... fräi no dem Roman vum Erich Kästner "Emil und die Detektive" (1929) ...

 

 

 

DEN EMIL A SENG DETEKTIVEN

(2020)

Persounen:

    den Emil Neumann

    den Här Schmittchen, de Mann mat dem schwaarzen Hutt

    de Charel mat der Troter

    de Professer (den éischter Intellektuellen)

    d’Lady Puppa (Genre hypermodern opgedonnert Tussi)

    de Rocker-Gibbes (typesche raue Rocker)

    d’Frutzi

    d’Joffer Albertine, Employée an der Bank (eng almoudesch Madame)

    d’Madame Peiffer, Employée an der Bank

    den Här Martin, Chef an der Bank

    de Reporter oder d’Reporterin vun RTL

 

Statisten

    e Polizist oder eng Polizistin (oder e puer)

    RTL-Kamera-Leit

    ... an eng ganz Partie Kanner, déi hannendru matlafen ...

 

 

Décor:

Zwee Deeler, déi anenee verlafen: op der Schlass-Plaz / an der Bank

-     Op der Schlass-Plaz: e Schëld PLACE DU CHÂTEAU / ugedeiten Hausfaçaden, eng mat dem  Schëld HOTEL "BEIM SCHLASS", virdrun zwee kleng Bistrotsdëscher mat Still / eng aner mat dem Schëld BANQUE / e Stänner mat Zeitunge vun engem Zeitungsbuttek / zwou, dräi Poubellë virun engem aneren Haus

-      An der Bank: e Guichet mat engem Schëld „Caisse - Mme Peiffer“

 

 

E puer Remarquen zu der Rolleverdeelung

Dës Textversioun spillt mat 11 Rollen plus enger ganzer Rei Statisten. Do dernieft huet d’Regie awer nach aner Méiglechkeeten, fir d’Acteuren anzesetzen. Wann et ze vill Personnagë sinn, kann een z.B. aus der Lady Puppa an dem Rocker-Gibbes eng eenzeg Roll maachen (eventuell d’Rocker-Lady) oder d’Joffer Albertine ka ganz ewechfalen resp. blouss als Statist an dem Bankeguichet sëtzen. Dee Moment mussen dann natierlech eenzel Repliquen komplett gestrach oder ëmgebaut ginn. Zum Schluss kann och am Plaz vun engem Reporter d’Frutzi oder de Professer mat dem RTL-Mikro virun der Kamera stoen.

Da léisst sech aus dem „Charel“ mat der Troter en „Danielle“ mat der Troter maachen, aus dem „Här“ Martin eng „Madame“ Martin oder emgedréint aus der „Madame“ Peiffer en „Här“ Peiffer asw.

Par conter kënnen och nach weider Statisterolle zum richtegen Zäitpunkt agebaut ginn, wéi z. B. de Garçon (oder d’Serveuse) vum Hotel, déi am Ufank dem Schmittchen d’Fläsch Béier zerwéiert / e Gemengenaarbechter, deen d’Plaz an d’Stroosse kiert / eng Madame, déi mat hirem Akaafskuerf heemgeet / e Pätterche mat dem Reesbengel asw. (déi iwwert d’Plaz trëppelen a beim Charel sengem Getroters erféieren oder stoe bleiwen an deem ganze Spektakel nokucken ...)

 

 

----------------

 

 

1. SZEEN

OP DER SCHLASS-PLAZ

 

 

(Wärend dësen éischten Szeenen op der Schlass-Plaz sëtzen d’Joffer Albertine an d’Madame Peiffer an der Bank hannert hirem Guichet ze schreiwen, ze telefonéieren, Dossieren duerchzebliederen asw. E puer Mol kënnt och den Här Martin fir dëst oder dat eran.

De Schmittchen – de Mann mat dem schwaarzen Hutt - sëtzt mat senger Wallis op der klenger Terrass virum Hotel hannert senger Zeitung. Um Dësch steet eng Fläsch Béier.

Den Emil sëtzt mat engem Bouquet Blummen hannert de Poubelle verstoppt a kuckt un engem Stéck eriwwer op déi kleng Hotelsterrass. En huet e Nueschnappeg ëm ee Fanger gewéckelt. Op eemol trotert ee mat enger Troter. Den Emil Neumann erféiert. De Charel kënnt mat senger Troter hannert dem Zeitungstand eraus.)

EMIL

Omei, wat hues du mech erféiert!

CHAREL

Da bass du bestëmmt net vun hei, oder? Well hei an der Stad weess all Mënsch, dass de Charel ëmmer eng Troter bei sech huet.

EMIL

Ah, du bass de Charel ... An ech, ech sinn den Emil Neumann vun Nidderhaapges.

CHAREL

(laacht, mécht de Geck mat him) Nidderhaapges! Dat klengt Kouduerf, wat emol net um Globus ze fannen ass, a wou se de Stroum musse mat Eemeren an d’Haiser droen, well se nach keng elektresch Leitungen hunn.

EMIL

Hee, Frëndchen, ech hu keng Zäit fir faul Witzer, ech sinn de Moment op enger geheimer Missioun.

