EIS GRILLPARTY

(Melodie: "Fiesta Mexicana" - Rex Gildo)

 

All Jor an dem décke Summer,

D’Moustiquen an d’Mécken hu schonn drop gewaart,

Free dech, Lëtzebuerg, dann hu mer

Nees eng Bomme-Fiesta bei eis an dem Gaart.

Sonneprabbeli a Still,

Plackespiller – alles ass um Dill!

De Bop steet scho bei dem Faass Béier

An de laangen Néckel mam Schierteg bei dem Grill.

 

Refrain:

Adio, adio, Mexiko,

Esou eng Party ass mäin Hawai!

Do päifs de op d’ganz Karibik lo,

Well dann nach Kotlett a Mettwurscht,

Dat ass d’Copacabana nach derbei.

 

 

D’Gréidi geet de Moschter huelen,

D’Bom, déi huet schonn d’Wuppen an d’Wipp an der Zaang.

An den Néckel bléist an d’Kuelen,

Mä e schweesst a flucht, well e bléist scho wéi laang.

Ei, elo gëtt gläich gejickt!

D’Maus, dat gouf zwar schonn an d’Ham gepickt,

Mä ’t ass eng Freed, ewell de Bop, dee steet

Nach ëmmer hanne beim Béier do an hickt.

 

Refrain:

Adio, adio, Mexiko,

De Grill an d’Schierteg si mäin Hawai!

Do päifs de op d’ganz Karibik lo,

A kréi’ mer d’Kuelen un d’Brennen,

Dat ass d’Copacabana nach derbei.

 

 

Endlech fänkt et u mat dämpen,

Alles rifft lo Hipp-hipp-hurra bei dem Grill.

Fir all Kätti, Klos a Jempen

Ass dat hei dat grousst Schickeria-Gefill.

Richt et och net sou apaart,

Sëtze mir och wackleg, kromm an haart,

Mä wat o jee, fir déi ganz Haute-Volée,

Dat ass fir eis bei dem Gréidi hei am Gaart.

 

Refrain:

Adio, adio, Mexiko,

Dee klenge Mann brauch och säin Hawai!

Do päifs de op d’ganz Karibik lo,

An dann nach Kotlett a Mettwurscht,

Dat ass d’Copacabana nach derbei.

An dann nach Kotlett a Mettwurscht,

Dat ass d’Copacabana nach derbei.

 

 

2005 - Bartrenger SCHAUWEBUERGEREIEN