„Ein Ferienerlebnis“ vum Cläre Hepner - ("Lesebuch für das fünfte und sechste Schuljahr"/ Ministère de l'Éducation Nationale, Luxembourg, 1969)  - fräi op Lëtzebuergesch iwwersat

ENG VAKANZ EWÉI KENG ANER

 

 

D’Elteren hate mat dem Fred an dem Nadia ofgemat, dass déi zwee dëst Joer eng Woch bei d’Tatta Helène an d’Vakanz goe sollen. D’Tatta Helène, ëmmer e wéineg ängschtlesch, awer eng häerzensgutt Fra, déi mega lecker Paangecher maache kann, wunnt an engem zimlech ofgeleeënen Hais-chen um Land. Spillkomerode si keng an der Géigend. Mä et gëtt Wisen a Felder, eng Baach mat Kauzekäpp an e grousse Bësch mat allerlee Déieren - a fir all Fäll hu se jo de „Rappi“ bei sech, dee klengen Terrier mat de klugen, schwaarzen Aen, déi alles gesinn, alles verstinn, ouni deen d’Kanner net liewe kéinten. Net heiheem a scho guer net an der Vakanz. „Rappi“, seet d’Tatta Helene, „wat ass dat e gräisslechen Numm!“

„Jo, du muss verstoen, Tatta“, erkläert d’Nadia, „dat éischt, wat e gemat huet, wéi e bei eis koum: en huet mer mäin T-Shirt zerrappt, an nëmmen aus Jalousie, well ech mat eiser Kaz, dem Schnurri, eng Véierelstonn méi laang gespillt hunn ewéi mat him. A wat en dunn nach alles fir ze zerrappen néideg fonnt huet: Schlappen, Täppecher, Decken, dat léisst sech guer net opzielen. Awer haut, haut mécht en dat net méi, haut ass et dee léifsten, klugsten, treiesten Hond op der Welt.“

De Rappi huet geschmeechelt nogelauschtert, dunn awer billt en a spréngt voller Begeeschterung an d’Luucht, well de Fred huet seng Kap geholl an dat heescht: fort an d’Welt op eng Rees no neien Entdeckungen!

„Sidd nees zur Zäit hei fir d’Iessen“, rifft d’Tatta Helène hinnen nach no. An dass der iech jo net verlaaft!“

Fir d’éischt geet et emol iwwert d’Landstrooss. Mä Landstroosse si schrecklech langweileg, also ofgebéit an d’Felder; eng Heck mat Päerdsbier gëtt entdeckt, zwar nach net ganz zeideg a grujeleg sauer, mä trotzdeem mat Äifer gepléckt a mat Genoss giess. De Rappi ass ëmmer an iwwerall op der Juegd, bal rennt en hannert engem Kueb hier, bal huet en d’Nues an engem Mauslach. Du ginn se eriwwer an d’Wiss mat där klenger Baach, iwwert déi een dausend Mol ouni Ulaf sprange kann, bis de Fred op seng Auer kuckt, déi ni richteg geet, a seet, no dem Honger, deen hien hätt, misst et gläich Mëtteg sinn.

„O Fred komm, mer ginn nach e Stéckelche weider“, souert d’Nadia. „Bis bei de Bësch. Villäicht fanne mer do Champignonen oder entdecke soss eppes Interessantes.“

,Sou mécht et dat ëmmer, eist Nadia, denkt de Fred, ëmmer muss et nach e Stéckelche weider goen. Einfach aus Virwëtz.' Mä hie gëtt no, och ewéi ëmmer, a beim Dännebësch wëllt d’Nadia sech grad an d’Moos niddersetzen, wéi se komesch Geräischer héieren: Männerstëmmen, Schrëtt duerch ofgebrachen Äscht an, esou géif ee soen, Eisestaangen, mat deene gekämpft gëtt.

Tëscht den Dänne kommen elo zwee Männer zum Virschäin. D’Nadia peekt erféiert dem Fred säin Aarm an déi zwee glotze mat groussen Aen déi drolech Kärelen un: Männer, héich gewuess, an donkle Liederjacketten, Pistoulen am Rimm, Schwerter op der Säit. Si dréien de Kanner de Réck a kucken de Feldwee erop an erof.