CHAREL

Fir hei bei den Dreckskiwwele Stëppches ze spillen?

EMIL

Neen. Ech spionéieren hannert engem Gangster.

CHAREL

Nu hal op!

EMIL

Dach. E Gangster, dee mir haut de Muere 500 Euro am Zuch geklaut huet, wärenddeem ech geschlof hunn. An dat Geld, dat sollt ech menger Bomi ginn. Ech kommen nämlech bei si op Besuch an si ass net ganz räich.

CHAREL

Du krus 500 Euro geschuppt?!

EMIL

A meng Mamm sot nach wéi vill Mol zu mer: ,Maach, dass de dat Geld net verléiers! Pass jo nëmme gutt drop op!’ Duerfir hat ech mer et extra a menger Paltongstäsch verstoppt.

CHAREL

A wou dreift dee Raiber sech elo erëm?

EMIL

(weist eriwwer op d’Terrass) Ma kuck, e sëtzt déi Säit. 't ass dee mat dem schwaarzen Hutt, hannert der Zeitung. Ech si schonn zwou Stonnen hannert em hier. Zu Fouss a mam Tram a mam Bus, an duerno mat dem Taxi nees heihinner zeréck.

CHAREL

Dat ass jo eng Bommesaach! Da waart, dee soll eis elo net méi duerch d’Latte goen. Deen doe plécke mer eis.

(De Charel trotert zweemol mat senger Troter.)

EMIL

Charel, bass du verréckt?!  Op eemol hues de mir dee Kärel verdriwwen.

CHAREL

Nu maach kee Fläppchen an d’Box. 't mierkt ee gutt, dass du vun Nidderhaapges bass. Hei an der Stad sinn ech weltbekannt, an d’Polizei ass frou, dass se mech a meng Spiounen huet, fir hir ze hëllefen.

 

2. SZEEN

OP DER SCHLASS-PLAZ

 

CHAREL

(Vun alle Säite kommen se elo erbäigelaf: d’Lady Puppa, de Rocker-Gibbes mat enger Spektiv, de Professer, d’Frutzi mam Velo an e sëlleche Statisten. Den Emil ass perplex.)

Voilà, gesäis de, dat sinn se. Elauter Éischt-Klass-Detektiven. (stellt se vir) Dat hei ass d’Lady Puppa ... hien do mat der Spektiv ass de Rocker-Gibbes ... dann den Här Professer ... d’Frutzi, wéi ëmmer mat sengem Velo ... an nach Honnerten aner hannendrun ...

EMIL

Jo, d’Frutzi, dat kennen ech. Hatt ass nämlech meng Kusinn an iwwerall mat der Nues virbäi.

FRUTZI

Emil! Du dreifs dech hei beim Schlass erëm? An d’Bomi, déi steet virun der Gare op dech ze waarden.

CHAREL

Da muss d’Bomi sech eben nach e wéineg gedëllegen, well mir hunn en neie Kriminalfall. (feierlech zu sengen Detektiven) Dir Herrschaften, duerf ech virstellen: den Emil Neumann vun Nidderhaapges, hie krut de Mueren am Zuch fir an d’Stad 500 Euro geschuppt.

(Alles ass erstaunt. Duercherneen:

- O vreck! - 500 Euro?

- Einfach esou am Zuch?

- Net schlecht!

- Dee Culot muss een hunn!)

FRUTZI

Déi fir d’Bomi? Emil, ass dat wouer?

EMIL

Jo. Dräi Honnert-Euro-Schäiner a véier Foffzeger! (mécht säi Paltong op) Hei aus menger Paltongstäsch. An dobei wor ech just nëmmen e puer Minutten entschlof.

PROFESSER

A vu wiem dann? Hues de do iergend e Speziellen am Verdacht?

CHAREL

(weist eriwwer) Ma vun deem dohannen, dee mat deem schwaarzen Hutt.

EMIL

Schmittchen heescht en. E komesche Kauz.

ROCKER-GIBBES

(kuckt duerch seng Spektiv) Deen do? Pff, esou e Mammejéngelche wäerte mer dach nach kleng kréien. Mer diebelen en an zwee Stécker a da stieche mer en hei an d’Poubell.

FRUTZI

Bon, maacht dir dat. An där Zäit fueren ech bis op d’Gare der Bomi bescheed soen. Net dass déi sech do d’Been an de Bauch ze waarde steet. (hëlt dem Emil de Bouquet Blummen of) Komm, ech huelen hir d’Blummen anengems mat, déi hënneren dech jo nëmme just hei. (fiert mam Velo fort)

EMIL

(gëtt rosen) Ah, an ech gi mech net, bis ech dee Fatzbeidel hunn. A wann ech him ronderëm déi ganz Welt muss nolafen.

(De Schmittchen drénkt aus, hieft sech ---

PROFESSER

Hei kuck, de schwaarzen Hutt gëtt nees lieweg.

LADY PUPPA

Dee wäert eis dach elo net undrécken.

--- a geet mat senger Wallis an den Hotel eran.)

