MÄI KLENGE GRÉNGE KAKTUS

(Melodie: "Mein kleiner grüner Kaktus" / Comedian Harmonists)

 

Äppel a Bieren,

Kéis, fir ze schmieren,

Banannen, riichter a gebéiter –

Fritten, Nutella

A Mozzarella,

An Nudd’len, platter a gedréiter.

 

Refrain:

Mir fueren an de Cactus,

Ei, wat eng Knuppefreed!

Holari, holari, holaro!

All Mënsch ass aus dem Hais-chen,

Wann et bei de Yuppi geet -

Holari, holari, holaro!

 

An hei, du sot d’Madamm

Doheem de Mueren dann:

So, Pier, haut hu se Knuewelek an der Reklamm.

 

Mir fueren an de Cactus,

Ei, wat eng Knuppefreed!

Holari, holari, holaro!

 

 

D’Mamm an den Daddy

Drécken de Caddy

Duerch kilometerlaang Regaler –

Torschong an Drauwen,

Nuetshiem a Schrauwen,

A Poulet, waarmer an och kaler.

 

Refrain:

Mir fueren an de Cactus,

Ei, wat eng Knuppefreed!

Holari, holari, holaro!

All Mënsch ass aus dem Hais-chen,

Wann et bei de Yuppi geet -

Holari, holari, holaro!

 

Schnell an d’Parfümerie

An dann nach Müseli

A fir no dem Regime nach eng kleng „Mon Chéri“.

 

Mir fueren an de Cactus,

Ei, wat eng Knuppefreed!

Holari, holari, holaro!

 

 

Päckelcheszoppen

A Barbie-Poppen,

Hei kriss de alles, wat d’Leit wëllen –

Souguer net deier

Kabinetspabeier,

Däers routgeblummlechten a mëllen …

 

Refrain:

Mir fueren an de Cactus,

Sou sot jo haut d’Madamm.

Holari, holari, holaro!

Ewell si hunn de Knuewlek

Jo haut an der Reklamm.

Holari, holari, holaro !

 

Mä si mir dann doheem,

Seet si: O Yuppi, neen,

Lo hu mir alles, ower Knuewlek hu mer nach keen!

 

Mir fueren an de Cactus,

Sou sot jo haut d’Madamm.

Holari, holari, holaro!

Holari, holari, holaro!

 

 

2005 - REVUE "Seefeblosen"