ECH HUNN ZE VILL ANGSCHT 

VRU MENGER FRA

(Melodie: "Ich habe zu viel Angst vor meine Frau" / Otto Reutter)

 

Ech sinn e Mann, e Kärel voller Power,

E Macho, sou wéi d’Welt e gären huet -

Mä d’Knuppefreed ass net vu laanger Dauer,

Well ech sinn haaptberufflech jo bestuet.

A ganz rel’jiéis - ah oui, in Gottes Namen,

Well hëlt hatt mech mol an d'Gebiet, voilà,

Da man ech d’Kräiz a so’ blouss Jo an Amen,

Well ech hunn ze vill Angscht vru menger Fra ...

 

Eist Suzanne ass, hatt ass emanzipéiert,

Mäi Jong, do ass all Mariage am Aa-- um Enn:

Mat menger Gilette gëtt sech d’Zong raséiert

An am Décoll’té „Deo-Spray for men“ ...

An ‘t ass mol nach keng Sex-Kanoun, so geet ‘t der?!

't ass kee B.B., kee Lollobrigida,

Mä hei e Batz vun zwee, dräi Kubikmeter -

Jo, ech hunn ze vill Angscht vru menger Fra ...

 

Wou Jang a Jäng, ob Sonndeg oder Wierteg,

Mol eng stramm Sortie ënnert d’Vollek man,

Do schléck’n ech blouss a sëtzen an dem Schierteg

Doheem bei Bintercher a bei Dixan.

Keen Humpe kréien ech wéi aner Männer,

D’Zig’rett um Hais-che wéi als Bouf, ma ja!

De „Playboy“ stécht alt am Mariekalenner --

Jo, ech hunn ze vill Angscht vru menger Fra ...

 

O Här, ech kréien en totalen Ablass

Laut der Tabell wéinst Emanzipatioun -

Mä Leit, ech struewle mech ënnert der Schlapp lass

An ech verklappen et als Occasioun.

Komm, fax net laang an huel et mat den Haren!

Du kriss et gär, an ouni TVA,

Mat Groer Kaart an allen Accessoiren --

Well ech hunn ze vill Angscht vru menger Fra ...

 

 

1995 - Bartrenger SCHAUWEBUERGEREIEN