ROCKER-GIBBES

E geet an de Schlass-Hotel. Detektiven, ech fäerte ganz, dat doe gëtt nach eng laang Nuecht. Da musse mer och nach eis Täscheluuchten heem siche goen.

CHAREL

Waart, ech ginn him no. Mir mussen dach iergendwéi am Bild sinn, wat e wëlles huet.

PROFESSER

Gutt iwwerluecht! (zu deenen aneren) Spionage, nennt een esou eppes. Dat maachen se an all Krich op der Welt.

CHAREL

Professer, du hues e schlaue Kapp, du organiséiers alles heibausse weider. An d’Lady Puppa passt gutt op meng Troter op. (gëtt him seng Troter) Ouni Troter wier ech nämlech am Liewe verluer. (geet an den Hotel)

LADY PUPPA

Neen, wat ass dat hei esou spannend! (zum Emil) So, et muss dach bestëmmt och eng Aventure gewiescht sinn, fir mat engem richtege Kriminellen am Zuch ze sëtzen.

EMIL

Da meng alt! En huet mer just topeg Geschichten erzielt. Hei an der Stad wier alles aneschters ewéi bei eis doheem zu Nidderhaapges, sot en. Hei géifen et Haiser mat méi ewéi 265 Etagen ginn. Den Daach uewen wier esouguer um Himmel ugestréckt, dass se net ëmfale sollen.

(Alles laacht a rëselt de Kapp.)

Oder nach besser: wann ee kee Geld méi huet, da kann ee säi Gehier einfach op eng Bank droen an et kritt een 1000 Euro derfir. Mä si ginn der et nëmme just nees zréck, wann s de 2000 Euro bezills.

(Déi aner laachen elo nach méi, tippe sech op d’Stier asw.)

ROCKER-GIBBES

(weist op d’Bank) An hien, hien huet säint sécher scho wéi laang dobanne leien. O Härgott, wat hues de Gelungener hei erëmlafen!

EMIL

Esou huet en erzielt an erzielt an nach ëmmer weider erzielt, bis ech dann op eemol entschlof war, wéi scho gesot ...

PROFESSER

(feierlech, ganz wichteg) Bon, dir Dammen an dir Hären, hei sëtze mer net op engem Kaffiskränzche vun alen Tattaen, mä dat, wat mer haut hei erliewen, dat ass batter Realitéit. Ëmmerhi geet et ëm eise Kolleeg, den Emil, an ëm seng 500 Euro. Jee nodeem wéi et bis den Owend weidergeet, musse mer eis a Gruppen opdeelen. Déi eng virum Hotel, déi aner hei hannert de Poubellen, nees anerer an de Stroosse riets a lénks. Wéi ass et, ka jiddweree gutt schläichen?

LADY PUPPA

Ho, ech schläichen ewéi e Polizeihond.

ROCKER-GIBBES

Just bille kanns de net.

LADY PUPPA

Eefalt!

 

3. SZEEN

OP DER SCHLASS-PLAZ

 

 

FRUTZI

(D’Frutzi kënnt mat dem Velo nees zréck.)

Sou. D’Bomi ass um Wee fir heem. Si sot: Ma da sinn ech gespaant, wéi dat doen alles ausgeet.

EMIL

O, si net eleng. Gleef mer et.

FRUTZI

An ech hunn och scho mat engem Polizist geschwat, deen grad do getrëppelt ass. E kéim direkt heihin, sot en.

PROFESSER

Tiptop, Frutzi. De Moment ass eise Verdächtegen déi Säit am Hotel. An de Charel och, fir hannert him hier ze schnoffelen.

FRUTZI

Ma da sëtzt de gudde Mann elo an der Fal, well den Hotel huet keen zweeten Ausgank. Ech weess dat, well mäi Monni war laang Kach an hirer Kichen. De Schmittchen muss also nees hei vir erauskommen ---

EMIL

--- oder hannenaus um Reekulang erofrëtschen.

LADY PUPPA

Dat traut dee sech net. Dee gëtt dach scho schwindeleg, wann e blouss op enger Träppche steet.

ROCKER-GIBBES

Nu schwätz du net! Tussien ewéi s du, déi gi jo och scho séikrank, wann se nëmmen an der Buedbidde leien.

 (D’Lady Puppa streckt him d’Zong eraus.)

PROFESSER

(klappt an d’Hänn) Allezhopp, sidd dach elo net kannereg! Esoubal dee feinen Här sech also nees eraus traut, da renne mer all mat Gebierels a Gejäiz op e lass. Wann et muss sinn, dann hale mer en och mat der Krawatt un oder mir setze him de Fouss, dass en op d’Sabbel geet. Op jidde Fall dreiwe mer e vun enger Strooss an déi aner, esoulaang, bis en ausser Otem ass a vu selwer säi Portmonni opmécht an dem Emil déi 500 Euro nees zréckgëtt.

ROCKER-GIBBES

(zum Emil) Weess de, hien ass de Professer, hien iwwerleet – mir, mir hunn d’Muskelen, mir schloen dran.

