YOUNG MAN - déi nei Pensionären

(Melodie: "Y-M-C-A" / Village People)

 

Young man, si mir, wéi mir hei stinn,

Ech son: Young man, dat ass cool an 't ass in,

Ah jo, Young man, kuckt eis un, well mir sinn

Eisem Land seng Pensionären …

Young man, 't ass dee flottste Beruff,

Ower Young man, net doheem an der Stuff,

Déi Pensioun hei, déi kënnt eis wéi geruff,

Dat ass afegäile Lifestyle!

 

Refrain:

Déi ganz Welt, déi seet dann: HEI, KUCK MOL DÉI !

Déi ganz Welt, déi rifft dann: HEI, DAT SINN DÉI !

Villäicht uewenerëm sou grozelzech gro,

Ower d’Haaptsaach, mir sinn nach do …

Déi ganz Welt, déi seet dann: HEI, KUCK MOL DÉI !

Déi ganz Welt, déi rifft dann: HEI, DAT SINN DÉI !

Fir keng Folie ze gutt a gëtt d’Zopp eis och kal,

Mä mir gi jo fir d’Vrecken net al …

 

 

Bopi, looss dach all Diagnos,

Ech son: Bopi, päif op deng schäiss Arthros,

Op de Rheuma an och op déi schwaach Blos,

Mä bau léiwer mega Äktschen!

Fréier wor et just d’Haute Volée,

An hir Schnuddler, nëmmen d’Jeunesse Dorée,

Ower Bopi, Quetschen och a ma nee,

Haut si mir déi voll on Power!

 

Refrain:

Déi ganz Welt, déi seet dann: HEI, KUCK MOL DÉI !

Déi ganz Welt, déi rifft dann: HEI, DAT SINN DÉI !

Villäicht uewenerëm sou grozelzech gro,

Ower d’Haaptsaach, mir sinn nach do …

Déi ganz Welt, déi seet dann: HEI, KUCK MOL DÉI !

Déi ganz Welt, déi rifft dann: HEI, DAT SINN DÉI !

Fir keng Folie ze gutt a gëtt d’Zopp eis och kal,

Mä mir gi jo fir d’Vrecken net al …

 

 

Young man, mir sinn nach gutt a Schoss,

Ech son: Young man, et gëtt eis net ëmsoss,

D’Liewen huet der genuch Zäit hei geloss,

Well et ass eis jo nach vill schëlleg.

Young man, huel dat Liewen an d’Hand,

Ech son: Young man, setz de Seegel an de Wand

An da léiss de denger Spueren am Sand

Fir all, déi nach no dir kommen …

 

Refrain:

Déi ganz Welt, déi seet dann: HEI, KUCK MOL DÉI !

Déi ganz Welt, déi rifft dann: HEI, DAT SINN DÉI !

Villäicht uewenerëm sou grozelzech gro,

Ower d’Haaptsaach, mir sinn nach do …

Déi ganz Welt, déi seet dann: HEI, KUCK MOL DÉI !

Déi ganz Welt, déi rifft dann: HEI, DAT SINN DÉI !

Fir keng Folie ze gutt a gëtt d’Zopp eis och kal,

Mä mir gi jo fir d’Vrecken net al …

Fir keng Folie ze gutt a gëtt d’Zopp eis och kal,

Mä mir gi jo fir d’Vrecken net al …

 

 

2010 - REVUE "Helleger Bimbam"