MÄI LÉIWE KNËFF !

(Melodie: "Unchain my heart" / Ray Charles / Joe Cocker)

 

(Vun energeschen Hausfrae gesongen)

 

 

Mäi léiwe Knëff,

du,

Grand Premier Cru –

Les jeux sont faits

an

Rien ne va plus!

 

Mäi léiwen Här, ech hunn ës déck sat,

Däi Wirsch, dat spréngt elo net méi am Quadrat.

Do sëtzt een owes d’Schlappe bei d’Viischtdier,

Leet d’Bull an d’Bett an zappt him och nach d’Schmier –

Mäi léiwen Här – egal wat!

 

Mäi léiwe Knëff, nu sief dach mol weis:

Wat heescht hei Stress a Carrière a Midlife-Crise?

All décke Macho kritt elo seng Wichs,

Komm, Fissi, komm, mir riichten dir den Dicks!

Mäi léiwe Knëff – klibbert eis!

 

Jo, mir Frae sinn

Nach gedëlleg derbei,

Mä eemol, gare la Minn,

Da soe mir iech: HEI !  

(schloen an den Ielbou, Geste vum: Maach dech fort!)

 

Mäi léiwe Här, Emanzipatioun,

De Féminin, dee mécht lo Revolutioun.

Nu haalt iech kleng, ewell hei komme mir

A sidd dir aner och e Stéckelche vir -

(weise mat de Fangeren déi puer Zentimeter)

Mäi léiwen Här ... net déi Boun!

 

Zopp, Wäschen a Spull,

Dat wor mol, 't deet eis leed.

Mä Boy, elo kënnt d’Rull,

(huelen eng Deegrull)

Lo gëtt et Knuppefreed!

 

Mäi léiwe Borscht, Emanzipatioun

De Féminin, dee mécht lo Revolutioun.

All décke Macho kritt elo seng Wichs,

Komm, Fissi, komm, mir riichten dir den Dicks!

Du klenge Knëff – kleng Portioun ...

Du klenge Knëff – kleng Portioun ...

Kleng Portioun ...

 

 

(1994)