UM KONVENIAT

 

Haut ass eise leschte Schouldag. Muer fänkt déi grouss Vakanz un. A well mer elo am Cycle 4.2. waren, also am 6. Schouljoer, gi mir d’nächst Joer an de Lycée. Deen ee geet heihin, deen aneren dohin, mir komme bei vill anerer an d’Klass a mir sinn net méi esou beieneen, wéi mer et elo jorelaang waren, vun der Spillschoul u bis haut. Eben um leschte Schouldag am Cycle 4.2. Dat ass schonn iergendwéi trauereg an awer och flott, well mer am Lycée vill nei Kolleegen aus dem ganze Land kenneléieren.

Eise Schoulmeeschter sot, déi nächste Kéier, wou mer eis als Klass erëmbegéinen, esou wéi mer haut hei sëtzen, dat wier op eisem éischte Konveniat. E Konveniat ass eng Feier mat engem gudden Iessen, wou ee sech no enger Rei Joren erëmgesäit. Jiddwereen erzielt dann, wat a wou en am Liewe schafft, ob e bestuet ass an ob e scho Kanner huet an esou weider an esou fort. Duerno dauert et net méi laang, bis iwwert d’Schoul geschwat gëtt, iwwert d‘Jofferen an d‘Här Lähreren an natierlech iwwert eis Bomme Klass. Well eng Bomme Klass hate mer jo wierklech.

An da gesi mer eis nees an de Bänke sëtzen. Vir an der éischter Rei den Dany nieft dem Kevin, hannendrun d’Carole an d’Chloé, dann d’Lisi an de Sven --- jee, mer gesinn se nach all, wéi wann et gëschter gewiescht wier.

Do ass de Bruno, deen op dem Schoulausflug am Zoo vun engem Af d’Mutz geklaut krut … d’Lisi, dat ëmmer rout bis hannert d’Ouere gouf, wann et eemol gelunn huet … de Miguel, e hyperperfekten, deen ëmmer alles op senger Bänk genau parallell oder genau am rechte Wénkel do leien hat … dann d’Ana-Sofia, dat ëmmer huet musse recht hunn – ob et recht hat oder net … den Eric, de laange Lulaatsch, wéi mer e genannt hunn, well en e gutt Stéck méi grouss war ewéi mir … d‘Jessy, dat beim Mat-dem-naasse-Schwamp-schéissen ëmmer am beschte geroden huet …. oder de Misch. Wanns de vun deem eng Fauscht an de Mo gedonnert krus, dann hues de net fräiwëlleg nach no enger zweeter gefrot.

Jee, mer ware schonn eng cool Equipe.

An dann erënnere mer eis …

Mir erënneren eis drun, wéi d’Stéphanie deemools am 4. Schouljoer d’Marie-Clementine, seng wäiss Maus, mat an d’Schoul bruecht hat. Heemlech, wuelverstanen. Et hat se ëmmer an der Täsch vu senger Jackett sëtzen. Wann d‘Joffer méi haart geschwat oder esouguer gejaut huet, dann huet hatt seng Maus mat zwee Fangere geheemelt, dass se net soll fäerten. Et ass och all Stonn op d’Toilette gaangen, fir se e wéineg fräi lafen ze loossen. Mir wousste alleguerten vun deem klenge Véidéier, ausser der Joffer natierlech. Entweder hätt si d’Stéphanie mat dem Marie-Clementine virun d’Dier gesat oder si wier selwer fortgelaf an ni méi erëmkomm.

Mir erënneren eis un de Laurent, dee fir d’Vokabelsprüfungen ëmmer Knäipziedelen an all Täsch hat. Neen, keng gewéinlech Knäipziedelen, mä där geheimer. Fir wann en erwëscht géif. En hat sech fir déi schwéier Wierder kleng Artikelen aus enger franséischer Zeitung eraus-geschnidden an derbei geschriwwen: 5/19 … 17/3 … oder 9/7... Esou eppes gesäit wierklech net aus ewéi e Knäipziedel an déi Geheimschrëft war kannerliicht: 5/19 huet geheescht: fënneft Rei, nonzéngte Buschtaw … 17/3 war an der siwenzéngter Rei den drëtte Buschtaw … an esou weider. Sou hat hien ni e Feeler. Mä ech mengen, déi Zäit, déi e gebraucht huet, fir sech seng geheim Knäipziedelen doheem ze maachen, wier och vëllechen duergaangen, fir seng Vokabelen ganz einfach ze léieren …

Mir erënneren eis drun, wéi d’Chloé an d’Carole virun der Schoul e Plakat un déi laang Mauer gepecht haten, si géifen de Leit hir Déiere versuergen, wéi zum Beispill Hamsteren, Mier-schwéngercher oder Kanarievillercher. D’Leit sollen einfach op déi an déi Handysnummer uruffen. Drënner hunn se dann nach grouss an däitlech derbei geschriwwen: „Mä wannechgelift net wärend der Schoulzäit. Eisen Här Lährer ass nämlech kee Bongen.“ Et hat kee Mënsch sech bei hinne gemellt, just den Här Lährer selwer - an zimlech rosen. Ah, penibel, wann ee sech mat der Handysnummer selwer verréit …

