… fräi no dem Mark Twain

sengen Tom-Sawyer-Geschichten (1876) …

 

DEN TOM SAWYER STRÄICHT UN

(2020)

(als Kuerzgeschicht - 2015)

 

Persounen:      den Tom Sawyer

d’Tatta Polly

de Ben Rogers

 

… eng ganz Partie Jongen a Meedercher als Statisten …

 

 

Décor:             e laangt, zimlech héicht Holzgelänner

 

 

(Den Tom Sawyer kënnt flemmzeg mat engem Eemer Fuerf an engem Pinsel mat laangem Still geschlappt. E bekuckt sech dat laangt Gelänner an huet déck de Latz.

D’Tatta Polla ass hannndrun a riet op en an.)

TATTA POLLY

Voilà, Tom. Hei ass dat Gelänner fir unzesträichen. Ech hoffen, dass et der wéinegstens Freed mécht.

TOM

(uerg gelangweilt) Jo, Tatta Polly.

TATTA POLLY

Awer net ze haseleg a sturrazeg. Net, dass mer herno méi Fuerf op dem Buedem hunn ewéi um Gelänner.

TOM

(idem) Neen, Tatta Polly. (zappt de Pinsel an d’Fuerf a fänkt un unzesträichen)

TATTA POLLY

A bedenk ëmmer, dass dës Säit vum Gelänner déi Säit op der Strooss ass, do,  wou all Mënsch laanscht geet an dropkuckt.

TOM

(idem) Jo, Tatta Polly.

TATTA POLLY

Hei duerfs de net fuddelen. Kee Briet iwwersprangen a keen Eckelche vergiessen.

TOM

(idem) Neen, Tatta Polly.

TATTA POLLY

Sou, ech loossen dech dann elo. (fir sech) Ah, endlech gëtt dat Gelänner emol ugestrach, endlech. (geet of)

TOM

(bekuckt sech dat laangt Gelänner, fir sech.) Pfff … a bis dohannen hin?! A grad haut, wou ech esou vill wëlles hat. Ech wollt schwamme goen, ech wollt un eisem Bamhaus weiderbauen, ech wollt nach an der Baach Kauzekäpp fänken – mä neen, elo stinn ech hei mat dem Pinsel am Grapp. Hoffentlech kënnt kee vu menge Kolleege laanscht, déi géife mech auslaachen.

 

(Et héiert een de Ben Rogers vu wäitem: Tuuut-tuuut! Ding-dong-ding-dong! an da kënnt en „als Schëff“ gefuer. En ass am Gaang en Apel z’iessen.)

TOM

(entgeeschtert, nach ëmmer fir sech:) Do, gesäis de! An ausgerechent de Ben Rogers, deen ëmmer am meeschten de Geck mat mer mécht.

BEN

Opgepasst! Ech sinn dee groussen Ozean-Dampfer „Big Missouri“. Ech si Schëff, Kapitän a Gebimmels vun der Klack, alles an enger Persoun. (fiert bei den Trëttoir bäi) Motooor – Stopp! Klinglingling! (bleift beim Tom stoen)

(Den Tom sträicht séileroueg weider un a mécht, wéi wann en de Ben guer net géif gesinn. Dee kuckt him eng Zäitchen no, dann:)

Jongejong, dech hu se awer schéin dru kritt, wéi?

(Keng Reactioun vum Tom. E sträicht weider un, geet e puermol e Schratt no hannen, fir seng Aarbecht ze kucken a bessert dann hei an do e wéineg mat dem Pinsel aus.)

Has de éieren eng gestiicht, dass de hei ze schaffe stees?

TOM

Ah, du bass et, Ben. Bass mer emol guer net opgefall.

BEN

So lauschter, ech gi bei déi aner op de Foussballsterrain. Häss de net och Loscht? (stëppelt) Mä neen, du bass jo méi fir d’Aarbecht, gelu.

TOM

(mécht, wéi wann en net géif verstoen) Aarbecht? Wat nenns du Aarbecht?

BEN

Maja, ass dat doen da keng?

TOM

(zappt de Pinsel an den Eemer a pinselt weider) Villäicht, villäicht och net. Fir den Tom Sawyer ass et op jidde Fall eng tipptopp Saach.

BEN

Hee du, du wëlls mir dach net am Eescht verzielen, du géifs dat doe gäre maachen?

TOM

Firwat net? An dann, mengs du éieren, un esou eppes Delikates ewéi d’Gelännerusträichen, do géif een egal wien dru loossen? Iergend esou e Vullemetti, deen emol net weess, wat e Pinsel ass?

BEN

Vullemetti? Mengs du villäicht, ech wier esou een?

(Paus. Den Tom sträicht un, de Ben kuckt him intresséiert no.)