(De Charel kënnt aus dem Hotel. En huet eng Uniformskap um Kapp an och en Uniformspaltong un, deen him natierlech ze grouss ass. Alles kuckt grouss an tuschelt mateneen.)

FRUTZI

Omei! A wien ass hien dann do? Kënnt dee vun engem Fuesbal? Ech géif op jidde Fall net esou vermoschtert duerch d’Géigend lafen.

PROFESSER

(op eemol:) Mä helleger Bimbam, da kuckt emol, et ass de Charel!

(Elo laacht alles. Duercherneen:

- Ho, eise Charel!

- A weem hues de dat doen da geklaut?

- Charel, kuck dech mol am Spigel!

- Ech laache mer eng Boss!)

CHAREL

Dir kënnt laachen, mä ech, ech weess genuch. Ech weess alles. Ech weess esouguer méi wéi mer iwwerhaapt wësse mussen.

LADY PUPPA

Mä dann erziel. Et gëtt ee jo ganz nervös.

CHAREL

Also, wéi ech bei d’Réceptioun komm sinn, war de Schmittchen schonn op säin Zëmmer, mä dommerweis hat e seng Wallis ënne vergiess. Ech hunn dem Portier eise ganze Fall erkläert, du huet hie mir dëst Gezei ginn an ech konnt dem Schmittchen d’Wallis eropbréngen. (hëlt en Notizbloc eraus a liest) Drëtte Stack, Zëmmer 61, hanne lénks.

EMIL

Gutt, Charel, gutt. Dat doe gëtt eng Medail.

(De Professer an de Rocker-Gibbes klappen him op d’Schëller.)

CHAREL

(zum Professer) Gesäis de, et muss een net Professer heeschen an e gescheite Brëll op der Nues hunn, fir op gutt Iddien ze kommen.

FRUTZI

Jo, an elo? Wéi geet et dann elo weider?

CHAREL

Mä e muss all Moment nees erauskommen, well en huet mech gefrot, bis um wéi vill Auer d’Bank hei ophuet. Hie misst onbedéngt nach haut dohin. ,Bis hallwer fënnef, Monsieur’, sot ech dunn. ,Mä elo ass et zéng op véier, also misst Der Iech scho fläissen.’

LADY PUPPA

Uuhhh, da kann et also net méi laang daueren, bis e sech nees weist!

PROFESSER

Duerfir elo opgepasst alleguerten! Esoubal en heibaussen ass, maache mer e Krees ronderëm en, vir an hannen, riets a lénks, iwwerall e puer, an dann hu mer en an der Zaang. Weider Kommandoe kritt der zu dem richtegem Moment.

EMIL

(verstoppt sech nees hannert d’Poubellen) Ech loossen iech vir. Mech brauch en elo nach net ze erkennen. Déi Freed kritt en nach fréi genuch.

ROCKER-GIBBES

(kuckt mat der Spektiv an d’Entrée vum Hotel) Detektiven, et geet lass. De Schuppi-Zoppert kënnt!

 

4. SZEEN

OP DER SCHLASS-PLAZ

 

 

PROFESSER

(De Schmittchen kënnt aus dem Hotel, kuckt op d’Auer, en ass an der Hetz.)

(rifft) Positioun 1!

(Alles setzt sech am Krees ronderëm en.)

SCHMITTCHEN

(kuckt grouss) Mä ... mä ... a wat soll dann dat do? Gesinn ech d’Männercher oder hunn ech mech hei an enger Spillschoul verlaf?

LADY PUPPA

Oooo, kuckt nëmmen deen Aarmen, wat en esou eng sauer schneit! Wéi wann e misst un engem Stéck néitschen.

(Alles laacht. De Schmittchen versicht iwwert se ze klammen.)

PROFESSER

(rifft) Positioun 2!

(Si huele sech ëm d’Schëlleren oder mat den Hänn a sprangen all op.)

SCHMITTCHEN

Ah mais non, mille tonnerres sacrébleu!

ROCKER-GIBBES

An e kann esouguer franséisch. La Mück, die Laus – la fatz, die Spulllomp.

(Alles laacht nees ronderëm. Déi eng Partie: „La Mück, die Laus“, dann déi aner: „La fatz, die Spullomp“.

Iergentee vun de Statiste zitt him den Hutt méi déif an de Kapp.)

 

SCHMITTCHEN

(opbruecht) Mä et gëtt jo ëmmer besser! Mäin deieren Hutt. Ech mengen, ech ruffen elo gläich d’Police.

PROFESSER

Ma sécher, Männchen, maach du dat. Dorop waarde mir schonn dee ganzen Nomëtteg. (rifft) An opgepasst ... Positioun 3!

(D’Statiste maachen de Kreess méi enk a stoussen en hin an hier, vun engem zum aneren. Duercherneen:

- Ee Mol no riets ...

- ... ee Mol no lénks ...

- ... ee Mol heihinner ...

- ... ee Mol dohinner ...

De Schmittchen wiert sech a brécht dann einfach derduerch a rennt an d’Bank eran. Alles duercherneen:

- O neen ! A fort ass en!

- Mat de 500 Euro.

- Da laf dach een him no!

