ZÉNG KLENG DOUDSËNNERCHER

(Melodie: "Zehn kleine Negerlein")

(Als Kannerlidd vu Fra a Mann bei enger Wéi oder enger Kannerkutsch gesongen)

 

 

si:                   Zéng kleng Doudsënnercher,

Do bass de gudder Déng –

Mam Fëmmen hunn ech opgehal,

Do hat ech der nach néng.

 

hien:               Néng kleng Doudsënnercher

Hu mir all schéi gelaacht,

Den Alkohol hunn ech stoe g’looss,

Do hat ech der nach aacht.

 

si:                   Aacht kleng Doudsënnercher,

Déi si mir elo bliwwen,

Ech dänzlen net méi ëm de Chef,

Do hat ech der nach siwen.

 

hien:               Siwe kleng Doudsënnercher,

Dat gëtt nach Spaass zu vrecks,

D’gutt Iessen hunn ech ofgeschaf,

Du woren ´t der nach sechs.

 

si :                  Sechs kleng Doudsënnercher,

Déi huelen ech op mäi Schouss,

Et gouf keng Nuecht méi drop gemat,

Du hat ech fënnef blouss.

 

hien:               Fënnef kleng Doudsënnercher,

Mä ´t wor déi leschte Kéier

Mat deeglaang op der fauler Haut,

Du wor’ mer nach zu véier.

 

si:                   Véier kleng Doudsënnercher,

                       Ech huele mer eng erbäi,

Déi vun dem Aner-Leits-Beschass,

Du hat ech der nach dräi.

 

hien:               Dräi kleng Doudsënnercher,

Ech wor zefridden a frou,

Mä Schluss mam Hannen’rëm-Geschmiers,

An d’Resultat: nach zwou.

 

si:                   Zwou kleng Doudsënnercher,

Sou aartlech, léif a kleng,

Bei de Steire sinn ech éierlech,

Du blouf mer just nach eng.

 

hien:               Eng kleng Doudsënn blouss nach,

Gëtt langweileg, a wéi!

Um Enn wor och de Sex duerch d’Päif,

Du hat ech guer keng méi …

 

zesummen:      (gelangweilt)

Mä stell der vir, wéi dat

Sou schappeg ausgesäit,

Wann ee just fei-brav, ni eng gestiicht
Herno um Kierfecht läit.

                                 

hien:                (nees erfreet)

                       Kommt, kleng Doudsënnercher,

Dir sidd nach ëmmer meng -

Ech päifen eemol riets a lénks --

(e päift)

zesummen:      An dann hu mer der nees zéng!!!

 

 

2002 - Bartrenger SCHAUWEBUERGEREIEN