„Der Däiwel, et geet op zwielef Auer lass, mir haten déi Krappech fir eelef bestallt, mä si weise sech net. 't ass fir ze baschten, mat deem Geschéck verpasse mer déi beschte Beliichtung.“

D’Nadia huet de Fred nach ëmmer beim Aarm, an dee steet do wéi ugewuerzelt. Dreemen se oder sinn se hei an e verzauberte Bësch geroden?

Elo dréint ee vun de Männer sech ëm a gesäit d’Kanner.

„Hey! Neumann, kuck emol do! Dat sinn zwar net déi bestallten, mä déi hei wieren ower och ze gebrauchen, oder?“

„Jo. E Bouf an e Meedchen, grad wéi et soll sinn.“

A scho stinn déi zwee Drolecher bei hinnen, deenen d’Häerz bis an den Hals erop klappt.

„Hutt der Loscht eppes Klenges ze verdéngen, Kanner?“, freet deen ee ganz fein a roueg. „'t geschitt iech och net dat Geréngst, dir braucht nëmmen dat ze maachen, wat der gesot kritt. Kommt, mir huelen iech gläich mat.“

D’Nadia kuckt heemlech no dem Rappi, mä deen ass enéierens ze gesinn. Fort. Verschwonnen. Oder - och verzaubert. Ewéi dee ganze Bësch. Härgott, wat soll dat blouss hei heeschen? Géifen se éiere gefaange geholl ginn? A si kéinte ni méi der Tatta Helène hir gutt Paangecher iessen?

De Fred ass ganz bleech am Gesiicht a seet kee Wuert. Ëmmer an éiweg kréien se un d’Häerz geluecht: Ni vun engem Friemen eppes ofhuelen! Ni bei Friemer an den Auto klammen! Ni mat Frieme matgoen! An elo hei? Hu se net besser einfach fortzelafen? Esou séier ewéi méiglech heem bei d’Tatta Helène? Mä déi zwee Männer huelen se einfach mat der Hand a féieren se e Stéckelche méi déif an de Bësch eran, bei eng Lichtung, déi wéi e richtegt Krichslager ausgesäit. Vill Männer, déi d’selwecht wéi déi zwee ugedoe sinn, lafe ronderëm, hantéiere mat Pistoulen, laachen an deedegen hiert meescht an hiert Bescht. E ganz distinguéierte Monsieur, fei gekleet a mat laange Fiederen um Hutt, steet bei engem Päerd, dat och flott gerëscht ass – bal esou feierlech ewéi d‘Päerd vun enger richteger Kinnekskutsch. Tëscht dräi Zelter mat elauter geheimnisvollen techneschen Apparate lafen och nach e puer Leit, déi awer normal gekleet sinn, net als Raiber oder soss als Krichsmänner, mä esou wéi een haut ebe gekleet ass, an alleguerte matenee maachen se en onméigleche Spektakel.

„Ritter an aner Zaldoten aus dem Mëttelalter“, seet de Fred elo lues zum Nadia, mä dat héiert e guer net, esou ziddert et vun Angscht. Dogéint huet ee vun de Männer et matkritt, e laacht a klappt dem Fred op d’Schëller: „Ganz richteg, mäi Jong, du hues et erfaasst: Ritter aus dem Mëttelalter. Madame Meyer!“, rifft en dann. „Maacht d‘Kanner hei fäerdeg. Mer fuere gläich duer.“

Elo fänkt d’Nadia richteg ze kräischen un. Wat ëm Himmels Wëllen hu se mat hinne vir?

„Meedchen, du wäers dach elo net pinschen”, seet déi frëndlech al Fra. „Du verdéngs e schéine Batz Geld an hues nach Freed derbei, well et ass dach witzeg beim Film. Emol eng Kéier net esou langweileg ewéi all Dag an der Vakanz.

Film! – De Fred otemt op, e fänkt elo un ze kappéieren.

„Ah, sou ass déi ganz Affär. Cool!“, seet en a kann nëmme staunen.

„Jo, esou ass déi ganz Affär. Cool!“, laacht déi al Madame. „Mä komm, elo hu mer keng Zäit méi fir ze kräischen, de Won, dee waart nämlech schonn.” Se mussen huerteg Hiem a Pullover ausdoen an da gi se allebéid a Kleeder gestach wéi déi besser Leit der am Mëttelalter haten, alles aus renger Seid a mat groussaartege Spëtzen drun. An du kënnt och schonn en Här erbäigelaf, dee wéi et schéngt vill beschäftegt ass, well e schweesst an huet d’Äerm vu sengem Hiem eropgekrempelt. Ouni e Wuert ze soen hëlt en d’Nadia an de Fred bei der Hand a féiert se op e schmuele Bëschwee.

