DAT HËLZENT HAIS-CHEN

(Melodie: "Die kleine Kneipe" / Peter Alexander)

 

Am Gaart hannenaus, kuck, do steet bei de Muerten

En Hais-che mam Häerz an der Dier,

Seng Päertchen, déi jiipst an de raschtge Jarnéiren

A kluunschelt am Wand hin an hier.

Den Holzwuerm, dee sëtzt scho wéi laang an de Brieder,

Bei Stuerm reent et uewen eran,

Mä do ass et, wou een no schwéierer Aarbecht

Seng Päif dann a Rou fëmme kann …

 

Refrain:

Dat hëlzent Hais-che bei eis hannenauser,

Wou een op d’Äerdbier an d’Boune gesäit,

Jo, dat klengt Hais-che bei eis hannenauser

Ass nach e Stéck vun der gudd’r, aler Zäit …

 

  

Dobannen am Hais-chen do wor et gemittlech,

Ech denken dorun nach sou oft –

Stousst d’Fënsterchen op mol a pléckt iech en Apel

An otemt déi gutt Fréijoorsloft!

Am Eck leie Liebesromaner a Rätslen,

Un Zäitverdreif wor scho geduecht,

Eng Käerz op der Fënster mat dräi, véier Fixspéin

Fir owes a spéit an der Nuecht …

 

Refrain:

Dat hëlzent Hais-che bei eis hannenauser,

Wou een op d’Äerdbier an d’Boune gesäit,

Jo, dat klengt Hais-che bei eis hannenauser

Ass nach e Stéck vun der gudd’r, aler Zäit …

 

 

De Goethe, de Molière, de Shakespeare, déi hunn do

Op Inspiratioune gewaart,

An och d’Mona-Lisa an d’Figaro’s Hochzeit,

Déi komme vun hann’n aus dem Gaart.

An häss d’ am Kolléisch, so, net Joer fir Joer

D’ganz Weltgeschicht duerchbliedre konnt,

Da géifs de klak soen deen ale Kolumbus

Hätt och do Amerika fonnt …

 

Refrain:

Dat hëlzent Hais-che bei eis hannenauser,

Wou een op d’Äerdbier an d’Boune gesäit,

Jo, dat klengt Hais-che bei eis hannenauser

Ass nach e Stéck vun der gudd’r, aler Zäit …

 

 

1993 - Bartrenger SCHAUWEBUERGEREIEN