Mir erënneren eis drun, wéi mer beim Lisi eis Revanche geholl hunn, well et doruechter erziele gong, mir géifen hatt mobben. An do hate mir dach nëmme just e wéineg de Spunnes mat ëm gemat, hatt wier esou schlau, dass et sech géif Mécke fänken a se dann an engem Vullekäfeg aspären. Mä du koum den Dag vun der Revanche: d‘Lisi huet säi Velo jo ëmmer virun der Schoul mat engem Sécherheetsschlass ofgespaart, an du hu mir him nach en zweet dru gehaangen. Sécher ass sécher, huet de Sven gelaacht, deen déi formidabel Iddi hat! Mä aus iiergendengem Grond ass d‘Lisi dee Mëtteg zu Fouss heemgaangen …

Mir erënneren eis un de Charly Hoffmann, deen et iwwerhaapt guer net gouf. Nëmme just an eiser Phantasie. Souzesoen e komplett duerchsichtegen. Well d‘Laura hannen an der leschter Bänk eleng souz, koum de Charly Hoffmann dohinner sëtzen. Mir hunn him eng Schachtel a Schoulbicher viru sech geluecht, mir hu mat him geschwat, mat him gespillt, e gouf och ëmmer als éischte gewielt, wa mer am Turnen Equipë gemat hunn. Sou war dat Furri, Dag fir Dag, an de Schoulmeeschter huet sech mat eis ameséiert – hien hat zwar ee méi an der Klass sëtzen, mä deen huet keng Dommheete gemat, en huet net andauernd geschnësst oder blöd Grimasse geschnidden – e ganz brave Schüler a virun allem ware keng Hefter a keng Prüfunge vun him ze verbesseren …

Mir erënneren eis drun, wéi d’Anouk, dat Klengst vun eis alleguerten, sech an de Mantelschaf vum Här Lährer verstoppt hat. Hatt koum do gutt bequeem eran an huet sech net brauche vill ze bécken. E puer Minutte méi spéit koum de Schoulmeeschter, mécht d’Schafendier op, fir seng Jackett opzehänken, mä dunn ass d’Anouk uuuuuh! erausgespronge komm an huet him grrrrrrr! mat de Fangere virum Gesiicht erëmgefuchtelt. Mir hunn eis bal um Buedem gerullt vu Laachen, mä den Här Lährer stong do, wäiss bis hannert d’Oueren, a krut kee Wuert méi eraus. An ech wette mat, dass en déi nächsten Nuecht vun ale Buergkellere mat Geeschter a Gespenster gedreemt huet.

An net ze vergiessen erënnere mir eis drun, wéi mer eis fir den 1. Abrëll e ganz speziellen Abrëllswitz ausgeduecht haten. Eis Klass an d’Klass vun der Joffer Nadine niewendrun - och e Cycle 4.2. – mir hu mueres no der Paus d’Schoulsäll gewiesselt. Dat heescht mir, mir sinn an de Sall vun der Joffer Nadine sëtze gaangen an déi, déi sinn an eise Sall komm. Mir ware gespaant, wat d’Joffer an eisen Här Lährer elo maache géifen. Déi gi bestëmmt net méi eenz a se mengen, si géifen d’Männercher gesinn. Mä neen, si sote guernäischt. Si hunn einfach gemat, wéi wa guernäischt wier. Esou ware mir et, déi mat laange Gesiichter do souzen - an zemol eis Klass, well d’Joffer Nadine sot: „Voilà, dir Herrschaften, mir hate jo fir haut franséisch Verben ze léieren. Da maache mer elo eng Prüfung.“ Wat? Eng Prüfung? Och en Abrëllswitz? Mä neen, keen Abrëllswitz, si huet d’Prüfungsblieder ausgedeelt, Numm drop, Datum drop an du gong et lass: je, pouvoir, passé composé … tu, aller, conditionnel … il, voir, futur … nous, venir, subjonctif … drësseg Stéck, zwee Punkte pro Verb. Do huet kee méi domm aus der Wäsch gekuckt ewéi mir, well an eisem Klassesall, do haten déi aner eng Stonn Zeechnen …

Voilà, mir erënneren eis un eng ganz Rëtsch vun Tricken, mer laachen driwwer a sinn och e wéineg houfreg drop, dass mer esou waren ewéi mer ebe waren. Jiddwereen op seng Manéier speziell an interessant an zesummen einfach super-mega. Well hätte mer dat doen alles net materlieft, da wéisste mer zwar haut, dass 2 Meter 200 Zentimeter sinn, dass et je fais, tu fais, il fait, nous faisons a vous faites ass, an net vous faisez, sécher, dat wéisste mer an nach vill méi, mä fir de Rescht wier et awer eng tonne langweileg Zäit gewiescht. Joren, déi esou ni méi zeréck kommen - och emol net op siwenannonzeg Konveniater ….

 

(2021)