D'FAMILL SCHICKIMICKI

 

Du wonners dech, well si wunnen niewent der oder vis-à-vis vun der, an op deen éischte Bléck sinn et däer ewéi all Mënsch: si hunn d’Nues och matten am Gesiicht, an hir Been halen och beim Hënner op, an ower sinn et anerer. Et sinn iergendwéi besser Leit. Ech weess net, wéi ech soll soen, net grad richteg räich, mä esou elegant, esou Schickimicki. Sécher, d’Madamm huet e gepuddert Gesiicht an eng opgedonnert Coiffure, wou s de net weess, ob et eng Coiffure ass oder e Vullennascht, mä wat aus der Famill Kickischickimicki eng Famill Schickimickikicki mécht, dat sinn déi dausend Klengegkeete vun all Dag:

    hir Goldfësch schwamme méi elegant a méi sportlech,

    hire Kappwéi deet méi wéi,

    hire blénkege Läffel ass méi blénkeg,

    hire sténkege Kéis ass méi sténkeg,

    hire Koseng kann d’Kiischtekäre méi wäit späizen a bei hinnen ass den Doudegen am Krimi dräimol méi dout ewéi bei dir a bei mir.

   Voilà. An esou Leit mussen dach eppes Besseres sinn. Esou Leit mussen dach vill méi intressant liewen ewéi all déi aner aus der Strooss. Bei esou Leit muss dach alles vill méi opreegend sinn.

Also, et ass elo net, dass de Robert a säi Marie-Florentine net mat eis schwätze géifen, ebe well eise Kéis net esou grujeleg sténkt oder well mir eis Goldfësch net mat op eng Olympiad schécke kënnen - neen, si sinn am Fong geholl ganz fei mat eis. An och mat den Noperen. A kee Wonner och, Schickimicki ass een ni eleng. Schickimicki ass een ëmmer mat aneren. Well Kickischickimicki kann een nëmme just sinn, wann ee sech bei deenen anere bretze kann, dass ee Mickikickischicki ass.

    An esou eng Famill Schickimicki huet och ëmmer eppes ze verzielen, mä mir net, well hinne passéiert ëmmer eppes an eis näischt. A wann engem ëmmer eppes passéiert, da soll een zefridde sinn, well et kann een dat dann doruechter verzielen. Iwwerall a ganz haart. Beim Metzler, am Restaurant a beim Dokter am Wartesall - du erziels, an déi aner ronderëmmer staunen a bewonneren dech. Ouauhh, staark dat do! Well éierlech gesot, wann een et net erzielt, da bräicht jo och ni eppes ze passéieren. Ech mengen, dat ass eng kloer Saach. Wann een et net erziele kann, da wier ee jo einfach nëmmen en Eefalt, wann ee mam Caddy an e ganze Koup Meloune rennt, déi openee getesselt woren an elo duerch de ganze Super-Marché rullen … an da wier et jo och topeg, wann ee mam Auto aus Italien erëmkënnt an d’Bom no dem Picknicken op enger Raststätt vergësst. Mä esoubal een et ka verzielen, iwwerall a gutt haart, ah, da mécht et Freed, da kritt dat alles op eemol e Sënn. Da rullen d’Melounen net fir näischt duerch de Buttek, an d’Bom sëtzt net fir d’Kaz op der Autobunn.

    Mä wou wor de Robert an d’Marie-Florentine, eis Famill Schicki, dann elo an der Vakanz?

 

„Sardinnen! Sardinnen! Sardinnen! Mueres, mëttes an owes nëmme Sardinnen! Marie-Florentine, kuck, op d'mannst schonn 139 eidel Béchsen um Koup. Ah, ech mengen schonn, ech wier selwer eng Sardinn.“

    „Pscht! Schwätz dach net esou haart!“

    „Ech schwätzen esou haart ewéi ech wëll.“

    „Dajee, Robert, pack dech dach!"

    „Ech ginn hei gläich geckeg. Geckeg, mëll a jaus. An dann hues de dat dervun.“

    „Ah, dass déi Männer sech ower ëmmer esou opreege mussen! Mä Stuppi, a véier Deeg komme mer dach schonn aus eiser Vakanz erëm. Kuck hei de Katalog: Monaco. Grand Hôtel „Le Royal“. Direkt bei de Millionärs-Jachten am Hafen. En Hôtel mat fënnef Stären, dräi Piscinnen, all owes Life-Show an Dinner mat Prominenten aus Hollywood, aus der Formel-1 an dem Rallye vu Monte-Carlo.“

    „Pff, ech päifen drop. Scho bal dräi Woche sëtze mer hei am Keller mat de Käerzen. Keng Luucht, kee Fernseh, kee Radio, keen näischt. D’Wäschmaschinn an eidel Fläsche fir an de Glas-Container, dat si meng fënnef Stären, an d’Spannen an zwou Mais si meng Prominenter vun Hollywood a vun der Formel-1.“

    „Robert, ech sot: Pscht! Schwätz dach net esou haart!“

    „Mä nondikass, ‘t ass dach wouer. Uewenop hu mer iwwerall d’Luede fest zou, all zweeten Dag kënnt de Gäertner eis d'Blumme virum Haus nätzen, a wann den Telefon rabbelt, dann duerf ech net drop ze goen. An alles nëmmen, dass d’Nopere mengen, mir séize mam décken Aasch iergendzwousch wäit fort op der Welt.— So, Marie-Florentine, ech muss. Däerf ech?“

    „Wouhin?“

    „Wouhi muss ee schon, wann ee muss? Du muss jo och heiansdo.“

    „Mä du zitts d’Waasser ëmmer esou sturrazeg, dass déi ganz Strooss et héiert. An du weess jo ower, dass mer zu Monaco sëtzen. Neen, du gees net. Pëtz einfach zou.“

 

Tja, dommerweis erlieft een ower net ëmmer esou vill, fir dass all déi ronderëmmer beim Metzler a beim Dokter am Wartesall staunen an dech bewonnere kënnen. D’Liewen ass ebe ganz dacks een Dag ewéi deen aneren a bei jiddwerengem d’selwecht. An domat kann ee sech net bretzen. Meeschtens huet dat keng Phantasie an et besteet och net nëmmen aus Rallye vu Monte-Carlo an deiere Luxus-Jachten. A wann d’Liewe scho keng Phantasie huet, da muss alt d’Famill Kickischickimicki Phantasie hunn a selwer op verréckte Iddië kommen, fir kënnen unzeginn ewéi eng Tut plakeg Mécken.

    Fir de Rescht sinn se nämlech grad esou ewéi mir. Ewéi s du an ech. Well och de Robert muss, wann e muss, a wann en elo net gläich duerf, da geet et an d’Box.

    Zwar net bei de räiche Milliardären zu Monaco, mä doheem am Keller.

 

 

(2001)