- Wou ass dann elo d’Polizei?)

CHAREL

Weider net schlëmm, loosst iech duerfir keng gro Hoer wuessen. De Professer an ech, mir bleiwe schonn hannendrun. Kommt, a lass!

EMIL

(kuckt hannert de Poubellen eraus) Jo, an d’Frutzi an d’Lady Puppa an de Rocker-Gibbes an ech an all déi aner hei? Spille mir net méi mat?

PROFESSER

Dir bleift de Moment nach heibaussen, bis de Charel mat senger Troter trotert. Bis dohi gi mir schonn eleng mat him eens.

(De Professer an de Charel ginn an d’Bank.)

ROCKER-GIBBES

(beleidegt a rosen) Asou! Ech sinn dee stäerkste vun iech alleguerten, a mech loosst der virun der Dier stoen.

LADY PUPPA

(stëppelt ameséiert) Grad ewéi déi kleng Tussien, déi an der Buedbidde séikrank ginn ...

ROCKER-GIBBES

Kuff d’Schmull, Quiitschpopp!

FRUTZI

(gëtt engem vun de Statisten de Velo) Komm, du kriss meng Coursemaschinn fir unzehalen. Ech muss herno d’Hänn an d’Féiss fräi hunn, wa mer d’Bank stiermen. (setzt sech bei den Emil) Ah Emil, ech si gespaant ewéi en ale Prabbeli.

EMIL

A mir wackelen d’Knéien ewéi Pudding!

 

5. SZEEN

AN DER BANK

 

 

(D’Joffer Albertine tippt op enger Schreifmaschinn, d’Madame Peiffer ass um Telefon. De Schmittchen steet virun der Keess, en ass nervös a kuckt muenechmol ronderëm sech. De Professer stellt sech niewent en, de Charel mat der Troter hannert en.)

PEIFFER

(um Telefon) An der Rei, ech hunn et notéiert. Bis dann eemol, äddi. (hänkt an, kënnt no vir, zum Professer:) An de jonke Mënsch, wannechgelifft?

PROFESSER

Entschëllegt, deen Här hei, dee wor virun eis. (weist op de Schmittchen) E schéngt mer eng Grëtz ongedëlleg ze sinn.

PEIFFER

(zum Schmittchen) O, pardon, Monsieur! A wat kann ech fir den Här maachen?

SCHMITTCHEN

(hëlt d’Geldschäiner aus der Täsch a leet se op de Guichet) Ma ech wollt froen, ob Dir villäicht esou frëndlech kënnt sinn, fir mir dräi Honnert-Euro-Schäiner an och nach véier Foffzeger ëmzewiesselen. Déi Honnerter an Zwanzeger, wann dat méiglech ass, an déi Foffzeger an Zéngter,

PEIFFER

An Zwanzeger an an Zéngter, sot Der. Dat wäerte mer scho ronn kréien. Esou aarm si mer jo schliisslech awer nach net. (hëlt d’Geldschäiner a geet an d’Keess)

CHAREL

(stéisst de Professer) Dajee! Dann huel der en elo mam Kolli.

PROFESSER

(rifft an de Guichet) Ee Momentchen, Madame --- (kuckt op d’Schëld mat dem Numm) --- Madame Peiffer. Dat Geld, dat ass gestuel.

SCHMITTCHEN

(ausser sech) Hee, pass du op, wat s de sees! Ech sinn en éierbare Bierger.

PEIFFER

(kënnt no vir) Gestuel?

CHAREL

(zur Madame Peiffer) Richteg nogelauschtert, Madame. Gestuel a geschuppt. Geklaut a gezoppt.

PROFESSER

A mir si schonn säit de Mueren hannert deem Brigang do hier.

SCHMITTCHEN

Ma dir schnuddeleg Schnuddeleren! Muss ee sech dann esou eppes gefale loossen?! (wëllt him eng haen ...

... mä de Charel trotert mat senger Troter.)

ALBERTINE

(spréngt erschreckt vum Stull) Bankiwwerfall? Polizei, Polizei! (sicht an hirer Posch) A wou si meng Pëllen? Schnell e Glas Waasser!

ROCKER-GIBBES

Dir Dammen, och wa mir dräi hei schnuddeleg Schnuddlere sinn, mä mir kënnen d’Hand an d’Feier leeën, dass dat Geld deem Mann hei guer net gehéiert.

PROFESSER

En huet et engem Kolleeg vun eis geklaut an elo wëllt en et ëmtauschen, dass kee méi him eppes noweise kann.

CHAREL

(leet dem Professer den Aarm ëm d’Schëlleren) Mäi Frënd hei huet recht. Mäi Frënd hei huet ëmmer recht. E gëtt jo net fir näischt iwwerall Professer genannt.

SCHMITTCHEN

(schnaapt no Loft) Also ... also ... esou eng hondsaffrontéiert Frechheet hunn ech a mengem ganze Liewen nach net erlieft. Onverschimmtene Gaasse-buttek, deen der sidd. Entschëllegt, Madame Peiffer, mä dat heie geet mer elo awer ze wäit. (prafft dem Professer eng op de Bak)

PEIFFER

(entsat) Mä erlaabt emol, Monsieur ....

