D'PÄISCHTCROISIÈRE

(Melodie: "Living next door to Alice" / Smokie)

 

Dat ass schonn en Hauch hei vu groussem Geld,

Et ass Haute-Volée, et ass déi grouss Welt …

Ah, 't ass dach total,

Déck megagenial …

Päischtcroisière!

Rondrëm just Waasser an Himmel, o mei,

Et ass de mondäne Life-Style dat hei

A Lëtzebuerg free dech, well du bass derbei!

 

Kuck Männerbrëscht voll Hoer lei’n op dem Ligestull,

A Béierbäich, déi plätsche voller Freed am Swimming-Pull,

Iww’rall zackeg Figuren am Tanga oder Mini.

Jo, dat ass schonn e flotten Duercherneen

Vun Zellulitis a vu wäisse lëtzebuergesch Been,

Och de Bop huet d’kuerz Box un an d’Bom den XL-Bikini …

 

 

An owes da kënnt de Misch an dem Frack,

Säi Julli gestylt mam Schlitz an dem Rack …

Ah, 't ass dach total,

Déck megagenial …

Päischtcroisière!

E Small-Talk hei an e Small-Talk do,

Well och Nidderwampech mécht et jo

Gär deene vu Cannes a vun Hollywood no.

 

Mä no dem Cocktail gëtt dann d’Zervéit an d’Hiem gestach,

Wat heescht hei Schickimicki, elo geet et un den Trach,

Jo, hipp-hipp-hurra, Lëtzebuerg geet op de Captainsdinner!

Geet duerno dann no zwanzeg Humpen drop

Gemittlech ganz onschëlleg hannrem Comptoir d’Sonn rëm op,

Ei, da mengs de d’ganz Mëttelmier sténg der bis uewenhinner.

 

 

Esou geet dat Spill aacht Deeg laang hei schonn

Mat Swimming-Pool, Schwammbox a Bourr’leten a Sonn …

Ah, 't ass dach total,

Déck megagenial …

Päischtcroisière!

Mä d’Wellen, déi schloen och mol kräiz a quier,

An d’Schëff, dat wackelt a juppelt um Mier

Mam ganze Grand-Duché wéi wëll hin an hier … 

(Si kucken ëmmer méi sauer dran, hale sech de Bauch a gi sech bei d'Gelänner stellen …)

Tjo, Adria, Karibik bis bei Mauritius,

Dat ass keng kleng Buedbidden an och kee Stadbredimus,

An hei schwätzt dann och kee méi vun horeg a staarke Männer.

Well kuck de Misch an och d’ganz Bourgeoisie,

Säi Julli, d’Pëpp, den Tun an déi ganz High Society,

Jo, dat Schéinst op der Croisière, dat ass ëmmer beim Gelänner …

 

Ah, 't ass dach total,

Déck megagenial -

Jo, dat Schéinst op der Croisière, dat ass ëmmer beim Gelänner ...

 

 

2006 - REVUE "Ieselsoueren"