DÉI PROMINENT

(Melodie: "Mäi Frënd, de Bumsky, an ech" - "Mein Freund Meyer und ich")

 

Si feire Party zu Monaco op de Yachten,

Ah jo, dat sinn déi Prominent!

Si kënnen Hollywood fir sech all Owend pachten,

Ma jo, et sinn déi Prominent!

Um roude Gala-Teppech, jo, do sinn si d’Staren,

Den Numm, dat ass schonn en Event,

Si ginn an Talk-Showen a schreiwen hir Memoiren,

Ewell et sinn déi Prominent!

 

Kënnt ech am Fernseh eemol blouss an d’Kam’ra wénken,

Ei, da wier ech och prominent!

Kënnt ech zu London bei de Royals Schampes drénken,

Ei Jong, da wier ech prominent!

Häss du als einfach Schécks däin eegne Paparazzi,

Deen ëmmer hannerun der rennt,

Wiers du dach blouss dem Dieter Bohlen seng kleng Zatzi,

Ah jo, da wiers de prominent!

 

Hätt ech e Bodyguard ewéi all Schickimicken,

Ei Jong, da wier ech prominent!

Géngs du op de Champs-Élysées mol an d’Boutiquen,

O jo, wat wiers de prominent!

Géif ech nuets duerch all Night-Club tingelen a schären,

’t ass dat wou jiddwereen drop brennt,

Hätt ee Skandaler oder sexy Sex-Affären,

Ah jo, da wier ee prominent!

 

Séiz ech am Hotel bei de Scheiche mol zu Dubai,

O vreck, da wier ech prominent!

Do géif all Mënsch dann zu mir son: A wat méchs du hei?

Ewell ech wier da prominent.

Géif’n an der Bild-Zeitung vu mir mol Lige stoen,

Esou dass jiddweree mech kennt,

Kënnt ech um Festival zu Cannes mol pisse goen,

Ah jo, da wier ech prominent!

Mä geet et dräimol och an d’Box, ech kann der soen,

Ah neen, mir ginn ni prominent ...

 

 

2005 - Bartrenger SCHAUWEBUERGEREIEN