Et kennt een et jo vun urale Geeschterschlässer, wann et owes däischter gëtt: um zwielef Auer fält op eemol am Keller e Steen aus där décker Mauer, an uewenop kréckelen d’Träppleker vun der hëlzener Trap, obschonn dass scho säit méi ewéi honnert Joer kee Mënsch méi do wunnt - a kee Wonner och, well all nuets fänkt am Kamäin d’Feier vu selwer u mat brennen, an am Schaf schloen d’Bicher sech vun eleng op a liesen de Spawecke ronderëmmer Grujelgeschichten vir …
Mä komm, nu fänk net gläich u mat zidderen. Et wor nach ni een derbei, wann e Steen aus der Mauer gefall ass oder wann d’Trap gekréckelt huet - neen, dat hei sinn nëmmen där topeger Märercher, fir dass d’Schuddere sech schudderen an d’Gänsehaut engem de Réck erofleeft.
Mä bei mir ass et nach vill méi grujeleg ewéi op esou enger Gespensterbuerg. Neen, net mat Feier am Kamäin oder Bicher tëscht de Spawecken, neen, mä ech, ech versichen elo scho wéi laang virun enger klenger rouder Luucht fortzelafen. Et ass fir niewent de Kapp ze geroden. Esou eng schappeg kleng rout Luucht an du gëss se einfach net lass. Wou ech hi ginn a wou ech hi kucken, wat ech opmaachen oder wat ech op d’Säit réckelen - iwwerall liicht et mer aus iergendengem Eck entgéint. Hei, ech erwächen nuets a kucken an d’Däischtert eran, dann ass dat Däischtert net däischter, mä iergendzwousch am Däischtere liicht et rout. Ech zéie mer d’Decken iwwert de Kapp, ech maachen d’Aen nees zou, an et liicht ower nach weider … Ech weess net, ob et eng Luucht ass, well et flackert scho méi ewéi eng Flam. Mä iwwerlee, eng Flam kann et och net sinn, also ass et éischter esou e roude Schiet. Mä wou kann iergendeppes e Schiet werfen, wann s de am Däischtere läis an dann och nach ënnert der Decken d’Aan zou hues? Ech soe jo: ‘t ass onméiglech an ower ass et esou. Gleef mer et, Jong, well ech spannen dach net.
An am Dag geet et mer d’selwecht. Iwwerall an un engem Stéck. Maachen ech an der Schoul meng Schachtel op - déi rout Luucht! Dréien ech doheem de Waasserkrunn op - déi rout Luucht! Esouguer wann ech an d’Schong eraklammen oder wann ech heemlech am Schaf no Schockela sichen - ëmmer ass déi rout Luucht hannert mer hier … An esou hunn ech trotzdem schonn heiansdo bei mer geduecht: So, hues de se nach all? Ticks de nach richteg?
An eemol hat ech es ower sat. Du hunn ech d’Äerm ganz rosen eropgestrëppt a poulriicht an déi Luucht eragekuckt: „So, lauschter emol, wat wëlls du nëmme vu mir?“
„Ech?, sot dee roude Schiet ganz onschëlleg, mä ech sinn ëmmer bei der.“
„Jo jo, dat gesinn ech. Ech hu jo keng mat der Pan. Mä wee bass du dann iwwerhaapt?“
„Ech?, sot dee roude Schiet nees ganz onschëlleg, ech sinn deng Erënnerung. Egal wat s de scho jee eemol am Liewen erlieft hues, dat ka kee Mënsch der ewech huelen. Dat bleift éiweg bei der. Se kënnen der deng Millioune klauen, si kënnen dech vu mir aus selwer mat klauen - mä wat erlieft ass, dat ass erlieft an an der Erënnerung gëtt et eben ëmmer nees nei lieweg.“
Ah bon, elo verstinn ech. Dat heescht, ech verstinn et net. Oder villäicht just e wéineg: egal wou s de bass a wat s de méchs, deng Erënnerung mellt sech ëmmer nees zu Wuert: Hee, ech sinn och nach do!, seet se. Erënners de dech net méi u mech? An da liicht et rout, hellgréng oder giel, ‘t ass Wurscht, du muss der just Zäit huelen, dech dohinner setzen an drakucken an da gesäis de villes, wann net esouguer alles, wat s de schonn erlieft hues. Dach, well d’Erënnerung ass ewéi e Spigel: du stees virdrun, mä du gesäis dech net nëmme selwer, ower nach dausend aner Saache ronderëm, déi guer net do sinn - just eben an denger Erënnerung.
