D'AUER

 

E Wuerm ass e Wuerm, an en Apel mat engem Wuerm bannendran ass en Apel mat engem Wuerm bannendran, mä Zäit ass net Zäit. Ho, pass op, do kanns de dech emol fatzeg verrechnen. Kuck, fir deen een, deen owes motzt a knaddert, well en an d’Bett muss an dann no laangem Motzen a Knadderen ower nach just e wéineg de Fernseh kucken duerf, do si fënnef Minutte net esou laang ewéi fir deen aneren, dee beim Zänndokter um Stull sëtzt, an de Buerer voller Freed an engem Zannt erëm buert.

    D’Zäit ass eben esou eppes ewéi ech. Mäi Papp seet jo och ëmmer zu mir: Männchen, weis de erëm däi Kapp? Bass de nees toxkäppeg? Dach, well d’Zäit vergeet heiansdo lues an dann nees séier. Si mécht sech e Spaass draus, fir dech rosen ze maachen: ass et iergentzwousch grad flott, da rennt se ewéi wann se misst op den Zuch, du kënns hir bal net no - ass et ower pupeg langweileg, dann träntelt se, da mengs de grad, si hätt komplett vergiess, dass eng Stonn siechzeg Minutten hätt a keng Dausenden an Dausenden …

    Et wor villäicht och duerfir, dass ech deemools bei der Bom op de Späicher geklomme sinn, weess de, an dat aalt Gerëmpel an deen ale Buttek, deem et Wurscht ass, ob fënnef Minutte laang sinn oder net, well dat aalt Gerëmpel an deen ale Buttek läit scho Joeren a Joeren do uewen, wann net scho Joerzéngten a Joerzéngten. An dat ass et jo grad, wat e Späicher esou intressant mécht. A virun allem der Bom hiren. Hei ginn et nämlech Saachen, déi trëlle schonn esou laang hei erëm, dass se selwer emol net méi wëssen, wéi laang se iwwerhaapt hei erëmtrëllen. E futtisse Schlitt, eng al Stéiluucht, déi just nach do steet, mä net méi liicht, der Bom hiert Houchzäitskleed vun 1946, dat schonn hallef vun de Matten zefriess ass, esou dass de dech frees: Hunn d’Leit sech deemools a Lächer bestuet oder an engem Rack?

    An du hunn ech op eemol an enger Kartrongskëscht eng Auer fonnt. Eng hondsgewéinlech Auer mat hondsgewéinlechen Zären an hondsgewéinlechen Zifferen - just d’Drëttchen huet gefeelt. Eng fei Saach, duecht ech bei mer. Da gëtt et no zwou Auer direkt véier Auer, an du brauchs net esou laang an der Schoul ze sëtzen. Mëttes mécht d’Zäit jo do och ëmmer de Geck mat engem, wa se einfach net vergoe wëllt. Du hänks an der Bänk ze latzen, mä si mécht einfach net virun.

    Déi Auer wor uerg verstëbst an natierlech huet se och net méi getickt. Fir si ass d’Zäit komplett stoe bliwwen. Iergendeng Kéier zwanzeg fir eelef a bestëmmt scho laang hier. Si weess villäicht net, dass den amerikaneschen Neil Armstrong am Juni 1969 um Mound gelant ass oder dass mir dee leschte Sonndeg 3-2 am Foussball gewonnen hunn. Am Fong geholl schued, wann een eng Auer ass an esou vill am Liewe verpasst huet.

    De Schlëssel, fir se opzezéien, hong hannen un engem klenge Stéck Ficelle. Komm, probéier emol, duecht ech bei mer, déi doe geet bestëmmt nach, wann een hir schéi schwätzt. Komm, probéier emol an da kucks de, wat se um dräi Auer seet. Weess de, well d’Drëttche jo feelt, an hir Zäre jo ower ziele kënnen. A wann Zären net ziele kënnen, also, da froen ech mech ower, ween et da kann.

