D'ROSALIE PEFFERMEYER

 

Ech wor scho ganz a Gedanke bei eiser Croisière. St.Tropez, Roum, Sizilien, Athen, Kreta - ah, dat gëtt eng megabommeg Vakanz. E risegt Schëff, véierzéng Deeg laang nëmme Waasser a Sonn --- jo, an du huet et un der Dier geschellt. Et gëtt ee jo ëmmer gestéiert, wann ee grad flott a Gedanken ass. Mäi Papp gong opmaachen a koum mat enger komescher, verhutzelter Aler eran, e Fischi ëm de Kapp, en décke Mantel, flappeg Schong an de Féiss an e Kuerf am Aarm, wéi wa se géif Eeër verkafe goen.

    „Dach, hei sinn ech richteg, obschonn dass ech nach ni a mengem Liewen heibanne wor“, seet se a kuckt am Salon rondëm sech. „Deen deieren Teppech, déi grouss Wandauer an de Weenche mat dem franséische Cognac. Hei vir geet et an den Televisiounsraum mat där ellener Tapéit, an dohannen ass jo d’Trap fir op d’Kummeren uewenop.“

    Ech kann nëmme staunen. Eng hondsfriem Fra, déi nach ni bei eis heiheem wor, déi ass ower bei eis heiheem kënneg bis an all klenge Stëbseck. Dat gëtt et dach net.

    An déi Al laacht zefridden a gëtt mengem Papp houfreg d’Hand. „Rosalie Peffermeyer ass mäin Numm. Mir sinn eis zwar nach nimools begéint an trotzdem kennen ech iech alleguerten. Mä waart, bis d’Marie-Josée nees heibannen ass, Är Madamm. ‘t ass drop an drun, dass et mat dem Frutzi erakënnt a seet: O, Meedchen, du bass ower deng Sue wäert! an duerno kuckt et grouss a freet: Wéi, mir hu Besuch?“

    Also, do sinn ech ower gespaant. Wann dat doen elo stëmmt, da friessen ech e Biesem … A wierklech, du kënnt meng Mamm mat menger Schwëster aus der Kichen a seet: „O, Meedchen, du bass ower deng Sue wäert ! - Wéi, mir hu Besuch?“

    Neen! Déi Al ass verhext. Dat doen ass dach Hexerei. An Hexerei gëtt et net, mä et ass mer op eemol, wéi wann alles verhext wier … D’Rosalie Peffermeyer knäppt elo hiren ale Mantel op a setzt sech gemittlech op eise Canapé. „Maacht Iech näischt draus, Madamm. Ech sinn hei ewéi doheem. Ech weess, wat bei iech passéiert a wat nach alles bei iech passéiere wäert. Kuckt, dir fuert dëser Deeg op eng Croisière. Mat der Santa Maria vu St. Tropez laanscht Italien a Griicheland bis erof an Ägypten.“

    „Jo. Iwwermuer.“

    „Kabinnennummeren 412 a 413. Eng mat Fënster an eng ouni Fënster.“

    „Genau.“

    „Voilà. An dat ass et grad. Dir fuert eben net.“

   Hë? Dir fuert eben net, seet si? Ah non, dat doen ass ze vill. Ech bekucken d’Frutzi, d’Frutzi bekuckt mäi Papp, mäi Papp bekuckt meng Mamm, an du fänke mer alleguerten u mat laachen.

    „Wat sot Der do, Ditti? Mir fueren net? A wéisou dann dat?“

    „Ma well d’Ditti dat weess. D’Ditti huet nämlech hënt vun iech gedreemt. Mä komm du emol léiwer do vun där Mauer ewech“, an d’Rosalie spréngt vum Canapé op, hëlt mech beim Aarm, zitt mech op d’Säit a krätsch! fält dee groussen Tableau vum Picasso erof - just do, wou ech virdru stong.

    „Do, ech hat der et jo gesot! Ower mir wëllt jo ni een eppes gleewen.“

    Tjëft! Elo fänkt d’Saach natierlech u méi domm ze ginn. Gesäit déi Al d’Männercher oder huet se villäicht ower recht? Mä trotzdem zweifelen ech drun, dass iergend e Mënsch op der Welt weess, wat bei hondsfrieme Leitt passéiert. Neen, esou eppes gëtt et net. Esou eppes ass onméiglech.