Du gesäis dech, wéi s de deen éischten Dag an der Spillschoul am Haff ze kräische stongs,
du gesäis dech, wéi s de zu Koksijde um belsche Mier eng déck Schlupp Salzwaasser an de Mond krus,
du gesäis dech, wéi s de eemol Coiffeur gespillt hues an der vir an der Stir d’Hoer ewech-geschnidden has an dunn duerfs de net mat bei d’Tatta op de Camping fueren,
du gesäis dech, wéi s de um Mountain-Bike mat 180 à l’heure am Kräsi de Salto Mortale geschloen hues,
du gesäis dech, wéi s de eemol den David Copperfield wolls nomaachen, fir duerch eng Mauer ze goen an déi aner Säit erauszekommen - mä du koums net déi aner Säit eraus, duerfir has de ower de Brëll futti an d’Nues gebrach …
An ech gesi mech och nees mat deem karéierte Ball. En hondsgewéinlechen, karéierte Ball, an trotzdem e ganz speziellen. Dee wollt ech eemol dem Yannick schéissen. Sou wéi een eben e Ball dem Yannick schéisst. Mä du wor op eemol dem Noper seng Stuffefënster am Wee. O vreck, duecht ech bei mer, hoffentlech geet et laascht. Hoffentlech hëlt de Ball nach am leschte Moment eng Kéier - mä neen, schonns huet et gerabbelt … a fro net wéi! Fir d'éischt beim Noper an der Fënster an dunn owes bei eis doheem …
An ech hat scho laang net méi dru geduecht - op eemol hunn ech dee karéierte Ball nees am Keller erëmfonnt. Ech mengen, e koum mer esouguer vu selwer entgéint gerullt.
„O, du hues jo scho keng Loft méi! sot ech, du bass jo eng richteg Quetsch. Allez hopp, fort mat der!“ A scho louch en am Dreckskiwwel. Uewen op den Tuten. Mä nuets huet d’Loft geblosen, den Deckel flitt op, a mueres hat ech de Ball nees virun eiser Garage leien.
Du ginn ech bei eis hannert d’Haus a knuppe mat dem Fouss drënner, esou fest ewéi ech kann, dass en iwwert zwielef Gäert ewechflitt. Sou, deen ass fort! Mä daags drop schellt et un der Dier. Et wor de Bréifdréier, en hätt e karéierte Ball fonnt, an dat wier bestëmmt mäin. O neen! Ech sot zwar ganz héiflech Merci, mä du hat ech en nees erëm.
‘t ass fir ze baschten! Wat soll ech nëmme maachen? Ech ginn dee karéierte Ball einfach net lass.
Hei, ech hunn en esouguer eemol an d’Tombola vun eisem Schoulfest ginn.
Nummer 312, stong drop.
Herno kafen ech mer fënnef Lousen. Véiermol verluer an eemol gewonnen.
An och do stong Nummer 312 drop …
Elo wor ech sécher: dee Ball wollt bei mer bleiwen. Ech wor him bestëmmt sympathesch. Ech wor eppes ewéi säi Kolleeg. An iergendwéi hunn ech nees un déi rout Luucht geduecht, wéi se zu mer gesot huet: Wat s de eemol erlieft hues, dat ass erlieft an dat bleift an der Erënnerung e Liewe laang bei der, an du gëss et net lass …