Fräi no dem Louis Petit sengem Text  "D'HECHTERCHER AUS DER STAD" ...

DÉI AUS DER STAD

(Melodie: "Sous les ponts de Paris")

 

Huet d’Auer mëttes dräi geschlon,

Da gëtt am Buttek Freed,

Well d’Madamm Parvenu dann op

De Kaffiskränzche geet.

Déi Stater Haute-Volaille, déi sëtzt

Bei Mokka a Crème-Kalorien –

Dee rengste Moudendéfilé!

E Vive op eis Pâtisseriën!!

 

Refrain:

D’Madammen aus der Stad

Hu sech erausgemat –

Sief 't an der Groussgaass, sief 't op der Plëssdaarm,

Si sëtze mam Mippchen do ënnert dem Aarm.

E spatze Mëndche man,

Hunn alles an den Aan –

Sou hunn déi Besser 't nach ëmmer gemat,

D’Madammen aus der Stad.

 

 

Dir wësst, dass no all fënnef Jor

Nei Chamberwale sinn.

Da kommen owes iwwerall

Där Kandidaten hin.

Déi Hären, jo, déi schnëssen dann

Am Rouden, am Schwaarzen, am Bloen,

Si schnëssen, rieden – mä vu wat,

Dat kréi’n se mol guer net ze soen …

 

Refrain:

D’Ministren aus der Stad,

Tiptop erausgemat,

Drécken iech d’Hand bal bis ënnert den Aarm,

Da gëtt et de Bomi’n ëm d’Häerzer sou waarm.

Vill schéi Versprieche man,

Kucken der déif an d’Aan –

Sou gëtt déi grouss Politik haut gemat,

D’Ministren aus der Stad.

  

 

Komm, géi mol owes mat op d’Gare,

Da sees de: Olala!

Wat alles do ze kréien ass

An ouni TVA.

Si trëppelen do hin an hier,

Behaange mat gëllene Ketten,

Stolzéiren op héich Talleksschong,

Mat Lëppestëft an Zigaretten …

 

Refrain:

D’Meedercher aus der Stad,

Zackeg erausgemat,

Hu si hir Pëschelcher ënnert dem Aarm,

Da sti si um Trëttoir a schnaddre sech waarm.

Allerlee Konschte man

A blënzle mat den Aan –

Sou hu si scho muenech Groer gemat,

D’Meedercher aus der Stad.

 

 

"ABEE MERCI !" - 1987