ZÉNG FLOTT MAISERCHER

(Melodie: "Zehn kleine Negerlein")

 

 

Zéng flott Maisercher sinn alleguerte meng -

„Du Playboy, seet eng, klibber mech!“, du hat ech der nach néng.

 

Néng flott Maisercher hu mir all schéi gelaacht,

Zu enger sot ech: "Schnuckliwutz!", lo bleiwen der nach aacht.

 

Aacht flott Maisercher si fir de Schampes bliwwen -

„O neen, déi Tricke kennen ech!“ … Bon, Garçon, blouss fir siwen …

 

Siwe flott Maisercher - o jee, wat e Gegecks!

Ech baggre wéi e Bulldozer, do hunn ech der nach sechs.

 

Sechs flott Maisercher, do muss ech lo eent schmaachen -

Dégustation! Hei spréngt dat fort, déi aner fënnef laachen.

 

Fënnef flott Maisercher, eent huel’n ech op de Schouss -

Mä dat ass heavy këddeleg, lo bleiwe véier blouss.

 

Véier flott Maisercher - Orchester, hëpp, go on!

Beim Schären ower schären ech - wupp! ass dat och verschwonn.

 

Dräi flott Maisercher, déi packs d’ an aller Rou -

O, wat flott Been … Pfuii! Patten ‘wech! Lo hunn ech der nach zwou.

 

Zwou flott Maisercher hunn ech fir mech eleng,

Déi lescht Attack geet och an d’Box, an ‘t bleift mer blouss nach eng.

 

Ei, flott Mausimaus, nu komm, du bass lo meng!

Hei päift hatt zweemol, a gläich drop do hunn ech der nees zéng!

 

Zéng flott Maisercher, do fiers de aus dem Still …

Ech si k.o. … zéng Maisercher, dat sinn der dach ze vill …

 

 

 

2001 - CD-Radio DNR