AM STAU

(Melodie: "De Jangli fiert den Houwald erop" / Colette a Fernand)

 

De Stau, dee staut den Houwald erop,

‘t staut vir an hannen, ‘t staut an ‘t staut an ‘t hält net op.

Bal owes spéit, bal mueres fréi,

E Kouflapp an dem Duerf an ‘t leeft am Land näischt méi.

Eng Stroosselut, déi gëtt gefléckt,

E Bopi, deem de Béier fatzeg ferm drop dréckt,

An da bei d’Heck just pisse geet -

Voilà, dat geet schonn duer an de Verkéier steet.

 

Vun Arel, Tréirer-Autobunn

Iwwert d’Zéissenger-Kräiz,

Bis Walfer, Miersch, du bass gezunn,

Alles zou - o, wat e Schäiss!

 

Brems, Kupplung, Gas, erop, erof,

De Krämpchen an dem Jarret an de Fouss entschlof.

Den Adrenalin, dee geet an d’Lut,

Mam Iesel hannerun der, deen dann och nach tut …

O Jong, lo geet dat Spill hei schonn

Ee Meter no deem an’ren annerhallef Stonn

An du kucks deem virdrun, wéi faul,

Déi ganzen Zäit duerch d’Fënster hannen an d’Akaul.

 

Contournement a Collectrice,

D’Streck vun Iechternach,

A vun der Grenz bei Diddleng bis

Uewen hanner Bitscht am Lach.

 

De Stau, dee staut den Houwald erop,

De Police-Helikopter kuckt vun uewen drop,

E Staatsbesuch, deen éischte Schnéi,

E Kanaldeckel, dee wackelt an et leeft näischt méi.

Dee bei der Heck huet endlech Rou,

Hie pékt lo an a mécht de Boxekueder zou,

Mä duerfir ass am ganze Land

De Mëtteg an all Pan de Bifdeck ugebrannt …

De Mëtteg an all Pan de Bifdeck ugebrannt …

De Mëtteg an all Pan de Bifdeck ugebrannt …

 

 

2009 - REVUE "Walcroisière"