OP DER BOTTERFAHRT

(Melodie: "Schön ist es auf der Welt zu sein" / Roy Black & Anita)

 

Scho mueres an aller Fréi, 6 Auer 30,

Sti mir mam grousse Kuerf um Bus-Arrêt.

De Mull a säi Josefinn, d’Dupaillons Ännchen,

D’Quiitsch an den Abbes - tout le monde est prêt.

De Mull, dee setzt sech hannen, déi al Dupaillons méi vir,

An d’Quiitsch wéinst dem Gestuckels zimlech no bei d’Dier,

De Pillem nach an de Réck an d’Schong aus,

D-Mark, Pfenneg – an da lass!

 

Refrain:

Schéin ass et op der Botterfahrt,

Wann déi éischte Schlippche Kaffi schmaacht,

An de Mull säin Apel schielt,

Wann déi Säit der Grenz de Chauffeur Witzen zielt.

An d’Finn probéiert scho fir d’drëtt

Den „Gigi l’Amoroso“ - mä et kann et net,

‘t ass egal, et gëtt gelaacht,

Schéin ass et op der Botterfahrt!

 

 

Ah, c’est incroyablement, wat een hei alles

Gratis fir 500 Frang haut kritt:

Eng Bees vun dem Garçon an e Véirels Rouden

Bei engem Wiener Schnitzel mat Pommes frites.

Da kënnt eng bayresch Dirndlgrupp, déi danzt a laacht a wénkt,

An alles klappt a schunkelt, an den Heino séngt,

De Mull geet dem Quiitsch souguer un d’Knéien -

Tjëft, hei ass dach eppes lass!

 

Refrain:

Schéin ass et op der Botterfahrt,

A wat dann nach alles op dech waart,

D’éischt e Cadeau fir d’Madamm:

Bigoudien, e Stéck Botter vu bal honnert Gramm.

Puis quelque chose nach fir den Här:

En décken Tournevis a fënnef Är –

Haut hues du d’Geschäft gemaacht,

Schéin ass et op der Botterfahrt!

 

 

„Und jetzt, meine Dam’n und Herr‘n, fröhlicher Einkauf!“,

Sou seet e Mann, dee sech Herr Willi nennt.

E schwätzt vun nervösem Stress haut an der Kichen,

De Präis ass egal, well ‘t gi jo 10 Prozent.

Dräi Dëppen, eent fir Grompren, eent fir Fleesch, eent fir Geméis,

Eng Rheumadecken an eng Bull fir nuets bei d’Féiss -

„Mensch Meyer!“, rifft d’Dupaillons Ännchen,

„So ein Dingen hol ich mit!“

 

Refrain: 

Schéin ass et op der Botterfahrt,

An de Willi vun den Dëppe laacht.

Jo, wat et hei alles gëtt,

Kéipweis huet ee kaf an dobei brauch een et mol net.

Sou kënns de heem, de Kuerf déck voll,

Den Aasch am Jelli an d’Schwéngshachs geschwoll,

Mä de Schnitzel hat geschmaacht,

Schéi wor et op der Botterfahrt!

Ei, de Schnitzel hat geschmaacht,

Schéi wor et op der Botterfahrt!

 

 

1998 - REVUE "Keng Panik op der Titanik"