D'PËPPCHE MAT DEM STRING

(Melodie: "Puppet on a string")

(Vun almoudesch vermoschterte Bauerefrae gesongen)

 

Ouauhh! Baby, ech sinn happy, ’t ass turbogenial,

What a future, what a feeling!

It’s crazy total!

Ech kleng Pëppche mat dem String.

 

Fréier wor et eng Jartell mat Straps

Als erot’schen Dessous.

Ower haut ass et nëmmen nach knapps

En Tanga an en Tattoo.

Vun Exotik en Hauch

A Spëtzercher ëm de Bauch ...

 

Nee, d’Welt, déi gëtt do geckeg, si hält net méi stall,

Mir si Killer, mir si Thriller,

Mir si Femme Fatale,

Sou als Pëppche mat dem String.

 

Kuck dach nëmmen déi super Figur,

Sexy, schnuckleg geformt –

Kuck blouss hannen déi Architektur,

Alles laut Bréissel genormt.

En Tanga, do sees de: Huiii,

Nee, wat eng Carrosserie!

 

Ouauhh ! Baby, ech sinn happy, ’t ass turbogenial,

Dat ass Schicki, dat ass Micki,

’t ass Life-Style total !

Ech kleng Pëppche mat dem String.

 

Nee, d’Welt, déi gëtt do geckeg, si hält net méi stall,

Mir si Killer, mir si Thriller,

Mir si Femme Fatale,

Sou als Pëppche mat dem String,

Ech kleng Pëppche mat dem String.

 

 

2004 - REVUE "Faulen Zauber"