Do steet – et ass ewéi an engem Dram – eng grouss almoudesch Reeskutsch, virdru si véier Päerd gespaant an op dem Bock sëtzt en décke Kutscher mat engem dräieckegen Hutt a mat gëllene Knäpp u sengem Kutschermantel. Hannen an der Kutsch sëtzt eng schéin, räich Madame mat seidenem Kleed an den Hals voller Ketten a Bijouen. Si laacht de Kanner, wénkt hinne frëndlech Bonjour mat dem Kapp a seet:

„Aha, dir sidd déi zwee, déi zu mer gehéieren. Flott. Majo, da kann et elo lassgoen.“

„Dat ass also är Mamm“, seet de Mann mat dem eropgekrempelten Hiem, „an dir, dir gitt elo gläich hei aus der Kutsch gerappt a vu wëlle Männer entfouert. Maacht nëmmen alles esou natierlech wéi der kënnt, da wäert et scho klappen.“ Da setzt en d’Nadia an de Fred riets a lénks vun där schéiner Madame, déi direkt déi zwee Äerm ëm d’Kanner leet, fir hinnen e wéineg Courage ze maachen. Elo mierkt de Fred eréischt, dass hannert hinnen nach méi eng eeler Fra sëtzt, déi eng wäiss Hauf um Kapp huet, streng drakuckt a mat béiden Hänn op dem Schouss eng kleng Këschtche festhält, wéi wann se voller Gold an Edelsteng wier.

Sou sëtzen se dann all gespaant do a gläich drop geet och schonns eng Päif. Déi véier Päerd zéien un, déi schéi Madame mat de Ketten a Bijoue laacht zefridden an d’Kanner fille sech ëmmer méi wuel. 't ass dach witzeg beim Film, sot déi frëndlech al Madame Meyer jo elo éinscht … an domat hat se recht.

Awer net méi laang.

Well op eemol brëllt eng haart Kommandostëmm aus dem Bësch an déi wëll Kärelen, déi virdrun op der Lichtung stongen, kommen erausgejauft, se di Kreesch a fuchtele wéi klorrose mat hire Waffe ronderëm sech. Pistouleknäll a Polferdamp! De Kutscher fält ewéi e Sak Grompere vu sengem Bock, d’Päerd strecken déi viischt Been an d’Luucht, déi schéi Madame spréngt op a werft d’Äerm voller Verzweiflung an den Himmel, wéi wann se géif bieden. Déi Fra hannendrun, déi esou streng dragekuckt hat, gëtt mat hirer Këschtche Gold an Edelstäng erausgezunn a fortgeschleeft. Ee vun de Kärele kroopt sech d’Nadia sturrazeg beim Aarm, dat elo vu Schreck jäizt a wéi un engem Spiiss hin an hier zappelt. En anere Raiber wëllt de Fred aus der Kutsch rappen, awer do kënnt e schlecht un. Jong, awer net mat mir, denkt de Fred. Film an alles Witzeges si vergiess, hei heescht et elo sech wieren, an e boxt deem Kärel eng säfteg mat der Fauscht op d’Nues, wourop dee just nach tuddele kann: „So … so Männi … bass de … bass de jaus?“

An hei, op eemol ass och de Rappi nees do, e billt ewéi verréckt, bäisst de Raiberen an d’Boxebeen a kritt vun hinnen e Fouss hannebäi, dass e quiitscht a sech ënnert d’Kutsch ver-kraucht.

Elo geet d’Päif dann nees, wéi virdrun, an am selwechte Moment ass alles friddlech a gemittlech. Den doudege Kutscher steet op, déi schéi Madame hëlt eng Kéiseschmier aus der Täsch an d’Raibere mat hiren zerbassene Boxen fänke sech eng Zigarett un. Dee beschäftegten Här mat dem eropgekrempelten Hiem rennt hin an hier, schweesst nach eemol wéi déi aner Kéier a rifft: „Fäerdeg fir haut. E schéine Merci a bis muer.“

Fäerdeg fir haut …? E schéine Merci a bis muer …? An tatsächlech, do sti jo iwwerall och Kameraen a Mikroen! Déi haten d’Kanner vun elauter Opreegung virdrun guer net gesinn. Mä elo kommen se op eemol zou sech, elo fänken se un d’Saach ze schnallen. O mamma mia, wéi hu se sech beholl! D’Nadia schummt sech bis an den Äerdbuedem eran, et war dach alles nëmme Spill, alles nëmme Film, a wéi huet hatt sech opgefouert, gezappelt a gebierelt!

