DA MUSS DE GON

(Melodie: "Über sieben Brücken muss du gehn" / Karat / Peter Maffay)

 

Ëmmer wann s de owes e Patt huele gees,

Ëmmer wann s de dann zu puer beim Comptoir stees,

An dech richteg ënner Männer fills

A Gedanke mat dem Béierdeckel spills,

Mä grad wann s de dann deen nächste frees

A grad "Prost dann!" zu deem an’re sees,

Djö, da spiers d‘ op eemol – 't ass verréckt!

Wéi et ënnenrëm gemittlech dréckt …

 

Refrain:

Well no siwen Humpe muss de gon,

Brauchs dech net ze setzen, kanns hei ston,

't ass de Béier an et ass d’Natur,

't ass fir een ewéi fir s’alleguer.

 

 

Den Know-How ass hei wéi iwwrall d‘Quintessenz,

Net ze fest an net ze lues ass d‘Kompetenz,

Wackel och net ze vill hin an hier

A kuck net no riets a lénks, mä just no vir.

Du muss alles an dem Grëff hei hunn,

Op dee richtge Wénkel kënnt et un,

Och herno, wann een nees d’Tirett zitt,

Dass een näischt dertëscht ze pake kritt …

 

Refrain:

Tja, no siwen Humpe muss de gon,

't ass deen houren Drock, ech kann der son,

Jo, no siwen Humpe stees de hei

Mat nach anren Humpen an der Rei.

 

 

Hei sinn d’Männer all Kolleege mateneen,

Well do wou et dréckt, do dréckt et jiddwereen,

An sou fänks de mat deem niewendrun

Iwwrem Diichte mol e klenge Smalltalk un.

Hei gëtt heemlech Politik geschwat

Oder heemlech Business gemat,

Relatiounen zielen ënnrem Stréch,

Jee, hei ass een eben ënnert sech.

 

Refrain:

Well no siwen Humpe muss de gon,

Brauchs dech net ze setzen, kanns hei ston,

't ass de Béier an et ass d’Natur,

't ass fir een ewéi fir s’alleguer.

 

 

2012 - REVUE "Bistro de Lüx"