(als Kanner-Sketch - 2020)
Do kënnt jo den Tom Sawyer, déck gelueden iwwert den Trottoir geschlappt: e Pinsel mat engem laange Still an e ganzen Eemer voller wäisser Fuerf. Voll bis uewenhin. A scho wann en de Gaardenzonk nëmme bekuckt, dann huet en d’Flemm. Méi ewéi zwanzeg Meter Brieder sinn do unzesträichen, an dobei ass den Zonk och iwwert e Meter héich.
Den Tom versteet d’Liewen net. Firwat mengt dat et esou schlecht mat him?
E mécht eemol Pfff!, denkt: Dajee alt!, zappt de Pinsel an d’Fuerf a fiert gelangweilt queesch uewen iwwert dat iewescht Briet. Dat mécht en eemol, zweemol, dräimol a vergläicht all Kéier dat klengt Stéckelchen, dat e grad gepinselt huet, mat deem risege Rescht, deen him nach ze pinsele bleift, a mécht dann nees eemol: Pfff!
Dee Moment kënnt dann och de Ben Rogers, ausgerechent dee vu senge Schoulkomeroden, deen am meeschte mat him de Geck mécht. De Ben kënnt hopplahopp iwwert den Trottoir gesprongen, en Zeechen, dass en alt erëm a beschter Laun ass. Kee Wonner och, dee muss jo net usträichen! En ass grad am Gaang en Apel z’iessen an iwwerdeems mécht en tuut-tuut an ding-dong-ding-dong, well e spillt e grousst Schëff, dee groussen Dampfer „Big Missouri“, deen um Ozean erëmfiert. An dat Schëff kënnt elo méi no, fiert méi lues a mat vill Kaméidi beim Trottoir bäi. Ah, dee Ben do, deen huet eng formidabel Phantasie, well en ass Schëff, en ass Kapitän an en ass Gebimmels vun der Klack, alles an enger Persoun. Dofir steet hien och op sech selwer, gëtt sech selwer d’Kommandoen a mécht och alles, wat e sech selwer kommandéiert huet.
„Motoooor – Stopp! Klinglingling.“ An da steet en do.
Mä den Tom léisst sech beim Usträichen net stéieren, e bekuckt emol den Dampfer op dem Ozean guer net. Mécht einfach, wéi wann näischt do wier. Keen Ozean a keng „Big Missouri“. De Ben kuckt him eng Zäitchen no a mengt dann: „Jongejong, dech hu se ower schéin ugeschmiert, wéi?“
Keng Äntwert. Näischt. Den Tom spillt dee groussen, professionellen Usträicher. En tuppt nach eemol hei e wéineg mam Pinsel, en tuppt nach eemol do e wéineg mam Pinsel, päift monter weider an ass mat senge Brieder zefridden. De Ben denkt: Dat doe kann dach net sinn! An da päift en och nach derbei?! - Ho, wann dee wéisst! Elo stellt e sech emol méi no niewent den Tom, an den Tom denkt un dem Ben säin Apel, an d’Waasser leeft him am Mond zesummen, mä neen, e bleift bei senger Aarbecht, Flemm hin oder Flemm hier.
„An, Borscht,“ stëppelt de Ben weider, „hu se dech un d’Schaffe kritt?“
„Ah, du bass et, Ben. Bass mer emol guer net opgefall.“
„Lauschter mol, Tom, ech gi schwammen. Häss de net och Loscht? – Ah neen, du bass jo méi fir d’Aarbecht, gelu.“
Den Tom mécht esou, wéi wann e guer net géif verstoen. „Aarbecht? Mä wat nennst du dann eigentlech Aarbecht?“
„Wéisou? Ass dat doen da keng?“, freet de Ben.
Den Tom zappt de Pinsel nees an d’Fuerf an hieft d’Schëlleren. „Villäicht, villäicht och net. Fir den Tom Sawyer ass et op jidde Fall eng tipptopp Saach.“
„Hee du, du wëlls mir dach net am Eescht verzielen, du géifs dat doe gäre maachen?“
De Pinsel sträicht roueg weider un a léisst sech net aus der Rou bréngen.
„Gäre maachen?“, seet den Tom. „Firwat och net? An dann, mengs du dann éieren, un esou eng delikat Aarbecht ewéi d’Brieder-wäiss-usträichen, do géif een egal wien dru loossen? Iergend esou e Vullemetti, deen emol net weess, wat e Pinsel ass?“
Egal wien dru loossen?! Iergend esou e Vullemetti?! Domat gesäit déi Saach scho ganz anescht aus, an de Ben vergësst esouguer u sengem Apel ze knaen. Den Tom sträicht séileroueg weider un, vu riets no lénks a vu lénks no riets, tuppt nees uewen an ënnen e wéineg a mécht e Schratt hannertzeg, fir säi Konschtwierk ze bekucken. Säin Trick schéngt also ze klappen, well de Ben, dee steet derbei, mécht ëmmer méi grouss Aan an intresséiert sech ëmmer méi un dem Tom senger Aarbecht. Dann ass hie jo guer net egal wien, denkt de Ben bei sech, dann ass hie jo guer kee Vullemetti, deen net weess, wat e Pinsel ass, mä e richtegen Artist.