    Meng Mamm, si ass elo op honnertdausend, a pass op, wa meng Mamm op honnertdausend ass, dann ass se wierklech op honnertdausend. „Mä lauschtert emol, Madame Peffermeyer. Dat geet ower e wéineg wäit. Eis Wallisse si gepaakt, d’Plazen am Fliger fir St. Tropez si reservéiert, mir hunn eis Billjeeë vun der Santa Maria an der Täsch - da kënnt Dir ower net hei eraflatschen an einfach behaapten: Dir fuert net.“

    „Ha, a firwat dann net, wann et stëmmt? Mä komm, dat ass eng laang Geschicht, Madame, déi erzielen ech Iech an zwou Minutten, well elo rabbelt emol fir d'éischt nach den Telefon. Ower keng Opreegung. ‘t huet nëmmen ee sech verdréint.“

    Watgelift? Elo rabbelt fir d'éischt emol den Telefon, seet si --- an tatsächlech, do rabbelt en och schonn. Mäi Papp steet do, wéi wann een e gepickt hätt an en zéckt ee Moment, fir opzehiewen: „Hallo, Collignon hei“, a wéi en nees opleet, schneit en eng sauer a seet: „’t wor en Iertum.“

    Helleger Bimbam, dat doen ass eppes ewéi nuets op engem Geeschterschlass. Et ass mer richteg onheemlech. An elo fänkt d’Rosalie Peffermeyer un ze erzielen: „Ech hunn also vun iech gedreemt. A well ech et einfach net gleewe wollt, hunn ech haut de Mueren an d’Kristallskugel gekuckt, ech hu mam Pendel gependelt an am schwaarze Kaffi gelies - mä dach, et stëmmt. Dir fuert net op är Croisière. Et deet mer leed.“

    „A wéisou dann net? Verpasse mer de Fliger fir op St. Tropez? Huet d’Schëff éieren e Lach? Ass de Kapitän villäicht an d’Waasser gefall?“

   Mä neen, dat weess se net, well dunn hätt hire Wecker gerabbelt, a si konnt net méi weider dreemen … Allez, komm, déi Al ass geckeg. Looss se nëmme schwätzen, op eemol gëtt se sech vu selwer. An du geet se och nach an d’Kichen an hëlt déi kleng Schëpp mat der klenger Biischt hannert den Torschongen eraus - grad ewéi wa se bei sech doheem wier.

   „Kuck du net esou frech“, seet se zu eisem Frutzi, „oder léiss de gären d’Schierbelen einfach esou um Buedem erëmleien?"

    Wéi? Wellech Schierbelen dann elo? Dach, déi Al ass ower verréckt. Total schassmätsch ënnert dem Tuppi!

    Dee Moment geet d’Dier vun der Terrass op. Et ass de Metti, eise Kueder. E bekuckt sech emol d’Peffermeyesch, passt net op, rennt an dee klengen Dëschelchen a pou a klirrelirr fält d’Vas mat de Rousen op de Buedem a fiert an dausend Schierbelen. Iwwerall Schierbelen um deieren Teppech, ënnert der grousser Wandauer, ënnert dem Weenche mat dem franséische Cognac, an déi Al fänkt un zesummenzekieren - mä kee seet eppes.

   Dach, elo gleewen ech et wierklech, dass mer net fueren. Si weess eben alles. Alles. Onméiglech dat doen!

    Mä du kritt d’Rosalie op eemol eppes u sech: „O vreck, de Metti ass jo plätschnaass. Jo, kuck nëmmen, wat dat elo dobausse reent! An ech soll elo heemgoen … Ah, wann ech dat gewosst hätt, dann hätt ech mäi Prabbeli matbruecht ...!“

 

Wéi? Wann ech dat gewosst hätt, sot se ... WANN ECH DAT GEWOSST HÄTT !

    An dobei wosst se ower, dass meng Mamm mat eisem Frutzi erakënnt a seet: O, Meedchen, du bass deng Sue wäert ! - Wéi mir hu Besuch?,

   si wosst, dass mer um Schëff  d'Kabinnenummere 412 a 413 hunn, eng mat an eng ouni Fënster,

    si wosst, dass den Tableau vum Picasso vun der Mauer eroffält,

    dass den Telefon rabbelt, well ee sech verdréint huet,

    dass de Kueder d'Vas mat de Rousen op de Buedem pucht ...

   Also wa mer elo ower op déi Croisière fueren, dann huet d'Rosalie Peffermeyer d'Männercher gesinn - fuere mer ower tatsächlech net, tjo dann ... dann ... da weess ech guer net méi, wat ech iwwerhaapt menge soll.

 

 

(2002)