedréckter Iwwerschrëft:

 

 

    KOMESCHE KIDNAPPING AM ZOO

Dräi Bouwen am Alter vun 10 bis 12 Joer hunn et gëschter am spéiden Nomëtteg fäerdeg bruecht, dee jonke Bier Mambo, deen eréischt am Mäerz op d’Welt koum, ze entféieren. Déi kleng Gaunere sinn op der Säit vun der Baach iwwert den Drot entwëscht. Laut den Aussoe vum Zoopersonal haten se blo Boxen a giel Hiemer un. Den Déiereschutzveräin wier frou, wann d’Leit, déi eppes gesinn hunn, sech géifen op deem nächste Police-Büro mellen.“

 

 

Déi hallef Stad liest dësen Artikel, déi hallef Stad ass ausser sech, a jiddweree kuckt an all Gaass an an all Eck, hannert all Poubelle an hannert all Mauer, ob en näischt Verdächteges gesäit.

 

Just d’Jongen, déi schellen wéi d’Jongen alleguerte mat hire coole Mountain-Biken duerch d’Stad erëm; si sti virun de Kinoen d’Plakate vun de Cowboy-Filmer ze bewonneren; si leie beim Glacebuttek mat dem Réck widdert der Mauer an diskutéieren iwwert d’PS vun deieren Autoen a Motorrieder; op der Wiss, ënne beim Waasser, spille se Foussball, baussent der Stad leeën se Konservebéchsen op d’Tramsschinnen; se trëppele mat hire Liedermappen an d’Schoul a mat hire Geien an de Conservatoire; si léine sech Romaner aus der Bibliothéik a kafe Knätsch um Kiosk, an alleguerten hu se blo Boxen a giel Hiemer un, a kee Mënsch kann iergendee vun de Jongen mat de Mountainbiken, de Glacen, de Béchsen, de Geien oder dem Knätsch mat bei d’Police huelen.

 

Mueres fréi, wéi den Deckel vun der Bréifboîte rabbelt, leeft de Tim direkt vrun d’Dier, hëlt d’Zeitung eraus, schléit se op a liest d’Notiz mat där fettgedréckter Iwwerschrëft.

En ass bleech am Gesiicht, geet a säin Zëmmer, hëlt seng kuerz Box aus dem Schaf an nach express e gréng-rout karréiert Hiem.

Seng Mamm rifft aus der Kichen: „Firwat dees de dann elo eng kuerz Box un? 't ass dach batter kal dobaussen.“

„Guer net kal“, seet de Tim.

En drénkt seng zwou Tase Mëllech, ësst ee Bréitchen a stécht zwee anerer, wéi seng Mamm grad den Teppech um Balcon ausklappt, heemlech an d’Täschen.

Da leeft en déi Säit d’Strooss, schellt dräimol beim Sammy – eemol kuerz, zweemol laang – a kuckt d’Haus erop, bis deem säi blonde Kapp uewen duerch d’Fënster erausluusst.

„Ech sinn direkt do ënnen“, rifft en. A wéi en duerch d’Dier kënnt, freet de Tim opgereegt: „Hues de d’Zeitung gelies?“

„Wéi kënns de dann op déi Iddi? Firwat soll ech d’Zeitung liesen?“

„Ma well et dra steet. An och wéi mer ugedoe woren, steet dran. Ganz genau.“

„Wéi mer ugedoe woren ----?“

„Blo Boxen a giel Hiemer.“

De Tim kuckt de Sammy, an de Sammy kuckt sech selwer, vun uewen no ënnen a vun ënnen no uewen: blo Box, gielt Hiem.

„Géi dech séier strëppen“, seet de Tim. „An huel him eppes fir ze friesse mat“, rifft en dem Sammy nach hannendrun no.

 

De Lex wunnt baussent der Stad, a méi engem ofgeleeënen Eck tëscht dem Gaswierk, dem Stadion an de Rangéiergleise vun der Gare. Am leschten Haus vun där laanger Rëtsch, wunnt en, bei senger Mamm, déi ëmmer krank am Bett läit.

Do steet en houfreg virum Zonk, houfreg wéi de grousse Chef, mat béiden Hänn an der bloer Box.

„Et geet iech sécher net schëtzeg genuch, fir mat him ze spillen, wéi?“, empfänkt en déi zwee a grinst dobei iwwert d’ganzt Gesiicht.