PROFESSER

Also mat Kläppereie gëtt d’Saach och net besser ... (rennt de Schmittchen mat der Fauscht an de Bauch, dass dee sech krëmmt) O, pardon, hunn ech Iech geroden, Monsieur? 't deet mer leed, mä Äre Bauch war menger Fauscht am Wee.

ALBERTINE

(duercherneen) Schnell eng Pëll! Wou stiechen se dann nëmmen? Mäin Häerz kritt nach en Häerzschlag.

CHAREL

Professer, ech mengen, et géif elo esou gemittlech Zäit, dass mer den Emil mat deenen aneren eraruffen. (trotert gutt haart)

ALBERTINE

(fält op de Stull) Do, ech sot et jo. Hëllef ! Eng Ambulanz, eng Ambulanz !

 

6. SZEEN

AN DER BANK

 

 

(Elo kommen déi aner eragestiermt : den Emil, de Rocker-Gibbes, d’Frutzi, d’Lady Puppa an eng Partie vun de Statisten. Si stelle sech ronderëm de Schmittchen, e puer strëppe sech d’Äerm erop. Déi Rescht setzt sech virun der Bank op de Buedem.)

SCHMITTCHEN

Schrecklech ... en Zirkus voller Afen!

MARTIN

(kënnt vun hannen) A wat der Däiwel ass dann nëmmen hei lass?

PEIFFER

O Chef, gutt, dass Der kommt. Hei geet et drënner an driwwer.

SCHMITTCHEN

Stellt Iech vir, déi kleng Boxeschësser hei behaapten, ech hätt dat Geld gestuel, dat ech elo grad der Madame --- (kuckt op d’Schëld) --- Madame Peiffer ginn hunn fir ze wiesselen.

EMIL

(spréngt bei de Schalter) Ma genau esou ass et och. Dräi Honnert-Euro-Schäiner a véier Foffzeger huet e mer gezoppt.

FRUTZI

Haut de Mueren am Zuch, dee vun Nidderhaapges an d’Stad fiert. Den Emil ass nämlech mäi Koseng an e wollt bei eis Bomi op d’Besuch kommen.

SCHMITTCHEN

Entschëllegt, dir Herrschaften, mä wann et net esou dramatesch uerg wier, da misst ech laachen.

ROCKER-GIBBES

(stéisst dem Schmittchen vun hannen den Hutt an d’Stier) Psst, schéi brav sinn, Klengen! Soss stelle mer dech den héige Wee op de Kapp.

MARTIN

So Emil, kanns de dann iwwerhaapt beweisen, dass dësen Här deen Här ass, dee bei dir am Zuch war? Well wann s de mudderséilen eleng mat him am Waggon souz, da feelt der dat Allerwichtegst ---

PROFESSER

En Zeien!

LADY PUPPA

Vreck jo! En Zeien! Jongen, elo hänke mer.

EMIL

Omei, där hunn ech e ganze Koup! Zum Beispill d’Madame Kayser.

SCHMITTCHEN

Kayser? Pfff, hei am Land ginn et Dausenden, déi Kayser heeschen.

EMIL

Mä et gëtt awer nëmmen eng Madame Kayser aus Piffeldeng. An déi huet mer e schéine Bonjour fir de Bäcker bei eis doheem matginn.

FRUTZI

Gutt Emil, gutt! Iwwerlee weider!

EMIL

An dann dee Mann mat dem décke Bak, dee bei den Zänndokter gefuer ass an am Eck ze jéimere souz ... oder och nach déi Madame vis-à-vis, déi de lénke Schong ausgedoen huet, well deen se ëmmer esou fierchterlech dréckt, (zum Schmittchen) an dunn hutt Dir Iech dach nach d’Nues zou-gehalen.

(Alles laacht, de Schmittchen gëtt nervös.)

MARTIN

(zum Schmittchen) Majo, Monsieur, da misst Dir elo kucken, fir Iech erausze-rieden.

SCHMITTCHEN

(werft sech an d’Broscht) Ho, näischt méi einfach ewéi dat!  Si schwätzen all vun haut de Mueren am Zuch, mä ech si schonn eng ganz Woch hei an der Stad.

EMIL

Wéi? Ah, dat doe gëtt et dach net! Esou e verdaamtene Ligener!

SCHMITTCHEN

An zwar wunnen ech direkt hei niewendrun. An dem Hotel „Beim Schlass“.

CHAREL

Dat stëmmt. Awer eréischt säit haut de Mëtteg.

SCHMITTCHEN

Pardon?

FRUTZI

Ajo! De Charel hat sech nämlech an den Hotel erageschlach an hie weess bescheed.

CHAREL

(setzt seng Uniformskap nees op a stellt sech ganz no virun en) Kuck emol! Kanns de dech net méi u mech erënneren? Ech hunn der dach nach deng Wallis eropbruecht. Drëtte Stack, Zëmmer 61, ganz hanne riets.

(De Schmittchen ass schlecht drun, botzt sech de Schweess vun der Stier.)