    Et wor elo véierel op sechs, mä op der Auer zwanzeg fir eelef. An hei, wéi ech d’Zären zréck dréinen, ganz gemittlech, do dréint och d’Zäit ganz gemittlech mat zréck. Et ass bal net ze gleewen, mä dach! Ech dréinen zréck an et ass op eemol nees haut de Mueren, wéi ech mech verschlof hat, du gëschter Owend an ech sëtzen erëm bei enger Pizza Margarita, no gëschter gëtt et virgëschter an d’lescht Woch, wéi ech mat dem Velo falen a mer de Fouss verstauchen. Ech dréinen d’Zären ëmmer weider zréck, a mat den Zären dréint och d’Zäit. Ech erliewen alles nach eemol, alles nach eemol vu vir, déi gelungenst an déi komeschst Saachen.

    … 1992 hu mer heiheem en Äerdbiewen. Méindes, den 13. Abrëll, mueres ëm 3.20 Auer. Dat Joer klëmmt den Eugène Berger och als éischte Lëtzebuerger op de Mount Everest, an de Georges Christen kënnt an d’Guiness-Buch vun de Rekorden, nëmme well hien déck Neel verbéit, Telefonsbicher zerrappt a Fligere mat den Zänn unhält …

    … 1985 verbrennt op Karfreideg mëttes de groussen Tuerm vun der Kathedral …

    … 1971 gewënnt de Josy Simon fir d'éischt Stroossbuerg-Paräis. 520 Kilometer. Net mam Auto oder mam Velo, neen, mä ganz einfach zu Fouss …

Ha, intressant! Voll witzeg! Also, elo sinn ech am Gaang. Elo dréinen ech weider.

    … 1967 transplantéiert de Professer Christiaan Barnhard a Süd-Afrika dat éischt Häerz …

    … 1961 gëtt deen éischte Mënsch an de Weltraum geschoss: de russesche Juri Gagarin flitt mat senger Rakéit „Wostok I“ an 90 Minutten ronderëm d’Welt …

    … 1958 gewënnt de Charly Gaul den Tour de France, an 1952 kritt Lëtzebuerg eng Goldmedail op der Olympiad zu Helsinky. Mat dem Josy Barthel am 1500 m-Lafen …

    Ech dréine weider, 1946 … 1934 … 1921 … bis 1903, wéi déi Nei Bréck an der Stad gebaut gëtt, 1859, wéi deen éischten Zuch hei am Land fiert, de Feierwon mat Kuelen, Feier an Damp, an esouguer bis 1827, wéi den englesche John Walker de Fixspoun erfënnt …

    Also, wat esou eng Auer ower net alles fäerdeg bréngt! Och wa se keng Drëttche méi huet oder hire groussen Zär e wéineg verbéit ass. Ech wor ganz duercherneen - ower och e wéineg houfreg. E wéineg, soen ech, neen, e wéineg vill. De Juri Gagarin, de Christiaan Barnard an de Charly Gaul sinn nämlech elo meng Kolleegen. An däer huet net jiddwereen.

    Daags drop sinn ech dunn an d’Schoul gaangen, wéi ëmmer. Déi aner hunn an der Paus mat bleche Béchse Foussball gespillt, wéi ëmmer, oder sech zerklappt, wéi ëmmer, ower ech, ech wor de coole King. Ech konnt d’Zäit dréinen. Wéi ech wollt. Zréck bis bei den Tuerm vun der Kathedral an den éischte Fixspoun aus England. Hannertzeg a ganz bestëmmt och vijenzeg. Mä fir se op muer oder op iwwermuer oder villäicht op déi nächst Woch ze dréinen - o neen, esou kéng wor ech bis haut nach net.

    Do hunn ech ower e wéineg Angscht. Ech weess och net richteg firwat, mä dat ass mer net ganz geheier.

    Mä egal, ech ginn elo méi dacks op de Späicher. E ganze Mëtteg sëtzen ech tëscht der aler Stéiluucht an der Bom hirem Houchzäitsrack un deenen Zären ze dréinen. Mä pass op, soen ech mer all Kéier, pass nëmmen op, dass d’Auer der elo net aus der Hand rëtscht, an deem ale Gerëmpel op de Buedem fält an a siwenanzwanzeg Stécker fiert, well dann, da bleift d’Zäit stoen. Iergendzwousch ëm 1923 oder 1979 oder 1956. Do wou s de grad mat den Zären dru woors. Da bleift d’Zäit stoen, an all déi Joeren duerno wore fir d’Kaz. Déi missten dann nach eemol frësch gelieft ginn.

    Alles misst nach eemol geschéien.

    Villäicht just d’selwecht, villäicht ower och anescht, wee weess …

 

(2001)