"Ein Probealarm" vum Fritz Steuben -  ( "Lesebuch für das fünfte und sechste Schuljahr"/ Ministère de l'Éducation Nationale, Luxembourg, 1969) - op Lëtzebuergesch iwwersat

FEIERALARM

 

De Kino ass voller Kanner. Et soll e Film vu wëllen Déieren an Afrika lafen, vu Léiwen, Giraffen an Elefanten, Antilopen, Zebraen a Flamingoen. D’Kanner sinn esou gespaant, dass all Geschwätz, Gejäiz a Gelaachs ophéiert, wéi d’Luuchten ausgemat ginn. Mä op eemol gëtt et nach eng Kéier hell dobannen.

„So, deen huet jo e Pompjeeshelm op“, seet de Manuel zu sengem Frënd Louis.

Mä do hieft de Mann, dee sech uewe virun déi grouss Leinwand gestallt huet, déi riets Hand a fänkt haart un ze schwätzen. Et kann een e bis an déi lescht Rei gutt verstoen.

„Lauschtert emol gutt no!“, seet de Mann. „D’Pompjeeën hätte gär, dass mer zweemol am Joer e Feieralarm duerchféieren. Dir wësst jo gutt, wéi esou eng Übung ofleeft. An haut, haut musse mer eng maachen. Virschrëft! Näischt ze änneren. Leider. Esou Übunge sinn nämlech do, fir dass jiddweree weess, wéi e sech ze verhalen huet, wann zum Beispill eemol richteg Feier ausbrécht. Ka jo schliisslech emol virkommen, oder net? Wann der elo alleguer genau dat maacht, wat ech iech soen, dann ass d’Übung séier eriwwer a mer kënnen direkt mat dem Film ufänken.“

„Jong, deen ass awer heess“, pëspert de Louis dem Manuel an d’Ouer.

„Well en sou haart jäize muss”, mengt deen. Mä de Mann mat dem Helm schwätzt elo weider.

„Also, da stinn elo déi zwou lescht Reien dohannen op. Nëmmen déi zwou lescht, a se ginn zu den Noutausgäng eraus. Mir maachen nämlech esou, wéi wann et vir an der Haaptentrée géif brennen, an duerfir mussen dann d’Diere fir dohin natierlech zoubleiwen. Keen duerf do eraus, hutt der dat verstanen?“

„Joooo!“, ruffen d’Kanner all mateneen. D’Saach fänkt un hinne Spaass ze maachen.

„Nu lauschtert gutt no: Ween op der lénkser Säit sëtzt, geet duerch de lénksen Noutausgang, a wie riets sëtzt, duerch dee rietsen. Rei een an zwee, dat maacht dir tiptop! Elo kommen d’Reien dräi a véier drun. – Voilà, an elo déi fënneft an déi sechst.“

Ënnert dem Kommando vun deem jonke Mann am Pompjeeshelm geet alles séier an ouni Probleem.

„Wou e blouss deen Helm hier huet?“, freet sech de Louis. „Ob se am Kino esou eppes mussen hunn?“ Hie souz mat dem Manuel an der zéngter Rei a steet elo am Säitegank op dem Wee fir bei den Noutausgank. Op eemol ass e ganz ausser sech:

„Kuck, do kënnt Damp duerch d’Dier!”

„Jo, do dämpt et!“, ruffen elo och aner Kanner.

„Wou dann?“, freet de Mann virun der Leinwand. „A sou, dohannen! Mä sot, mengt dir villäicht, dat soll net sinn? Mir maachen dach déi Prouf hei esou natierlech ewéi méiglech! Firwat si mer dann am Kino? Mir hunn hannert den Dieren Dampmaschinnen opgestallt, well mer kucke wëllen, ob dir och roueg bleift, wann et ausgesäit, wéi wann et géif wierklech brennen. Ech kann iech soen, do hannert der Dier, do dämpt et esou vill, dass der guer net géift ootme kënnen, wann der elo an der Haaptentrée wiert.“

De Mann spréngt nees an de Sall erof.

„Sou“, seet en, „elo sitt dir drun, déi zwou lescht Reien. Ech komme mat."

„Flütt, dat dämpt awer uerdentlech!“, wonnert d’Lisa sech, dat schonn op Septième am Lycée ass. „Kuckt emol, wéi et do ënnert der Dier duerchkënnt! Ganz déck. Ass dat wierklech nëmmen eng Übung?“

D‘Lisa huet sech bei de Mann ëmgedréint, deen hannert hinne kënnt. Deen huet den Helm ausgedoen a wëscht sech grad de Schweess vun der Stier.

„Do brennt et jo wierklech!“, deet d’Lisa elo Kreesch. „Dat sinn dach kleng Flamen ënnert der Dier, richteg, echt Flamen.“

„Déi doen eis elo näischt méi. Net stoe bleiwen, wannechgelift, weidergoen!“, rifft de Mann mat dem Helm a kuckt op de lénksen Noutausgank eriwwer. Do ginn elo grad déi lescht Kanner aus dem Kinossall eraus. E setzt sech den Helm nees op an dréckt déi puer Kanner, déi virun him ginn – et sinn der net méi all ze vill – zur Dier eraus.

Endlech sinn se all dobaussen, de Mann kann opootmen.

 

 

(2021)