(op eemol) Tom, looss mech och emol e bësselchen.

TOM

Wat?

BEN

Usträichen.

TOM

Hu se dech?

BEN

Komm, mir sinn dach gutt Kolleegen.

TOM

Neen, geet leider net, Ben. D‘Tatta Polly, dat ass eng ganz kriddeleg Madamm. Do muss perfekt Aarbecht geleescht ginn. Ënner Millioune Bouwe fënns de keng zwee, déi esou eppes maache kënnen.

BEN

Mengs de?

TOM

Awer honnertprozenteg.

BEN

(direngelt weider) Allez, komm, looss mech dach emol. Looss mech dach  nëmme just eemol probéieren. Just e klengt Stéckelchen. Also, Tom, wann ech du wier, ech géif dech loossen.

(De Ben bäisst kräfteg a säin Apel, den Tom kuckt a leckt sech de Mond.)

TOM

Ben, wann ech nëmme kënnt! Éierewuert! Mä d’Tatta Polly, ech sot jo schonn --- also huel de Jim zum Beispill, dee wollt och eemol, duerft ower net. Oder huel de Greg oder de Sam oder den Oliver - mengs de, si hätt ee vun deenen dru gelooss? Keen. Guer keen.

BEN

O, du bass e Spillverdierwer.

TOM

Verstees de dann net, wéi domm ech dru sinn? Stell der nëmme vir, du pinsels hei an op eemol geet eppes schif.

BEN

Ech maachen dach ganz gemittlech a passen op. Komm, looss mech. Hei, du kriss och e Stéck vu mengem Apel.

TOM

(iwwerleet) Neen, Ben, vergiess et. Ech kann net. Ech hunn Angscht.

BEN

(op eemol:) Komm, dann huel vu mir aus de ganzen Apel.

TOM

(schmuunzt zefridden) De ganzen Apel? (kuckt virsiichteg no riets an no lénks a gëtt him dann de Pinsel) Da komm, da fuer duer. Am Fong geholl sos d‘et jo schonn: Mir si gutt Kolleegen.

BEN

(gëtt dem Tom den Apel) An net nëmme gutt Kolleegen, mä esouguer déi bescht Kolleegen. (mécht sech un d’Aarbecht)

TOM

Eben. (setzt sech dohin, maufelt den Apel a kuckt dem Ben zefridden no.)

(D’Tatta Polly kënnt, bekuckt sech déi zwee a rëselt de Kapp.)

TATTA POLLY

O Tom Sawyer, wat bass de en Tom Sawyer! Déi grouss „Big Missouri“ schafft a schweesst, an hien, hie sëtzt do ze faulenzen, maufelt u sengem Apel an iwwerleet, ob en net nach aner Dommer dru kritt.

 

(Elo PANTOMIMESPILL: Zwee, dräi Kanner kommen, kucken dem Ben no a laachen en aus. Den Tom erkläert hinnen alles, da komme schonn anerer mat Pinselen a Fuerfrulloen. Se ginn dem Tom allerlee Saachen a sträichen da mat un. Ëmmer méi a méi. Wärenddeem:)

 

An un deene soll et net feelen, well et kommen der un engem Stéck. Fir d'éischt maachen se domm Bemierkungen, mä esoubal se héieren, ëm wat et hei geet, bleiwen se alleguerten, fir nëmmen duerfe mat unzesträichen. Alleguer.

Kee wëllt e Vullemetti sinn.

Kuerz viru Mëtteg ass den Tom steeräich, e ka sech bal a sengem Räichtum wenzelen. Elo huet en zwielef Jicken, de Rescht vun enger Mondharmonika, e Stéck blot Glas, fir derduerch ze kucken, eng zerknujelt Zeitung, e Schlëssel, de Stopp vun enger Fläsch, eng Léngt mat Halsband - ouni Hond natierlech-, e Grëff vun engem Täschemesser, e Stéck Kräid, eng Klensch vun enger Dier a véier Orangëschuelen. Dobei kënnt nach déi flott Gesellschaft mat dem Ben, dem Tim, dem Rebecca, dem Charlie, dem Jack, dem Stephanie, dem Patrick, dem Caroline, dem Freddy a wéi se alleguerten heeschen - an dann, net ze vergiessen, de Gaardenzonk, iwwer zwanzeg Meeter laang an en décke Meeter héich, deen elo scho véier déck Couchë Fuerf kritt huet.

 

TOM

A wier den Eemer net op eemol eidel gewiescht, Tatta Polly, gleef mer et, ech hätt dat ganzt Duerf faillite gemat.

 

 

 

 

                                      RIDO

 

 

 

© All Rechter beim Auteur  

(iwwer jchr@pt.lu oder iwwer "Kontakt")