HUEL D'R EN ALEN !

(Melodie: "Nehm'n Sie 'n Alten" / Otto Reutter)

 

Et gëtt jo an alle Länner

Vill méi Fraen ewéi Männer,

Duerfir si mir schéin am Drock,

Well soss ass kee méi op Stock.

Mä huelt net deen éischte Beschten,

Fir ze winnen an ze mäschten,

Kuckt, wéi all Reklamm iech réit

Avant tout op Qualitéit!

 

Refrain:

Huel d’r en Alen, huel d’r en Alen,

Sou ee muss der dach gefalen.

Liicht gro Hoer a galant,

Kultivéiert a charmant.

Huel d’r en Alen, huel d’r en Alen,

An et ass guer näischt verluer,

Well wann s du e richteg wéckels,

Ma dann hält deen och nach duer.

 

 

Mueres fréi no dem Raséiren,

Geet e scho mam Hond spadséiren,

A wann d’Sonn op d’Boune laacht,

Sëtzt e mëttes an dem Gaart.

Kënnt en da vum Onkrautrappen,

Schlappt en owes a seng Schlappen,

Hält en Tëmpchen an esou

Has d’ e ganzen Dag deng Rou.

 

Refrain:

Huel d’r en Alen, huel d’r en Alen,

Jo, a wann s d’ een hues, dann hal en,

E geet kengem op de Kéis

An en trëllt net an de Féiss.

Huel d’r en Alen, huel d’r en Alen,

Well dann hues de Zäit gewonn,

Kuck, e Jonke muss ’réischt al ginn,

Mä deen heien ass et schonn.

 

 

Jo, wat hues d’ vun engem Jonken?

Jonker man dech nëmmen dronken,

Si si wuel nach voller Kraaft,

Voll am Schoss a voll am Saaft.

An en Alen, deen ass friddlech,

Méi gemälleg a gemittlech,

Mä kënnt dann nach d’Mënz derbei,

Ass de Rescht och an der Rei ...

 

Refrain:

Huel d’r en Alen, huel d’r en Alen,

An ass deen och voller Falen,

Mä bei sou enger Pensioun

Stéire Falen net déi Boun.

Pëtzt däin Alen, pëtzt däin Alen

Da seng Tut mol zou, ma jo,

Plëmm seng Konten an denk einfach:

’t wuessen ëmmer Aler no ...

Plëmm seng Konten an denk einfach:

’t wuessen ëmmer Aler no ...

 

 

2005 - Bartrenger SCHAUWEBUERGEREIEN