DU AARM, KLENG ZIGARETT

(Melodie: "Something stupid" / Frank Sinatra & Nancy Sinatra)

 

All Mueren, wann ech opstinn, d’Luede sinn nach zou

an ower héiert d’Strooss et direkt,

Ech stinn nämlech um Balcon tëscht de Blumme schéi verstoppt do

an ech houschte mech vreckt.

Mä ’t ass net schlëmm, ewell um Nuetsdësch hunn ech ëmmer

alles wat ech brauch bei Hand:

Tëscht Wecker an tëscht Schlofpëlle läit en do

ganz houfreg, mäi Pak Maryland.

 

Du häls se tëscht de Fangren an du zitts drun,

jee, et ass déi gréisst Gléckséilegkeet,

Ewéi all Strapp, sou wäit e kann, bis ënnenhinner

bal an déi kleng Zéif der geet.

 

A kënns de bei mech heem, o vreck, da fal net ëm,

ewell do bass de klak hallef schiel,

’t ass alles voller Damp am Haus, de Plafong brong

a ronderëmmer d’Ridoe giel.

An d’Äschebech’ren hunn, wou s du och kucks

iwwerall hir strategesch Positioun:

Am Salon sechs, dräi an der Kichen, véier am Gank

an zwee um Dëppchen nieft dem Troun.

 

Okay, ech fëmmen heiansdo mol eng

oder och méi am Dag, mä gleef et mir,

’t ass net elo, dass ech ewéi déi aner all

drop geckeg an drop süchteg wier ...

 

A geet et owes dann an d’Bett, da stinn ech rëm do,

wou ech haut de Muere scho stong:

Um Balcon zéien ech mer an dem Pyjama

déi allerlescht fir haut dann op d’Long.

Mä blouss keng Panik, well um Nuetsdësch hunn ech jo

fir muer nees alles prett bei Hand:

Tëscht Wecker an tëscht Schlofpëlle läit en do

ganz houfreg, mäi Pak Maryland.

Tëscht Wecker an tëscht Schlofpëlle läit en do

ganz houfreg, mäi Pak Maryland.

 

 

2005 - Bartrenger SCHAUWEBUERGEREIEN