VIAGRA

(Melodie: "Santa Lucia" - nei Melodie: Guy Kleren)

 

Et kritt ee wann ee wëll

Fir alles haut eng Pëll:

Bal fir en décke Kapp,

Bal fir den Houscht a Schnapp,

Villäicht ass d’Diagnos

Häerzklappen, eng schwaach Blos,

An ass ‘t hei net méi déck        (op de Kapp weisen)

Da gëtt et Knuewelek -

Just eppes dat ass nei

Bei all deem Alen hei:

Santa Viagra! Santa Viagra!

Just eppes dat ass nei

Bei all deem Alen hei:

Santa Viagra! Santa Viagra!

 

Jo kuck, wat wäit a breet

Doruechter alles steet:

Beim Kichendësch e Stull,

Um Trottoir e Waasserpull,

Den Huewer steet um Feld,

An op der Bank eist Geld,

Vill am Répu a Wort

Vu Politik a Sport,

Mä och eng Auer steet,

Wann se bis net méi geet …

Santa Viagra! Santa Viagra!

Mä och eng Auer steet,

Wann se bis net méi geet -

Santa Viagra! Santa Viagra!

 

De Bop hat virgesuergt

Fir d’Gëllen-Houchzäitsnuecht,

Well ass de Rescht och Brach,

Mä d’Naupen huet een nach.

A wéi d’Bom d’Zänn ausdeet

An se an d’Waasser leet,

Do mécht hie gläich dorop

Den Nuetsdëschtirang op

An hee séngt déi ganz Hënt:

Schön ist die Ju-ugend!

Santa Viagra! Santa Viagra!

An hee séngt déi ganz Hënt:

Schön ist die Ju-ugend!

Santa Viagra! Santa Viagra!

 

 

1999 - REVUE "Aner Ëmstänn"