MEGATURBOGÄILGENIAL

(Melodie: "Der Anton aus Tirol" / DJ Ötzi)

 

Mir sinn sou cool, sou kolossal

Voll megaturbogäilgenial!

‘t kann déi aner guer näischt dingen,

Mir sinn iwwrall eben d’Kingen,

Jee, total - total phenomenal!                            

Mir sinn de King, klak duerch an duerch,

Sou ass dat hei zu Lëtzebuerg:

Mir sinn iwwrall an der Welt,

Iwwerall dee groussen Held,

Voll megaturbogäilgenial!

 

Mir hunn zwar kee Fudschijama

An och keng Copacabana,

Keen New-Yorker Broadeway,

Ower duerfir villes méi:

Biitscht an Nidderbeesselek,

Wämperhaart dohin an zréck,

Hëpperdang am Gromprestéck ...

 

Mir sinn sou cool, sou kolossal

Voll megaturbogäilgenial!

‘t kann déi aner guer näischt dingen,

Mir sinn iwwrall eben d’Kingen,

Jee, total - total phenomenal!                            

Mir sinn de King, klak duerch an duerch,

Sou ass dat hei zu Lëtzebuerg:

Mir sinn iwwrall an der Welt,

Iwwerall dee groussen Held,

Voll megaturbogäilgenial!

 

‘t huet een och nach kee James Bond,

Kee Bud Spencer bei eis fonnt,

Kee Sylvester, kee Stallone,

Och vum Elvis net déi Boun -

Nëmme Cooler, där wéi mir,

Jempi, Nikkla, Tun a Pir

Mat dem Bärri an der Stier ...

  

Mir sinn sou cool, sou kolossal

Voll megaturbogäilgenial!

‘t kann déi aner guer näischt dingen,

Mir sinn iwwrall eben d’Kingen!

Jee, total - total phenomenal!                            

Mir sinn de King, klak duerch an duerch,

Sou ass dat hei zu Lëtzebuerg:

Mir sinn iwwrall an der Welt,

Iwwerall dee groussen Held,

Voll megaturbogäilgenial!

 

2000 - CD "Truck-Tour / DNR"  ……. 2000 - Bartrenger SCHAUWEBUERGEREIEN