DORUECHTER FLÉIEN

 

Vill Leit kënne villes: 250 Kilo stemmen, mat de Schanken an de Fangere klacksen, dass de mengs, e Skelett géif d’Trap eroffalen - dat ass jo och wierklech alles bommegenial, mä ech, ech kann dat Flottst: ech kann aus mer selwer erausklammen. Dach! Dat geet! Ouni Träppchen an ouni Leeder. Virun allem an der Schoul ass dat ganz einfach, op eemol sinn ech fort. Grad ewéi en SMS oder eng E-Mail. Iergendzwousch an der Welt. Wuelverstanen, ech sinn nach do, mä ech sinn ower fort, trotzdem wou ech nach do sëtzen. Also, dat ass villäicht elo komplizéiert an dach kannerliicht: kuck, bei langweilege Rechnungen an egal wellechem Kabes aus dem däitsche Buch halen déi aner ëmmer hir Aueren an d’Sonn. Dat ginn dann esou flott hell Punkten um Plafong. A mat deene Punkte spillen se da Krich. Ee Punkt werft deen aneren eraus - mä ech, ech setzen einfach meng Këscht, also meng Carrosserie, dat wat bei mir ronderëmmer ass a wat ee vu bausse gesäit, op de Stull, ech klammen ewéi aus enger Orangëschuel vu bannendran eraus a wupp fléien ech fort.

    Mat menge Gedanken, verstees de, a menger Phantasie.

    Ech weess selwer net, mat wivill Kilometer à l’heure, dass dat do duerch d’Luucht geet, an ech mengen, dat kann och dee Gescheiteste vun eis guer net ausrechnen, well dat geet esou séier, dass ee schonn iergendzwousch an der Welt ukënnt, éier een emol iwwerhaapt heiheem fort ass, an déi aner nach ëmmer Krich mat de Punkten um Plafong spillen …

    Ah dach, esou doruechter fléien, dat ass schonn eng flott Affär, well e Schoulmeeschter huet am Liewe jo nëmmen zwee Hobbyen: e sëtzt hannert sengem Pult an e sicht voller Freed no Feeler an den Hefter oder e steet bei der Tafel mat der Kräid an dem Grapp an en erkläert ganz wichteg: Der Umfang eines Rechteckes ist zweimal die Länge plus zweimal die Breite. Mäi Gott jo, vu mir aus. Da looss en dach nëmmen! A wärend déi aner ewéi geckeg ausrechnen, wéi vill Drot de Bauer Gromperejängi dann elo fir ëm seng Wiss brauch, déi 58 Meter laang a 26 Meter breet ass, pff, do sëtzen ech zu Paräis um Eiffeltuerm. Ganz uewen. An deen ass wéinegstens 1652 Träppleker héich, fir eropzeklammen, an am Summer, wann et déck waarm ass, da wiisst en nach eemol 15 Zentimeter. Wéinst der Temperatur. Esou wéi alles aus Metall. Stell der dat vir: aner Leit schweessen an der Hëtzt, mä den Eiffeltuerm, hie gëtt einfach méi grouss.

    A grad wéi ech esou vun do uewen op d’Welt erof kucken, hei, do héieren ech, wéi de Schoulmeeschter freet: De Passé Composé vun de Verben „lire“ a „partir“. Deen hanneru mer leiert erof: j’ai lu mon journal et je suis parti, tu as lu ton journal et tu es parti, il a lu son journal et il est parti, an esou weider an esou weider, bis se alleguerten hir Zeitung gelies hunn a fort sinn. An ech, ech sëtzen niewendrun, mä a Wierklechkeet sinn ech guer net do, well a Wierklechkeet spadséieren ech grad iwwert de Mound. Dach, well wann een déi nei Euroschäiner aus alle Länner géif beieneen tässelen, da kéim een 1,9 Millioune Kilometer wäit. Dat ass fënnefmol de Wee vun der Äerd bis op de Mound. Reche mat: dohin - zréck - dohin - zréck - dohin --- do, an elo bass de do uewen a kënns net méi erof … an déi aner sëtzen dann topeg an der Schoul mat nous avons lu notre journal et nous sommes partis, vous avez lu votre journal et vous êtes partis …