ALBERTINE

(reift sech d’Hänn) Elo gëtt et intressant, Här Martin. E richtege Krimi.

MARTIN

(rappt e Blad vun engem Bloc erof) Ech mengen, wéi d’Affär elo ausgesäit, behale mir dat Geld emol virleefeg hei ---

(D’Detektive sinn zefridden.)

--- Här ... wéi war scho méi Ären Numm?

EMIL

Schmittchen. Deen Här heescht Schmittchen.

SCHMITTCHEN

(erliichtert) Et voilà, ech wosst et jo. Dat Ganzt ass eng Verwiesslung, jonke Mënsch. Gesinn ech wierklech aus ewéi een, deen einfach nëmme ,Schmittchen’ heescht? (stolz) Mäin Numm ass De la Moulinière. Jean-François De la Moulinière.

EMIL

(rosen) Neen! Dee Kärel gëtt eng Ligen no där anerer zum Beschten. A mir huet en am Zuch erzielt, et wier e Schmittchen.

PEIFFER

Villäicht hutt Der eng Carte d’identité bei Iech, Monsieur? Da wier d’Saach schnell kloergestallt.

LADY PUPPA

Gutt, Madame Peiffer. Ah, wat mir Fraen awer op genial Iddie kommen, gediert. (stéisst de Rocker-Gibbes an d’Säit a laacht frech)

SCHMITTCHEN

Eng Carte d’identité? Jo ... eh, neen ... also, dat heescht dach. Wann Der Iech villäicht een Abléck gedëllege wëllt, da sprangen ech se séier iwwer a mäin Hotelszëmmer sichen.

(E wëllt goen, mä de Rocker-Gibbes stellt sech him an de Wee.)

ROCKER-GIBBES

Schéin hei bliwwen, mäi Jong. Op eemol bass de eis nach fortgelaf ... (ganz ironesch) ... an da wiere mer alleguerten esouuuu vill traureg, well mir sinn dach alleguerten esouuuu vill frou mat der ...

EMIL

(nach ëmmer rosen) Egal wéi, ob Schmittchen oder Moulinière – et ass mäi Geld an ech kréien et och nees zréck, nondikass nach emol!

(E Polizist kënnt op d’Plaz. E puer Statiste gi bei en, erklären him a weisen an d’Bank. De Polizist huet verstanen a bleift virun der Bank a Stellung.)

PROFESSER

Et wier eis éischt Blamage, Här Martin. Well ditt Uecht, mir hu scho vill Kriminalfäll opgekläert.

MARTIN

Ech gleewen, ech gleewen. (zum Emil) Mä so emol, wéi kanns du da beweisen, dass et däi Geld ass? Honnerter a Foffzeger, däer gëtt et dach eng Hellewull. An ech gleewe jo kaum, dass däin Numm drop steet.

ALBERTINE

Oder hues de villäicht d’Nummere vun de Schäiner auswenneg geléiert? DX45183 ... TA57692 an esou weider ...

CHAREL

Gewëss, Joffer Albertine. Ween denkt dach schonn drun, dass en iwwerfall gëtt? An dann och nach grad vun esou engem ewéi hien elei ...

SCHMITTCHEN

(gëtt ëmmer méi nervös, mécht de Knuet vun der Krawatt lass) Also ... also, Monsieur Dames, ech ginn iech haut an hei mäin Éierewuert: Dat Geld gehéiert wierklech mir. Ech iwwerfalen dach keng Kanner, nun haalt awer op!

MARTIN

Här De la Moulinère, ech sinn zwar kee Kriminalbeamten, mä ----

EMIL

(spréngt vu Freed an d’Luucht) Yuppiiiiii! (klappt sech selwer op d’Schëller) Emil Neumann, bravo! (weist de verbonnene Fanger) Kuckt emol, firwat mengt der wuel, dass ech mer mäi Fanger hei verbonnen hunn?

SCHMITTCHEN

Kommt, Madame Peiffer, wiesselt mir wannechgelift mäi Geld. Ech hu keng Zäit fir hei domme Seeërcher nozelauschteren.

EMIL

(wéckelt d’Nueschnappeg vum Fanger lass) Ech hat mech nämlech gepickt, gepickt un enger Spéngel, mat där ech mäi Geld bannen am Paltong ugespéngelt hat.

(Alles ass erstaunt an tuschelt mateneen.)

LADY PUPPA

Eng Spéngel? (schuddert sech) Uuuhh ... eng richteg pickeg spatz Spéngel?!

EMIL

A wa mer elo weider iwwerleeën, da missten also och an deene Geld-schäiner kleng Lächelcher vun där pickeger spatzer Spéngel ze fanne sinn.

PROFESSER

Genial, déi do! Ah, esou schafft en Detektivegehier: onkomplizéiert, präzis a logesch.

FRUTZI

Dat wier natierlech dee Beweis. (zum Schmittchen) Do kéinten der och keng honnert Affekote méi hëllefen.