„Dat och“, seet de Tim. „Awer fir d’éischt muss de eng aner Box an en anert Hiem undoen.“

„Wéisou? Firwat?“

„Et steet an der Zeitung: Se koume a bloe Boxen a gielen Hiemer.“

„Ween?“

„Ma mir.“

„Hopp, do eppes aneschters un“, seet de Sammy.

„Ech hunn näischt aneschters“, seet de Lex.

 

Am Schapp, hannenaus am Gaart, tëscht Holzkéip, ale Brieder, engem futtisse Faass, engem verraschte Bettgestell, tëscht Autospneuen, Bitercher an Eemeren, dem Kanéngerchesstall an der Drotekëscht mat de Mierschwéngercher – do, an deem ganze Gerëmpel haten se de klenge Bier verstoppt. Wéi eng Kugel läit en um Buedem zesummegerullt, e luusst op se erop, streckt a leckt seng Patten a brommt iergendeppes fir sech.  Lues steet en op a kënnt bei de Tim getrëppelt, deen him eent vu senge Bréidercher dohinner hält, de Mambo gräift derno an an zwou, dräi Sekonnen huet en et verdillegt.

De Tim gëtt him och nach dat zweet Bréitchen, de Sammy hëlt eng Schmier aus der Täsch, mat e puer décke Rondelen Zoossiss, an de Lex bréngt him eng Schossel Mëllech aus dem Haus.

Näischt bleift iwwreg. Näischt.

De Mambo streckt sech nees, gaapst a reift säin décken, donkelbronge Pelz um Faass, dass dat tëscht den Autospneuen an den alen Brieder ëmfält. E rullt sech um Réck, hannerzeg a vijenzeg tëscht den Eemeren a Bitercher, an huet näischt léiwer, wéi wann d’Jongen e kraulen a stréilen.

Neen, et ginn keng aner Bouwen op der Welt, déi esou e schéint Spillgezei hunn ewéi si dräi.

D’Woch huet net Deeg genuch, an déi siwen Deeg sinn dann nach ze kuerz, fir mat dem Mambo ze rolzen, him Pissblummen, Mais, Mëllech an nach ëmmer Bréidercher an Zoossisschmieren ze bréngen, him bei senge Konschtstécker nozekucken an dobei ze laachen, dass d’Tréinen hinnen de Bak eroflafen.

Wéi d’Vakanz op en Enn geet, ass de Mambo schonn esou grouss ewéi e Puddel.

 

Eemol mueres, wéi de Lex an de Schapp kënnt, ass de Bier grad am Gaang, houfreg den Drot vum Kanéngerchesstall ze rappen. Déi wäiss Kanéngche duckt sech hannen an den hënneschten Eck vun der Këscht a kuckt guer net esou houfreg dran.

Déi schwaarz Kanéngchen ass verschwonnen.

De Lex neelt den Drot nees fest, e sicht no där schwaarzer Kanéngchen tëscht den Holzkéip, den ale Brieder, dem futtisse Faass, den Autospneuen, de Bitercher an den Eemeren – e sicht riets a lénks rondrëm de Schapp an duerch de ganze Gaart, mä e fënnt se net.

An du gesäit en eréischt d’Bluttflecken op dem Buedem an och d’Bluttflecken um Pelz vum Bier.

Wéi de Tim an de Sammy kommen, seet de Lex: „En huet déi schwaarz Kanéngchen gefriess.“

„Dat kann net sinn!“, seet de Tim.

„Jo, mä wou ass se dann? Hunn ech se villäicht gefriess?“

„Si ass villäicht ugedréckt“, seet de Sammy.

„Ech hunn iwwerall gesicht. Iwwerall fir d’Kaz.“

 

De Mambo stéisst mat der Schnëss dem Lex an d’Been, e léisst sech hannertzeg ëmfalen, d’Patten an d’Luucht, a si laachen allen dräi a spillen de ganzen Nomëtteg mat him. Si si jo déi eenzeg Bouwen op der Welt, déi esou e schéint Spillgezei hunn.

Eemol ower schléit en den Tim mat der viischter, rietser Patt an de Réck a kraazt him mat senge Krallen siwwe grouss Rëss an d’Haut.

 

Dräi Deeg drop ass och déi wäiss Kanéngchen fort. D’Këscht vun de Mierschwéngercher läit um Buedem, den Drot ass lass, an d’Mierschwéngercher si verschwonnen – bis op eent, dat ënnert dem Mambo senge Patte läit. Dout.