„Tom!“, platzt et elo aus him eraus, „looss mech och emol e bësselchen.“
Den Tom iwwerleet, den Tom zéckt, den Tom wëllt schonn ee Moment Okay soen, mä am leschte Moment rappt e sech ower zesummen. „Neen, geet leider net, Ben. Et deet mer schrecklech leed, mä kuck, d’Tatta Polly, dat ass eng ganz kriddeleg Madamm. An zemol wann et ëm de Gaardenzonk geet, an dann och nach just hei op der Säit vun der Strooss. No hannenaus, mäi Gott, dat wier net esou uerg, mä hei vir um Trottoir, wou all Mënsch laanscht geet a wou all Mënsch drop kuckt, uh, do léisst se net mat sech spaassen. Do muss perfekt Aarbecht geleescht ginn. Ech géif esouguer mengen, ënner Millioune Bouwe fënns de keng zwee, déi esou eppes maache kënnen.“
„Mengs de?“
„Ower honnertprozenteg.“
„Allez, komm, looss mech dach eemol“, direngelt de Ben weider. "Looss mech dach net nëmme just eemol probéieren. Just esou e klengt Stéckelchen. Also, Tom, wann ech du wier, ech géif dech loossen.“
„Ben, wann ech nëmme kënnt! Éierewuert! Mä d’Tatta Polly, ech sot jo schonn --- also huel de Jim zum Beispill, dee wollt och eemol, duerft ower net. Oder huel de Greg oder de Sam oder den Oliver - mengs de, si hätt ee vun deenen dru gelooss? Keen. Guer keen.“
Ah, wann een Theater spille kann, dann ass et den Tom Sawyer. An dobei brauch en emol selwer net ze laachen ...
„Ben! Verstees de net, wéi domm ech dru sinn. A grad bei dir, ee vu menge beschte Kolleegen. Ower stell der nëmme vir, du pinsels hei, an op eemol geet eppes schif.“
„O du, ech maachen dach ganz gemittlech an ech passen dach op. Komm, looss mech. Hei, du kriss och dëst Stéck vu mengem Apel.“
„Neen, neen, Ben, vergiess et. Ech kann net, ech hunn Angscht ...“
„Komm, dann huel vu mir aus de ganzen Apel.“
De ganzen Apel?! Dem Tom leeft d’Waasser nach méi am Mond zesummen. Mat engem ganzen Apel kënnt ee schonn zesummen an d’Geschäft kommen. E kuckt nach eemol séier, ob d’Tatta Polly net an der Fënster steet ... „Da komm, dann huel de Pinsel!", pëspert en. "Du bass jo mäi beschte Kolleeg“ ... an e Stee vun iwwer 30 Kilo fält him vum Häerz.
Endlech! Dass hien dat doen nach materliewe kann!
A kuck, wat déi grouss „Big Missouri“ elo an der décker Sonn schafft a muerkst a schweesst, an hien, dee professionellen Usträicher, hie sëtzt am Schiet op engem Faass, léisst d’Been erofbaumelen, maufelt u sengem Apel an iwwerleet, ob en net nach aner Dommer dru kritt. An un deene soll et net feelen, well et kommen der un engem Stéck aus senger Schoul laanscht. Fir d'éischt laachen se knaschteg a maachen domm Bemierkungen – mä esoubal se héieren, ëm wat et hei geet, bleiwen se alleguerten, fir nëmmen duerfe mat unzesträichen.
Alleguer.
Kee wëllt e Vullemetti sinn.
Kuerz viru Mëtteg ass den Tom steeräich, e ka sech bal a sengem Räichtum wenzelen. Elo huet en zwielef Jicken, de Rescht vun enger Mondharmonika, e Stéck blot Glas, fir derduerch ze kucken, eng zerknujelt Zeitung, e Schlëssel, mat deem een allerdéngs näischt opspäre kann, e Stéck Kräid, de Stopp vun enger Fläsch, e puer Kauzekäpp, eng Klensch aus purem Messéng, eng Léngt mat Halsband (ouni Hond natierlech), e Grëff vun engem Täschemesser, véier Orangëschuelen an eng al verbéite Fënsterrumm. Dobei kënnt dann nach dat wonnerherrlecht Faulenzen während där ganzer Zäit, déi flott Gesellschaft mat dem Ben, dem Tim, dem Charlie, dem Jack, dem Oliver, dem Patrick, dem Freddy a wéi se alleguerten heeschen - an dann, net ze vergiessen, de Gaardenzonk, zwanzeg Meter laang an iwwert e Meter héich, deen elo scho véier déck Couchë Fuerf kritt huet.
D’Tatta Polly wäert zefridde sinn ...
A wier den Eemer net op eemol eidel gewiescht, den Tom Sawyer hätt d’Bouwen aus dem ganzen Duerf faillite gemat.