D'STAATSBEAMTE-LIDD

(Melodie: "Wir sind die Tramps von der Pfalz")

 

Ewéi viru Millioune Jor

Den Här mat allem fäerdeg wor,

Du huet hien als lescht d’Staatsbeamten erschaf –

En huet sech se beim Schlapp gepléckt,

En Nuebel an de Bauch gedréckt,

A scho sinn si monter doruechter gelaf.

Och e Beamtendag, dee kruten

Se offiziell an de Statuten:

Den 20. Mäerz, deen ass eis haut nach helleg –

De Wanterschlof, deen hält dann op,

Mä net fir laang, well gläich duerop

Da kënnt d’Fréijoorsmiddegkeet nees ganz gemälleg …

 

Refrain:

An ower si mir frou, hipp-hipp-hurra!

Mir si Staatsbeamten, Fonctionnaire d’ l’Etat –

Keng Angscht, mir halen duerch bis zur Pensioun,

Mir sinn de Stolz vun der Natioun!

 

 

E Büro voll vu Ministèren,

Rapporten, Dossier, Formulairen,

A mir iergendwou do dertëscht, dir kënnt laachen!

De Koup gëtt all Dag, 't ass onméig-

lech, ëmmer nach méi déck an héich,

Du hues mol keng Plaz méi, fir näischt ze maachen …

A paakt emol per hasard dech

Den Aarbechtsiddi stënterlech,

Da gëff op deng kleesper Gesondheet uecht!

Huel däi Charakter a béid Hänn,

Bleif roueg sëtzen, bäiss op d’Zänn,

Gläich huet sech dat topegt Gefill do geluecht …

 

Refrain:

An ower si mir frou, hipp-hipp-hurra!

Mir si Staatsbeamten, Fonctionnaire d’ l’Etat –

Keng Angscht, mir halen duerch bis zur Pensioun,

Mir sinn de Stolz vun der Natioun!

 

 

Ah, wann s de dee verflixte Stress

Als Staatsbeamten dach net häss,

't wir besser fir dech a fir ganz Lëtzebuerg -

Bedenk, knapps hues d’ e Maufel giess,

Däi „Répu“ an däi „Wort“ gelies,

Dann ass schonn erëm neie Kaffi duerch …

De Philodendron gëtt genat,

De Kalenner nees à jour gesat,

Sou geet dat un engem Stéck an iwwerall,

A gees de iergendzwousch nach hin,

Wat och alt mol beim Staat muss sinn,

Schonn ass et rëm Zäit fir eng nei Biennale …

 

Refrain:

An ower si mir frou, hipp-hipp-hurra!

Mir si Staatsbeamten, Fonctionnaire d’ l’Etat –

Keng Angscht, mir halen duerch bis zur Pensioun,

Mir sinn de Stolz vun der Natioun!

 

 

Wa mir emol gestuerwe sinn,

O jee, da kann et lëschteg ginn,

Da gi mer gewuer, son se, wat schaffen heescht.

Eis Äsche ginn zesummeg’raf,

Fir bëllegt Geld dohier verkaf –

Ah, Jong’n, haalt iech un, well elo gëtt et eescht!

Stellt iech dat vir, lo schëdden s’ eis

Schéi Grapp fir Grapp portiouneweis

A grouss a kleng Eeërauren, dir léif Leit!

Sou rëtsche mir vun uew’n no ënnen,

Dass d’Eeër hir Zäit kache kënnen,

Und das bis in alle, in alle E-ewigkeit …

 

Refrain:

An ower si mir frou, hipp-hipp-hurra!

Mir si Staatsbeamten, Fonctionnaire d’ l’Etat –

Keng Angscht, mir halen duerch bis zur Pensioun,

Mir sinn de Stolz vun der Natioun!

 

 

1987 - REVUE "Wee-Schësser"