MARTIN

(hält d’Schäiner géint d’Luucht) Tatsächlech. De Jong huet recht. Hei gouf derduerch gepickt. Ee Mol an nach ee Mol. Eng Kéier eran an eng Kéier eraus.

(D’Detektive si voll begeeschtert; de Schmittchen ass ganz duercherneen, e weess net méi an nach aus: „Mä ... ech ... also ... ee Momentche mol ...“ asw..)

EMIL

(hëlt d’Spéngel aus dem Paltong) An hei ass och déi Spéngel. Eng honds-gewéinlech aus menger Mamm hirer Bitzkëscht.

CHAREL

Do kucke mer elo domm aus der Wäsch, wéi?

ROCKER-GIBBES

(zum Schmittchen) Elo bass de zeideg fir an de Kittchen, Bouf. (hëlt dem Emil d’Spéngel of a pickt de Schmittchen dermat an den Hënneschten)

SCHMITTCHEN

(jäizt) Auaaaaaaa! (dréint sech ëm, jauft duerch d’Statisten, dass déi hifalen a rennt aus der Bank eraus.

De Charel trotert mat senger Troter, déi aner duercherneen:

                     - Hee, hee!

                     - Nondijabel net nach!

                     - A wat heescht dat do?

                     - Hannendrun, schnell hannendrun!

                     - Setz dach een him de Fouss!)

 

 

7. SZEEN

OP DER SCHLASS-PLAZ

 

 

(Virun der Bank steet de Polizist prett, dass de Schmittchen him riicht an d’Gräpp leeft. De Schmittchen wiert sech zwar, mä e gëtt vun de Statiste riets a lénks un den Äerm an un de Been festgehalen an de Polizist leet him Handschellen un.

Wärendeem alles duercherneen:

                    - An hoppla!

                    - Gesäis de Schmittchen, esou séier geet et!

                    - Kuck nëmmen, wat e struewelt!

                    - Haalt e gutt fest!

De Polizist féiert de Schmittchen of, hannendrun d’Detektiven an alleguerten d’Statisten, d’Frutzi schellt un engem Stéck op sengem Velo an de Charel trotert mat der Troter.

Alles weider duercherneen:

                    - A fort mat him!

                    - Deen doe schuppt elo kengem méi eppes.

                    - Hëls de deenen aus dem Prisong e schéine Bonjour vun eis mat.

                    - Kräisch net, mir kommen och heiansdo virun d’Fënster wénken.

D’Madame Peiffer, d’Joffer Albertine an den Här Martin sinn eraus kucke komm.)

 

PEIFFER

Déi rengste Prëssessioun!

MARTIN

Op jidde Fall: Respekt fir déi Detektiven do.

ALBERTINE

An dat war elo alles esou opreegend, dass ech emol guer net méi u meng Häerzpëlle geduecht hat ...

(Se kucken hinnen nach no a ginn dann nees an d’Bank eran.)

(Gläichdrop kënnt eng TV-Équipe a stellt sech op: e Reporter mat Mikro, e Kameramann, eng Maquilleuse, een, deen d’Kabelen nozitt asw.)

REPORTER RTL

Léif Nolauschterer a Spectateure vun RTL, ech stinn hei op der Schlass-Plaz an der Stad, wou haut de Mëtteg ee vun deene geféierlechsten a meeschtgesichte Kriminelle festheholl gouf. Soe mer et direkt: dee Mann mat dem schwaarzen Hutt, dat war weder en Här Schmittchen nach e Monsieur de la Moulinière, mä e gewëssene Jimmy Flammang, dee schonn 23 Banken a 17 Bijouterien iwwerfall huet, aacht Mol bei räichen Herrschaften agebrach ass, a well déi néngte Kéier näischt ze klaue war, huet en hire Kanarievillche gekidnappt an daagsdrop 200.000 Euro gefrot, fir dass d’Leit en nees zréck kruten. Mä nach ni konnt e verhaft ginn, well en ëmmer méi schnell ewéi d’Polizei war, bis dann eben haut den Emil Neumann a seng Kolleegen dee Gangster iwwerféiere konnten. An dat, wéi mer gewuer goufen, mat zwee einfachen, klenge Lächer an de Euro-Geldschäiner. Léif Nolauschterer a Spectateuren, Lëtzebuerg kann also den Owend nees roueg schlofen, den Emil kënnt muer grouss an d’Zeitung, vir op déi éischt Säit, e kritt eng Monster-Belounung vun der Polizei a gëtt berüümt op der ganzer Welt an an dem ganze Weltraum ronderëm. Hien, seng Detektiven a virun allem ---

ALL ZESUMMEN

--- seng Spéngel!

(Dee ganzen Trapp ass elo nees op d’Bühn marschéiert komm: de Polizist mat dem Schmittchen vir un der Spëtzt, den Emil mat sengen Detektiven an all de Statisten hannendrun. Alles klappt vu Begeeschterung an d’Hänn, e puer maache Photoen an den Emil ass déck houfreg.)

 

 

                                RIDO

 

 

 

 

 

 

 

 
     

 

 

 

 

© All Rechter beim Auteur  

(iwwer jchr@pt.lu oder iwwer "Kontakt")