Fräi iwwersat no "Pluto, der unsichtbare Hund " vum Hans Nicklisch - ("Lesebuch für das fünfte und sechste Schuljahr"/ Ministère de l'Éducation Nationale, Luxembourg, 1969)

DE PUCKI, DEM PIT SÄIN HOND

 

Eis Tatta Angèle konnt keng Hënn leiden, mä de Pit, hien hat se ower däermoosse gär, vill méi gären ewéi eng Kaz oder e Goldfësch oder e Mierschwéngchen.

    En huet duerfir och alles aus eiser Strooss beim Numm kannt, wat nëmmen iergendwéi no Hond ausgesinn huet, en huet stonnelaang Gespréicher mat all Flocki, all Mambo an all Mister Lärri gefouert, déi em begéint sinn, an en hat ëmmer d’Täsche voller Leckerlien an Zocker-stéckercher.

    Mä just déi Sonndeger an déi Nomëtteger, wou d’Tatta Angèle op Besuch koum, déi wore Schold drun, dass de Papp him keen eegene Flocki, Mambo oder Mister Lärri kaf huet, an och d’Mamm wor der Meenung, esou vill Rücksicht wier een der Tatta wuel schëlleg.

    Et weess bis haut nach keen, wéi de Pit schliisslech op d’Iddi koum, fir sech trotzdem en Hond unzeschafen – een, deen zwar nëmmen a sengem Kapp an a senger Phantasie existéiert huet, an ower bal ewéi e richtegen. Iergendeng Kéier huet en op jidde Fall de „Pucki“ geruff, éier en aus spille gaangen ass, a wéi mir him verwonnert duerch d’Fënster nogekuckt hunn, do wor et tatsächlech esou, wéi wann e géif eppes un der Léngt féieren, eppes, wat kee gesinn huet - ausser him. Dat Spill, dat gong iwwer Wochen a Méint, Dag fir Dag. De Pucki wor ee vun eis, een, deen zum Haus gehéiert huet an, wann s de mech frees, ee vun deene Rouegsten an Onkomplizéiersten, déi ee sech denke konnt. E wor un engem Stéck ëm de Pit, bal vir, bal hannen, bal riets, bal lénks, eppes ewéi e Schiet, brav an ëmmer bei Fouss, an och mir, mir hu mat der Zäit ugefaangen ze mengen, mir géifen e gesinn. Esouguer de Papp, deem am Ufank dat Gespintiséiers op de Wecker gong, hat sech dru gewinnt, an heiansdo koum et alt vir, dass en no dem Pucki gefrot huet. De Pit huet da ganz eescht dra gekuckt an him vu sengem Hond erzielt an erzielt, bis en näischt méi ze erziele wousst.

    Alles gong gutt, bis nees eemol d’Tatta Angèle op Besuch komme sollt – net nëmmen fir e Sonndeg oder soss en Nomëtteg, neen, mä weess de, ee vun där verlängerter Zort. D’Mamm wor nämlech an eng Kur, a mir, mir wore fir déi Zäit aus dem Stater Appartement an eist Weekend-hais-chen am Éislek geplënnert.

    An obschonn d’Tatta Angèle an den nächste véier Wochen am Haus erëmkommandéiere soll, ass de Papp daags drop beim Mëttesdësch a beschter Laun. Et ass him zwar opgefall, dass de Pit sech net ewéi soss mat dem Pucki beschäftegt, an tëscht zwee Mäifel freet e wéi ganz zoufälleg no dem Hond.

    „Deen, deen ass am Gaart," äntwert de Pit, ouni eng Minn ze verzéien. „'t ass scho komesch, säit gëschter wëllt en net méi an d’Haus.“

    Ee Moment vergësst d’Tatta Angèle ze knaen a kuckt grouss vun engem zum aneren.

    „Dir hutt iech dach net éieren en Hond ugeschaf?“, freet se a ronschelt d’Stier. De Papp muss laachen a klappt hir op d’Schëller. „Keng Panik, Angèle. E wäert der schonn net an de Knéi bäissen.“ An d’Tatta géif en elo am léifsten erwiergen, mécht sech voller Roserei weider iwwert den Teller, mä luusst ower heemlech an all Zëmmereck.

    No dem Oweskascht geet de Papp bei seng Kolleegen aus dem Fëscherclub, an de Pit bleift eleng mat der Tatta doheem, déi elo mat hirer Stréck bei dem Kamäin sëtzt. Eng Zäitche réckelt a fréckelt en op dem Stull hin an hier a verschwënnt op eemol an der Kichen. Wéi e mat dem Rescht Iessen op engem Teller zréckkënnt, gëtt d’Tatta Angèle stutzeg.

    „Hee Borscht, wou wëlls de hin?“, freet se - ower an engem Toun, soen ech der, do schudders de dech.

    De Pit kuckt se ganz onschëlleg un, wéi wann hien d’Onschold a Persoun wier.

    „An de Gaart. De Pucki muss dach eppes ze friesse kréien.“

    „Schwätz net esou topeg!“, baupst d’Tatta weider. „Dir hutt guer keen Hond. A bild der jo blouss net an, du kënns mech fir domm verkafen.“

    „Mä ... mä kann ech dann net wéinstens emol no dem Pucki kucken?“, freet de Pit, dës Kéier richteg trauereg. „E wäert sech scho gewonnert hunn, dass ech mech guer net méi ëm hie bekëmmeren.“

    Wann d’Tatta eppes gutt kann, dann ass et esou richteg foxdäiwelswëll iwwert de Brëll ze kucken.

    „Neen! Du verdrécks dech elo an d’Bett. Verstan?“

    Jo, dat huet de Pit verstan, mä si, si traut där Saach nach ëmmer net richteg, se leet d’Stréck dohin, mécht d’Terrassendier ganz lues op a lauschtert eraus an déi däischter Nuecht. Um Enn ass villäicht dach nach iergendzwousch e Pucki verstoppt ...

    An an deem Ablack billt tatsächlech iergendzwousch an den Nopeschgäert iergend en Hond. Ob e „Pucki“ heescht oder wéi, dat weess keen, mä e billt op jidde Fall freeschlech-wëll, wëll an auserhéngert, wéi wann e Blutt geroch hätt. Dat ass elo ze vill fir d’Tatta Angèle. Si ass ausser sech, si schnaapt no Loft, léisst Hond Hond sinn a mécht eenzock d’Kéier. En Aascht vun der Heck verfänkt sech nach an hirem Rack, an et ass hir, wéi wann dat Béischt scho géif no hir schnapen. Vu Schreck deet se e Kreesch, deen der duerch Muerch a Schank fiert, leeft iwwert d’Terrass a klaakt d’gliesen Dier nees hannert sech zou.

 

***

 

Daags drop huet d’Tatta hir Saache gepaakt an ass mat dem éischten Zuch heemgefuer.

 

 

(2015)