De Fred awer geet direkt bei dee Mann, deem e bal mat der Fauscht d’Nues aus dem Gesiicht geschloen hat, a seet:

„Verzeit mer, wannechgelift! D‘Hand war mer ausgerëtscht. Et deet mer leed.“

De Mann laacht: „Also, boxe kanns de net schlecht. E richtege Profi. Mä dat kann am Äifer mol virkommen. Och beim Film.“

Elo ass och déi frëndlech Madame Meyer nees op der Plaz, hëlleft hinnen aus de schicke Filmkleeder eraus an nees an hiert normaalt Gezei eran. Wärend si nach de Geck mat deem enge Raiber senger déck geschwollener Nues mécht, kënnt den Här „Regisseur“, wéi se dee mat dem eropgekrempelten Hiem nennen, an dréckt jiddwerengem vun de Kanner e 50-Euroschäin an d’Hand.

„Hutt är Saach gutt gemaach, dir zwee, an eis schéin aus der Patsch gehollef, wou mer bal ouni Kanner hätte misse spillen“, seet en, an zum Nadia hannendrop nach extra: „Äddi, kleng Diva!“ a pëtzt him en Aan zou.

Déi al Fra laacht iwwert d’Kanner, déi ganz iwwerrascht mat dem Geld an der Hand do stinn a bal net verstoe kënnen, wéisou se op eemol esou räich goufen. 50 Euro fir eng kleng Kläpperei? Pas mal!, denkt de Fred a stécht de Fofzeger an.

„Elo maacht awer, dass der schnell heemkommt, d’Mamm wäert schonn op iech waarden!“, seet d’Madame Meyer. An hei, do ass och elo de Rappi nees opgedaucht a rennt op dräi Bee viraus, esou séier et ebe geet, wann ee mat deem véierten engem Raiber an de Wee komm war.

„Du“, seet d’Nadia iwwert dem Lafen, „wat heescht dat eigentlech ,kleng Düüüva‘ ?“

„Dat heescht ,Diiiva‘, net ,Düüüva‘“, erkläert de Fred. „Esou nennt ee berüümte Filmschauspillerinnen. Mä bild der ower näischt drop an, de Mann huet dat nëmmen am Geck gesot.“

D’Nadia bleift stoen, werft d’Äerm an d’Luucht, wéi et dat bei där schéiner Madame aus der Kutsch gesinn hat, a seet: „Ech ginn eng Diva, verlooss dech drop. Eng Diva, déi op der ganzer Welt bekannt ass a Milliounen Dollare verdéngt.“

Wéi se endlech bei deem klenge Landhaischen ukommen, steet d’Tatta Helène ganz opgereegt virun der Dier:

„O Gott am Himmel, wou sidd der nëmmen esou laang bliwwen? Ech si bal vun Angscht gestuerwen.“

Dunn erzielen se alles duercherneen, ee méi séier wéi deen aneren, sou dass d’Tatta Helène Aan a Mond ëmmer méi grouss opräisst, mä näischt, awer och guer näischt versteet.

„Stell der vir, Tatta, mir sinn am Bësch vu Ritter iwwerfall ginn. Där richteg Wëller, mat Pistoulen a Schwerter am Rimm."

„Ech hu gebrëllt, gebierelt a gezappelt ewéi um Spiiss.“

„An ech hunn engem vun de Raiber d‘Nues bluddeg a platt geschloen.“

„An duerfir huet jiddweree vun eis 50 Euro kritt. Hei kuck.“

D’Tatta Helène steet do, gëtt ëmmer méi wäiss am Gesiicht a kënnt natierlech net no. Beim Iesse kritt se dunn déi ganz Geschicht der Rei no erzielt, esou wéi et wierklech war. Iwwerdeems stéisst d’Nadia de Fred an d’Säit a seet:

„So, fir richteg hätt de Rappi och misse 50 Euro kréien, sou flott e matgespillt huet, oder net?“

An am Fong geholl huet et emol guer net esou onrecht …

Dat fënnt d’Tatta herno och, wéi se alles héieren hat.

 

 

(2021)