    Gesäis de, dat geet. Mat der Phantasie doruechter fléien ass megacool an, keng Angscht, et fält och kengem Mënsch op. Du muss just maachen, wéi wann s de ganz intresséiert géifs nolauschteren, du muss heiansdo Jo mat dem Kapp wénken a virun allem muss de riicht an denger Bänk do sëtzen an däin hënneschten Hënner gutt kaléieren, net dass de grad am Texas op wëlle Mustang-Päerd hannert de Büffele reits, an op eemol knuppt et an der Schoul, an da bass du do vum Stull gefall … Flatsch nieft d’Bänk. Deem vun niewendru mat dem Gesiicht an de Schoulsak. Uuu, dat wier penibel. Alles kuckt a laacht, mä du, du stees net op. Du wibbels emol net mam Ouer, well fir richteg bass de jo schonn nees zu Pisa beim schifen Tuerm, zu Los Angeles, a Mexiko oder zu London bei dem Jack the Ripper, dee Kärel, dee fréier d’Leit gekäppt huet.

    O jo, d’Welt ass grouss, an egal wou ech hi kommen, do ass et ëmmer vill méi flott ewéi hei, wou d’Carrosserie vu mer sëtzt. Natierlech muss ech oppassen, dass ech spéitstens fir an d’Paus nees erëmsinn. Zemol, wou se iwwerall op der Welt ëmmer eng aner Zäit hunn, an eng Paus duerf ee jo op kee Fall verpassen.

    Mä wat nach méi wichteg ass, dat ass fir de richtege Rescht vu mer erëmzefannen.

    Deen, dee mir gehéiert.

    Meng richteg Orangëschuel, verstees de.

    Net ewéi deemools, wéi ech vun den Tschirokesen an de Mosquito-Indianer erëmkoum. Do hat et just geschellt, fir heem ze goen. Ech hu mech geflass, an an dem Gewulls, wéi ass et gaangen, du hunn ech déi falsch Carrosserie erwëscht. Déi vu mengem Kolleeg, dem Manuel, dee mat dem Gel an den Hoer. De Jelli - esou wéi en duerfir genannt gouf - wor nämlech och grad fort. Bei de Känguruen a Kakaduen an Australien. Wärend de Vokabelen.

    Ech sot nach zu mer, wéi ech scho mat engem Been dobanne wor: O vreck, dat doen ass ower komesch! Déi Këscht passt der jo guer net.

    Mä et wor ze spéit.

    Ech souz dran.

    A fir nees erauszeklammen - ho, dat konnts de vergiessen, well du wor ech schonn an der Trap an hallef dobaussen am Haff. Alles huet: Salut, Jelli! geruff, salut Jelli-Belli-Kamelli!, ech duecht: O jee, dat doe gëtt jo elo e lëschtegen Duercherneen! An hei, op eemol begéinen ech mer och nach selwer. Dach, ech gi gemittlech do an op eemol kommen ech mer selwer entgéint. De Jelli wor nämlech dunn a meng Carrosserie geklommen, well déi nach eleng an de Bänken iwwereg blouf. Also, sech selwer begéinen, dat ass schonn amusant. Et bekuckt ee sech vun uewe bis ënnen, et muss ee villäicht iwwert sech selwer laachen - mä wat guer net amusant wor, dass ech der herno vum décken Eric an d’Schmull krut, well de Jelli dem Vanessa gëschter e Pabeiersfliger mat „I love you“ op d’Bänk geschoss hat.

 

 

"LIES A FLÉI-2" - Liesbuch fir de Cycle 4 (5. a 6. Schouljoer) - Éducation Nationale, Luxembourg - 2006