De Lex leeft bei de Sammy, si lafen zu zwee bei de Tim, an dann allen dräi zréck an de Schapp, wou de Bier tatsächlech den héije Wee do steet. Et mengt een esou guer, e géif zefridde grinsen: Kuck, wéi ech hei stinn, fest op den hënneschte Been, ouni ze wackelen. Dobei ass en esou grouss ewéi de Lex, dee Klengste vun hinnen, a si fänken allen dräi gemittlech un, et mat der Angscht ze kréien. Ower ouni deem aneren et ze weisen.

De Tim seet: „Deen do, dee wiisst eis bis un den Daach.“

„Garantéiert wiisst e bis un den Daach“, seet de Sammy.

„An driwwer ewech“, seet de Lex. An si traue sech net méi mat him ze spillen.

„Komm, mer mellen et bei der Police“, seet de Lex.

„Du spënns“, seet de Tim.

„Do wiere mer schéin domm“, seet de Sammy. „Léiwer brénge mer en heemlech an der Nuecht erëm zréck.“

„Ho, ech net! Neen, neen, ech paken dee Kärel net méi un!“, seet de Lex,

„Nëmme just, well en deng Mierschwéngercher gefriess huet?“

„An d’Kangéngercher“, seet de Manfed.

„O du an deng topeg Kanéngercher!“

„Ech wëll en net méi gesinn“, seet de Lex. Et ass him décken Eescht.

An déi dräi loossen d’Käpp hänken a ginn hirer Wee. Jiddwereen en aneren, jiddweree fir sech.

Deen anere Muere kënnt de Tim just nach eleng. En huet e Stéck gebrodent Fleesch bei sech, dat en dem Mambo dohinner werft, ouni ze vill no bei en ze goen an ouni laang mat him ze schwätzen. An et gëtt net Enn der Woch, do weist hien sech och net méi.

Owes léisst de Lex d’Dier vum Schapp op. Net grouss, just e wéineg. A laang läit en nach erwächt am Bett an denkt un engem Stéck: O, géif en dach net nëmme fortlafen! O, géif en dach nëmme fortlafen!

An der Nuecht bleift alles roueg, an ower ass de Bier mueres fréi fort ...

 

De Lex leeft an d’Schoul, wéi all Dag – de Lex schaukelt op sengem Stull, wéi all Dag, an d’Joffer freet: „Wou entspréngt d’Musel?“

Si kënnt duerch d’Reie getrëppelt bis virun dem Lex seng Bänk a freet nach eemol: „Lex, wou entspréngt d’Musel?“

Hien héiert d’Fro eréischt, wéi d’Joffer fir d’drëtte Kéier no der Musel freet an him op d’Schëller tuppt.

„Wou bass de nees mat denge Gedanken, Lex?“

De Lex fiert an d’Luucht. Déi ganz Klass huet sech schonn ëmgedréint, 18 Gesiichter kucken op en. Penibel.

„Wou d’Musel entspréngt, hunn ech gefrot.“

„Ech weess et net“, seet de Lex, mécht sech hannert dem Kevin sengem Réck ganz kleng a schaukelt net méi weider.

De Matthieu weess et, de Matthieu weess ëmmer alles an e leiert erof: „D’Musel entspréngt am Fränkräich, um Col de Bussang an de südleche Vogesen op enger Héicht vun 715 Meter a leeft no 544 Kilometer an Däitschland zu Koblenz an de Rhäin. Vum Dräilänner-Eck bei Schengen bis op Waasserbëlleg mécht se op 37,35 Kilometer d’Grenz tëscht Lëtzebuerg an Däitschland an huet op där Streck eng ganz Parti Nieweflëss: d’Kulerbaach, d’Wuermeldenger Albaach, d’Gehaansbaach, d’Rouderbaach, d’Leiteschbaach ---“

D’Joffer muss d’Geographie-Stonn ofbriechen, de Matthieu wier nach iwwermuer mat all senge Baachen am Gaang.

 

Géint der Owend geet d’Madame Rollinger an d’Madame Eliane Van der Vermeulen, eng fein, chic Pianosléierin, duerch de Stadpark spadséieren, bewonneren d’Hierscht-Krokussen, déi scho bléien, bewonneren och déi schéi fuerweg Hortensien, bewonneren d’Anemonen a bewonneren iwwerhaapt alles.

