Riichteriwwer vis-à-vis wunnt e Gaby - keen Isabella, kee Chayenne oder LaFleur - neen, einfach e Gaby, dat d'Männer stonneweis verwinnt. An do kommen der da vill a vun allen Zorten ...

IWWER BEI D'GABY

(Melodie: "By the Rivers of Babylon" / Boney M.)

(Vun e puer aarmséilege Kärele gesongen - grad esou aarmséileg, wéi se selwer sinn.)

 

Ech wëll iwwer bei d’Gaby gon

Eng léif, kleng Maus

Hatt sot, et wier,

Et wier dach sou vill frou mat mir.

 

Ech wëll iwwer bei d’Gaby gon,

Da flippt dat aus,

Well hatt sot: Ech,

Ech sinn esou verréckt op dech.

 

O-o, Männi, steet et an der Dier, da komm, mäi Boy!

An hoppla, scho bass de drun!

Et knuddelt an 't kësst an 't dréckt dech an et cetera ...

 

O-o, Männi, komm, 't ass lo un eis - a lass, mäi Boy!

A scho fänkt et ze baggren un

Mat Schampes, mat Kakuetten a mat Schockela.

 

Jong, an dann, ech weess och net wéi,

Weist hatt mir ganz lues e Stéckelche Knéi

An da Stéck fir Stéck méi erop -

Do gëss d’et op!

 

Et en plus kënnt dann nach hei

Uewenrëm dat ganzt Gewurschtels derbei,

Jong, do kachs de, well d’Louder gëtt

Sech einfach net.

 

Ech wëll iwwer bei d’Gaby gon,

Da flippt dat aus,

Well hatt sot: Ech,

Ech sinn esou verréckt op dech.

 

Ech wëll iwwer bei d’Gaby gon,

Da flippt dat aus,

Mä dat ass nun

Well ech dee louder Charme do hunn ...

Jo, dat ass nun

Well ech dee louder Charme do hunn ...

 

 

 

2014 - REVUE "Neit Féiwer"