An do, wou de Pad duerch d’Dänne féiert, steet op eemol e Bier. En hieft d’Patten esou héich an d’Lut, wéi e kann, a räisst d’Maul bis hannenhinner op, an déi eeler Madamme loosse vu Schreck d’Poschen aus der Hand falen, an d’Prabbelien derbei, lafen de Pad nees zréck an doe Kreesch a Knäll, dass et engem duerch Muerch a Schank geet.

„Hëllef! Hëllef! E Bier!“

D’Leit, déi virum Pavillon sëtzen an dem Concert nolauschteren, sprange vun hire Bänken op a lafen och mat doruechter.

„E Bier! E Bier!“, ruffen se alle béid, ee méi haart ewéi deen aneren.

„Mä, erlaabt, dir Dammen“, seet méi e klengen, décke Monsieur, „hei an der Stad ginn et dach keng Bieren. Bestëmmt wor et en Hond, e groussen, wujelegen Hond.“

„Neen, et wor e Bier. Wann ech Iech et soen“, seet  d’Madame Rollinger.

„Ech schwieren, e Bier. E richtegen.“, seet d’Madame Eliane Van der Vermeulen. A wann d’Madame Eliane Van der Vermeulen scho schwiert, misst et jo och bal wouer sinn.

E Polizist kënnt vun der Strooss eriwwer a seet: „Dat ass scho méiglech, dass et e Bier ass.“

Ah voilà, sot ech jo.

Déi zwou fein, chic Madammen musse mat op de Policebüro goen. Ouni Posch an ouni Prabbeli. Si wëllen zwar kräischen, mä si hu keng Nuesschnappger, wou se kënnten dra kräischen, also kucken se nëmmen opgereegt dran.

 

Daags drop gëtt de Mambo vun de Pompjeeën agefaangen an zréck an den Zoo a säin Zwinger gefouert.

D’Mamm vun der Bierefamill beschnoffelt e vu riets a vu lénks a vun alle Säiten, trampelt e puermol ronderëm en, da leet se sech bei hire Mambo an deckt e mat d’Patten zou. E läit do wéi an enger Wéi.

Elo kommen nach méi Leit ewéi soss, fir de Bier ze bekucken, deen no sou laanger Zäit nees agefaange gouf. Si puchen him Bréidercher a Brout dohinner, Zockerbounen, Äppel a Banannestécker, ruffen: „Da maach emol schéin de Männchen!“ a waarde gedëlleg, bis e sech hieft, fir e kënnen ze photographéieren.

Och den Tim, de Sammy an de klenge Lex kommen an den Zoo, fir de Mambo erëmzegesinn.

Wéi se sech iwwert d’Mauer vum Bier sengem Käfeg leeën, kënnt och dee vun deemools, dee mat der Kap um Kapp, wou grouss „Gardien“ dropsteet, e bleift stoen, bekuckt sech déi dräi emol un a seet: „Dir kommt mir iergendwéi bekannt vir.“

Hir Gesiichter gi wäiss, hir Gesiichter gi laang, a se spanen schonn d’Muskelen an de Been, fir fortzelafen, mä de Tim, deen nach ni op de Mond gefall wor, seet ouni mam Ouer ze wibbelen: „Kloer komme mer Iech bekannt vir. Dir eis jo och, Monsieur. Mir kommen nämlech méi dacks hei an den Zoo, well mer d’Déiere gären hunn.“

„Virun allem déi kleng Bieren“, seet de Mann mat der Kap.

„Ooo, och aner Déieren“, seet de Tim.

„Wéi Kanéngercher a Mierschwéngercher“, seet de Lex. Eppes Besseres war him elo grad net agefall. Mä et stëmmt jo ower.

„Hoffentlech hutt der se net ze vill gär“.

„Neen ... kaum“, seet de Tim. An dat, dat stëmmt elo villäicht net esou richteg.

De Mann mat der Kap bleift nach e puer Sekonne stoen, da geet e senger Wee, an déi dräi aner kënnen nees normal ootmen.

Se kucken erof bei de Mambo, deen elo ee Kopplabunz nom anere schléit. Fënnef Stéck hannerteneen.

Se ruffen en a ruffen en, mä neen, e kuckt net méi bei se erop ...

 

 

(2016)

D'Buch

 

"HÄPPI LËTZEBUERG"

 

(2009)

 

 

Satiresch Lidder

a 

Gedichter